Walisesch Deputéierter si besuergt , ewéi Idioten auszegesinn . Et besteet tëschent e puer Deputéierten wéinst engem Virschlag Betraffenheet , datt hiren Titel op Member vum Walisesche Parlament geännert soll sinn . Se ass wéinst Pläng entstanen , fir den Numm vun der Assemblée am Walisesche Parlament ze änneren . D ' Deputéierter uechter de politesche Spektrum si besuergt sech Spott auszesetzen . Een Deputéierte vun der Labour Partei war besuergt et géif op Twp an PwP reimen . Fir Lieser ausserhalb vu Wales : Op Walisesch bedeit twp domm a pwp Kaka . En Deputéierte vun der Plaid @-@ Partei sot , de Grupp als Ganzt wier " net glécklech " an huet Alternative virgeschloen . E walisesche Konservative sot , säi Grupp wier iwwer d " Ännerung vum Numm opgeschloss , huet awer uginn , datt MWP a Muppet net wäit vun enee géife leien . An dësem Kontext gëtt de walisesche Buschtaf " w " d ' selwecht wéi de Buschtaf " u " am Yorkshire @-@ Engleschen ausgeschwat . D ' Kommissioun vun der Assemblée , déi am Moment Gesetzer entwéckelt , fir d ' Ännerung vum Numm anzeféieren , sot : " Déi entgülteg Entscheedung iwwer d ' Benennung vun den Deputéierte läit natierlech bei den Deputéierte selwer " . D ' Regierung vum Wales Act 2017 huet der walisescher Assemblée d ' Muecht ginn , den Numm ze änneren . Am Juni huet d ' Kommissioun d ' Resultater vun enger ëffentlecher Reunioun iwwer de Virschlag verëffentlecht , déi vill Ënnerstëtzung krut . D ' Kommissioun huet " Membere vum Waliseschem Parlament " oder " WMPs " favoriséiert , awer d ' MWP @-@ Optioun krut méi Ënnerstëtzung an enger ëffentlecher Reunioun ëm d ' Fro iwwer den Titel vun den Deputéierten . D ' Deputéierter schloen anscheinend aner Optioune vir , awer de Kampf fir e Konsens ze erreechen , ka Kappwéi verursaache fir de virsëtzende Fonktionär , Elin Jones , vun deem erwaart gëtt , de Gesetzesentworf iwwer d ' Ännerunge bannent zwou Wochen anzereechen . D ' Gesetzgebung iwwer d ' Reforme ëmfaassen aner Ännerungen , beispillsweis ewéi d ' Assemblée funktionéiert , och Regelen iwwer d ' Disqualifikatioun vun den Deputéierten an den Entworf vum Comitésystem . D ' Deputéierte kréien dat lescht Wuert iwwer d ' Fro , wéi se genannt solle ginn , wann se d ' Gesetzgebung diskutéieren . Mazedonier gi wiele fir de Referendum ëm d ' Ännere vum Numm vum Land . D ' Wieler ginn e Sonndeg wielen , ob den Numm vum Land op " Republik vun Nordmazedonien " geännert soll ginn . De populäre Vott gouf an enger Propose opgestallt , fir e joerzéngte laange Sträit mam Noper Griichenland ze léisen , dat seng eege Provënz huet , déi Mazedonien heescht . Athen huet laang behaapt , datt den Numm vu sengem nërdlechen Noper en Usproch op hiren Territoire duerstellt an huet ëmmer erëm géint hir Bäitrëttsversich fir d ' EU an Nato gestëmmt . De mazedonesche President Gjorge Ivanov , e Géigner vum Vott iwwer d ' Ännerung vum Numm , huet gesot hien wëll de Vott net unerkennen . Allerdéngs behaapten Unhänger vum Referendum , dorënner de Premier Zoran Zaev , datt d ' Ännerung vum Numm de Präis ass , deen ze bezuelen ass , fir der EU an der NATO bätrieden ze kënnen . D ' Klacke vun der St.-Martin @-@ Kierch sinn esou roueg ewéi d ' Kierche während dem Harlem @-@ Kampf " Fréier soten déi eeler Leit , datt et op all Eck e Café an eng Kierch gouf " , sot den Här Adams . " Haut gëtt et dovunner näischt méi " . Hie sot , d ' Verschwanne vu Caféë war verständlech . " D ' Leit sozialiséieren haut anescht " , sot hien . " D ' Caféë si keng nopesch Stuffen méi wou d ' Leit regelméisseg higinn " . Ewéi fir d ' Kierchen , mécht hie sech Suergen , datt d ' Sue vum Verkaf vu Verméigenswäerter net esou laang duerginn , ewéi sech dat déi Responsabel virstellen , " a fréier oder spéider si se erëm do wou se ugefaangen hunn " . Kierchen , huet hie bäigefüügt , kéinten ersat ginn duerch Appartementshaiser mat Eegentumswunnenge a gefëllt gi mat Leit , déi de verbliwwene Schutzgebidder an der Noperschaft net hëllefen . " Déi iwwerwältegend Majoritéit vun de Leit , déi Eegentumswunnengen an dëse Gebaier kafen , si wäiss " , sot hien , " a wëllen dofir séier dës Kierchen zoumaachen , well et onwahrscheinlech ass , datt déi meescht vun dëse Leit Member vun dëse Kierche ginn . Béid Kierche goufe vu wäisse Communautéite gebaut , éier Harlem eng schwaarz Haaptstad ginn ass - Metropolitan Community am Joer 1870 , St.Martin ' s e Joerzéngt méi spéit . Déi ursprénglech wäiss Methodistesch Communautéit ass an den 1930er Jore geplënnert . Eng schwaarz Communautéit vun net wäit ewech huet d ' Gebai iwwerholl . St. Martin ' s ass vun enger schwaarzer Communautéit ënnert dem Rev. John Howard Johnson iwwerholl ginn , deen e Boykott vun Händler op der 125th Street geleet huet , eng Haaptstrooss fir den Handel zu Harlem , déi keng Schwaarzer wollten astellen . Duerch e Brand 1939 gouf d ' Gebai schwéier beschiedegt , ma wéi d ' Membere vun dem Pater Johnson senger Communautéit Pläng fir d ' Rekonstruktioun gemaach hunn , hu si d ' Klackespill bestallt . De Rev. David Johnson , dem Pater Johnson säi Bouf an Nofolger vun der St. Martin ' s , huet d ' Klackespill houfreg " D ' Klacke vun den Aarmen " genannt " . Den Expert , deen d ' Klackespill am Juli gespillt huet , huet et anescht genannt : " E kulturelle Schatz " an " en onersetzbaart historescht Instrument " D ' Expertin Tiffany Ng vun der Universitéit vu Michigan , huet och festgestallt , datt et dat éischt Klackespill vun der Welt war , dat vun engem schwaarze Museker , dem Dionisio A. Lind , dee virun 18 Joer op dat méi grousst Klackespill an der Riverside Church gewiesselt ass , gespillt ginn ass . Den Här Merriweather sot , datt St. Martin ' s hien net ersat huet . Wat sech zu St. Martin an de leschte Méint ofgespillt huet , war eng komplizéiert Geschicht vun Architekten an Entrepreneuren , e puer goufe vun de Laieverantwortlechen agefouert , aner vun der Bëschofsdiözes . D ' Sakristei - der Por hiert Féierungsorgan , mat Laieresponsabelen - huet am Juli d ' Diözes ugeschriwwen , mat der Suerg datt d ' Diözes " versiche géif , d ' Käschten un d ' Sakristei weiderzeginn " , obwuel d ' Sakristei net beim Astelle vun den Architekten an Entrepreneuren , déi d ' Diözes geschéckt huet , involvéiert war . E puer Paschtouer hunn iwwer e Mangel un Transparenz vu Säiten der Diözese geklot . Hai verletzt 13 @-@ järege beim Hummerdauchen a Kalifornien . En Hai huet en 13 järege Jong um Samschdeg , wéi hien no Hummer a Kalifornien dauche war , attackéiert a blesséiert , dat um Dag vun der Ouverture vun der Hummersaison , esou d ' Beamten . D ' Attack ass kuerz viru 7 Auer moies geschitt , net wäit vum Beacon ' s Beach zu Encinitas . Den Chad Hammel huet dem KSWB @-@ TV zu San Diego erzielt , datt hien e Samschdeg de Moien zanter enger halwer Stonn mat Frënn um Dauchen war , wéi hien de Jong ëm Hëllef ruffen héieren huet an ass du mat enger Grupp Leit eriwwergepaddelt , fir hien aus dem Waasser ze zéien . Den Hammel sot , hien hätt am Ufank geduecht , et wier einfach d ' Freed , en Hummer gefaangen ze hunn , huet dunn awer " realiséiert , datt hien " Ech gouf gebass ! " gejaut huet " Ech si gebass ginn ! " Säi ganzt Schlësselbeen war opgerappt " , huet den Hammel bemierkt , wéi hie beim Jong ukomm ass . " Ech hu jiddwereen ugejaut , datt se aus dem Waasser solle goen : Do ass en Hai am Waasser ! " huet den Hammel bäigefüügt . De Jong gouf an d ' Rady Children ' s Hospital zu San Diego geflunn , wou hien a kriteschem Zoustand ageliwwert ginn ass . D ' Aart vum Hai , deen attackéiert huet , ass onbekannt . De Schwammmeeschter Capt. Larry Giles huet op enger Pressekonferenz gesot , datt en Hai e puer Woche virdrun gesi gi gouf , mä dëse gouf als net geféierlech Haiaart ugesinn . De Giles huet och nach gesot , datt d ' Affer un traumatesche Verletzungen um Uewerkierper leit . D ' Beamten hunn den Zougang zum Strand vu Ponto Beach zu Casabland bis Swami ' s zu Ecinitas fir 48 Stonne fir Ermëttlungen an aus Sécherheetszwecker zougemaach . De Giles huet betount , datt et an der Géigend méi ewéi 135 Haifëscharten ginn , déi meescht dovun ginn awer als net geféierlech ugesinn . Sainsbury ' s klëmmt an de Schéinheetsmaart vu Groussbritannien eran . Sainsbury ' s hëlt Boots , Superdrug an Debenhams un , mat Beauty @-@ Departementer am Kafhaus @-@ Stil mat spezialiséierten Assistenten . Als Deel vun engem wesentlechen Erklammen an de britesche Schéinheetsmaart vun £ 2.8 Milliarden , dee stänneg weider wisst , während d ' Moud an d ' Hauswueren zeréckginn , wäerten dës méi grouss Beauty @-@ Departementer an 11 Geschäfter am ganze Land , an d ' nächst Joer a weidere Geschäfter wann se Erfolleg hunn . D ' Supermarchéen investéieren an d ' Schéinheet , well se d ' Regaler opfëlle wëllen , déi soss fir d ' Tëleeën , d ' Mikrowellen an aner Hauswuere reservéiert waren . Sainsbury ' s huet gesot , si géifen d ' Gréisst vu senger Beauty @-@ Offer bis op 3.000 Produite mat ënner anerem fir d " éischte Kéier mat Marke Revlon , Essie , Tweezerman an Dr. PawPaw . D ' Assortimenter vu L ' Oreal , Maybelline a Burt ' s Bees , déi et aktuelle scho ginn , wäerten och méi Plaz mat exclusive Markeberäicher , ähnlech wéi an de Boots @-@ Geschäfter , kréien . De Supermarché lancéiert och erëm seng Boutique @-@ Schmink @-@ Gamme , esou datt d ' Majoritéit vun den Produite vegan @-@ frëndlech sinn , wat ëmmer méi vun de jonke Verbraucher verlaangt gëtt . De Parfumhändler The Fragrance Shop wäert Konzessiounen an zwee Sainsbury ' s @-@ Geschäfter testen , woubäi deen éischten d ' lescht Woch zu Croydon , am Süde vu London , opgemaach huet an déi zweet zu Selly Oak , Birmingham , méi spéit dëst Joer opmécht Online akafen a kleng Quantitéit vun alldeegleche Liewensmëttel a klenge Geschäfter kafen bedeit , datt d ' Supermarchéë méi Efforte musse maachen , fir datt Leit bei si akafe kommen . De Mike Coupe , de Gerant vun Sainsbury ' s , sot , datt d ' Outlets ëmmer méi wärte wéi Kaufhaus @-@ Geschäfter ausgesinn , well d ' Supermarchéskette probéiertmat méi Servicen an Non @-@ Food @-@ Produite géint d ' Discounter Aldi a Lidl ze kämpfen . ainsbury " huet Argos @-@ Ouletten an honnerte vu afteräfter opgemaach an och e puer Habitats @-@ Geschäfter zanter de Supermarché béid Kette virun zwee Joer kaf huet . Dëst huet de Verkaf vun de Liewensmëttel verstäerkt an d ' Aquisitioune méi rentabel gemaach . Dem Supermarché säi viregte Versuch , d ' Kosmetik- an d ' Apdiktsdepartement ze iwweraarbechten huet feelgeschloen . An de fréien 2000er Joer huet Sainsbury ' s eng Joint Venture mat Boots getest , d ' Kooperatioun war awer no engem Sträit iwwer d ' Deele vun den Einnahmen vun den Drogerien an den Supermarchéen séier eriwwer . Déi nei Strategie kënnt nodeems Sainsbury ' s seng 281Drogerien u Celesio , dem Besëtzer vun der Lloyds Pharmacy Chain , fir £ 125 Milliounen , virun dräi Joer verkaaft huet . Llodys sollt eng Roll am Plang spillen , andeems en eng vergréissert Gamme vu Luxus @-@ Hautfleeg @-@ Marken , ënner anerem La Roche @-@ Posay a Vichy , a véier Geschäfter aféiere soll . Paul Mills @-@ Hicks , kommerziellen Dirketer vu Sainsbury ' s , sot : " Mir hunn de Look an d ' Gefill vun eise Beauty @-@ Beräicher verännert , fir den Environnement fir eis Clienten ze verbesseren . Mir hunn och an speziell ausgebilte Mataarbechter investéiert , déi de Client gären ëm Rot froe kann . Eis Gamme vu Marken ass un all Besoin ugepasst . Duerch e frëndlechen Environnement a virdeelhaft Standuerter si mir elo eng attraktiv Beauty @-@ Destinatioun , déi déi al Manéierr vum Shopping an de Schiet stellt " . Peter Jones " schwäiwëll " iwwer en £ 11 @-@ Milliounen @-@ Deal , vum Holly Willoughby . De Peter Jones , de Star aus Dragons Den , ass " schwäiwëll " ginn , nodeems d ' Fernsehmoderatorin Holly Willoughby e Kontrakt vun iwwer £ 11 Millioune mat hirme Lifestyle @-@ Markegeschäft ofgeschloss huet , fir sech op hir nei Kontrakter mat Marks and Spencer an ITV ze konzentréieren . Willoughby huet keng Zäit fir hir Homewear- an Accessoirenmark Truly . Der Koppel hiert Geschäft gouf mam Gwyneth Paltrow senger Mark Goop verglach . D ' Moderatorin vun This Morning , 37 Joer al , huet op hirem Instagram @-@ Kont annoncéiert , datt si geet . Holly Willoughby huet de peter Jones , de Star aus Dragons Den , a leschter Minutt aus hirem lukrative Lifetsyle @-@ Marke @-@ Business verdrängt , fir sech op hir nei Kontrakter Marks & Spencer an ITV ze konzentréieren . Quelle soen , datt den Jones " schwäiwëll " war wéi den TV @-@ Star während engem ugespaanten Treffen en Dënsde am Haaptquartéier vun sengem Geschäftsimperium zu Marlow , Buckinghamshire , zouginn huet , datt hir nei Kontrakter - am Wäert vu bis zu £ 1.5 Milliounen - bedeiten , datt si keng Zäit méi fir hir Homewear- an Accessoirëmark Truly huet . D ' Entreprise gouf mam Gwyneth Paltrow senger Mark Goop verglach an hat dat geschate Verméige vu Willpughby vu £ 11 Milliounen verduebelt . Wéi Willoughby , 37 , op Instagram annoncéiert huet , datt si Truly verloosse géif , ass den Jones aus Groussbritannien geflunn an an eent vu senge Vakanzenhaiser gaangen . Eng Quell sot : " Truly war bei wäitem dem Holly seng Haaptprioritéit . Et wier hir laangfristeg Zukunft gewiecht , déi si duerch d ' nächst Joerhonnert begleede géif . Hir Entscheedung erauszeklammen huet all d ' betraffe Leit iwwerrascht . Kee konnt gleewen , wat um Dënsde geschitt ass , et war esou no beim Ufank . Am Haaptquartéier zu Marlow gëtt et e Lager mat Wueren , déi prett fir de Verkaf sinn . Experte meengen , datt d ' Verloosse vun der This @-@ Morining @-@ Moderatorin , déi eng vun de bankable Staren aus Groussbrittanien ass , der Firma Millioune kaschte kéint , well si vill a Produiten , vu Këssen a Käerze bis Kleeder an Homewear , investéiert , an et elo potenziell wieder verzögerunge fir de Start gëtt . An et kéint och d ' Enn vun enger laanger Frëndschaft bedeiten . Willoughby , Mamm vun dräi Kanner , an hire Mann den Dan Baldwin stoungen dem Jones an senger Fra Tara Capp zanter zéng Joer no . Willoughby huet Truly mam Capp 2016 op d ' Bee bruecht , an den Jones , 52 , ass am Mäerz als President erageklommen . D ' Koppele fueren zesummen an d ' Vakanz an den Jones ass mat 40 Prozent um Baldwin senger Fernsehproduktiounsfirma bedeelegt . Willoughby gëtt Markenambassadrice fir M & S an ersetzt d ' Ant McPartlin als Moderatorin vun I ' m A Celebrity op ITV . Eng Quell mat Informatiounen iwwer den Jones sot lescht Nuecht " Mir wäerte seng Geschäftsaffären net kommentéieren " . Schwéiert Gespréich an dann hu mir eis verléift . Hien huet den Witz gemaach iwwer d ' Kritik , déi hie vun den Medien géif kréie wéinst engem Kommentar , deen e puer Leit als " net presidentesch " géife betruechten , a well hien esou positive ass iwwer den nordkoreanesche President . Firwat huet de President Trump esou vill opginn ? Sot den Trump an senger gespillter " Fernsehmoderatorsstëmm " . " Ech hunn näischt opginn " . Hien huet festgestallt , datt de Kim un engem zweeten Treffen interesséiert ass , nodeems dat éischt Treffen zu Singapur am Juni vum Trump als grousse Schrëtt fir d ' Entnukleariséierung vun Nordkorea begréisst gouf . D ' Verhandlungen iwwer d ' Denukleariséierung kommen awer net virhunn . Méi wéi dräi Méint no dem Gipfeltreffen am Juni zu Singapur huet den nordkoreaneschen Top @-@ Diplomat Ri Yong Ho de féierende Politiker während der UN @-@ Generalversammlung e Samsde gesot , datt den Norden keng " entspriechend Äntwert " vun den USA U.S. zu déi fréier Ofrüstungsschrëtter vun Nordkorea gesäit . D ' USA géifen amplaz weiderfuere mat Sanktiounen , fir weider Drock ze maachen . Den Trump war vill méi optimistesch a senger Ried . " Mir fuere gutt mat Nordkorea " , sot hien . " Mir wiere mat Nordkorea an de Krich gaangen . Millioune Leit wieren ëmbruecht ginn . Elo hu mir dës super Relatioun " . Hien sot , datt seng Beméiungen , d ' Relatioune mam Kim ze verbesseren , zu positive Resultater geféiert hätt - keng Rakéitentester méi , d ' Hëllef fir Geiselen ze befreien an de Rapatriement vun amerikanesche Soldaten , déi am Kampf gefall sinn vu stierwlechen iwwerreschter Rakéiten Tester opgehal , fräien Geiselen gehollef an d ' Iwwerreschter vun amerikaneschen Zaldoten zréck Heem koum kruten . An hien huet seng ongewéinlech Aart a Weis wéi hien iwwer d ' Relatioune mam Kim schwätzt verteidegt . Et ass sou einfach , President ze sinn , mä anstatt 10.000 Persounen dobaussen , déi versichen an dës iwwerfëlten Arena ze kpmmen , hätte mir nëmmen 200 Persounen hei " , sot den Trump , andeems hien op d ' Leit direct virun him gewisen huet . En Tsunami an en Äerdbiewen an Indonesien verwüsten eng Insel , honnerte vu Leit stierwen . No dem Äerdbiewen zu Lombok , zum Beispill , kruten auslännesch ONGe gesot , si géifen net gebraucht . Och wa méi wéi 10 Prozent vun der Bevëlkerung vu Lombok delokaliséiert goufen , ass keng national Katastrof deklaréiert ginn , eng Viraussetzung fir d ' Katalyséierung vun der internationaler Hëllef . " A ville Fäll hu si leider ganz deitlech gemaach , datt si keng international Hëllef ufroen . Et handelt sech also ëm eng Erausfuerderung " , sot Ms. Sumbung . Während Save the Children en Team zesummestellt , fir op Palu ze reesen , ass et nach net sécher op auslännesch Personal op der Plaz kann schaffen . Den Här Sutopo , de Spriecher vun der nationale Katastrofeschutzadministratiyn , sot , datt indonesch Fonctionnairen d ' Situatioun zu palu bewäerte géifen , fir ze gesinn , ob international Agencë bei den Hëllefsmoossnahme partizipéiere kënnen . Am Bezug op déi konstant Äerdbiewen an Indonesien , bleift d ' Land leider net genuch virbereet op de Wëlle vun der Natur . Och wann Tsunami @-@ Schutzhütte zu Aceh gebaut goufen , ginn et der där net iwwerall op de Küsten . Den offensichtleche Manktem un enger Tsunami @-@ Warnung @-@ Sireen zu Palu , och wann et eng Warnung gouf , huet méiglecherweis vill Liewe kascht . D ' Reesen tëschent de verschiddenen indoneseschen Inselen ass oft eng Erausfuerderung . Naturkatastrophe maachen d ' Logistik nach méi komplizéiert . E Spidolsschëff , dat zu Lombok stationéiert war , fir Äerdbiewenaffer ze behandelen , mécht sech op de Wee op Palu , brauch awer op d ' mannst dräi Deeg fir d ' Plaz vum neien Ongléck ze erreechen . De President Joko Widodo huet d ' Verbesserung vun der futtisser indonesescher Infrastruktur zum Haaptthema vun senger Wahlkampagne gemaach a Sue fir d ' Stroossen an d ' Eisebunn gespent . Mä dem Här Joko seng Riegierung gouf och vun engem Manktem u Finanzéierung geplot , wou hien sech d ' nächst Joer erëm opsetzt . Den Här Joko ass och dem Drock vu parteiesche Spannungen an Indonesien ausgesat , wou d ' Membere vun der muslimescher Majoritéit eng méi konservativ Form vu Glaawen vertrieden . Iwwer 1.000 Leit goufen ëmbruecht an eng Zéngdausend aus hiren Haiser verdriwwen , wéi chrëstlesch a muslimesch Gruppen mat Messeren , Béi an Feiler an aner brutal Waffen op der Strooss gekämpft hunn . Kuck : Den Daniel Sturridge vun Liverpool vergläicht d ' Partie mat engem Ausgläich géint Chelsea Den Daniel Sturridge huet Liverpool mat engem Gol an der 89 . Minutt e Samsden am Stamford Bridge zu London géint en Defaite géint Chelsea an der Premier League gerett . Den Sturridge krut eng Pass vum Xherdan Shaqiri , wéi hien ongeféier 30 Meter virum Gol vun Chelsea war a seng Equipe 1 : 0 hanne loung . Hien huet de Ball mat sengem lénke Fouss ogeholl an a Richtung Gol geschoss . De Versuch ass héich iwwer d ' Këscht geflunn , a Richtung rietsen Eck vum Netz . De Ball ass iwwer e sprangenden Arrizabalaga geflunn an dunn an d ' Netz . " Et nëmmen drëm gaangen , fir an dës Positioun ze kommen , de Ball ze kréien a Spiller wéi de Shaq spillen ëmmer esou vill wéi méiglech no vir , also hunn ech versicht , mir esou vill Zäit wéi méiglech ze schafen " , sot de Sturridge op LiverpoolFC.com. " Ech hun den Kante gesi kommen an hunn en eemol touchéiert , an net doriwwer nogeduecht an einfach geschoss " . Chelsea war 1 @-@ 0 no der Paus vir duerch e Gol an der 25 . Minutt vum belsche Star Eden Hazard . De Blues @-@ Stiermer huet an dësem Spill eng Pass zréck op den Mateo Kovacic gemaach an dësem Spill , éier en Richtung an Liverpool Halschent gesprint ass . Den Kovavic huet eng séier Doppelpass am Mëttelfeld gemaach . Hien huet dunn e schéinen Ball duerchgeschoss , deen den Hazard an d ' Këscht geschéckt huet . Den Hazard leeft laanscht d ' Verteidegung an endegt um laangen Poto mat engem Lénksfouss @-@ Schoss ëm dem Liverpool sengem Alisson Becker . Liverpool spillt géint Napoli an der Gruppephase vun der Champions League um 15 : 00 Auer e Mëttwoch am Stadio San Paolo zu Neapel , Italien . Chelsea spillt géint Videoton an der UEFA Europa League um 15 : 00 Auer en Donneschden zu London . Doudeszuel vum Tsunami an Indonesien klëmmt op 832 . D ' Doudeszuel an Indonesien duerch d " Äerdbiewen an den Tsunami ass op 832 geklommen , wéi dem Land seng Katastrofenagence e Sonndeg e Moie gesot huet . Laut dem Spriecher vun der Agence , den Här Sutopo Purwo Nugroho , goufe vill Leit an den Trümmer vu gebaier agespaart , déi duerch d " Äerdbiewe vun enger Stäerkt vun 7,5 e Freiden zerstéiert hat , an dat Welle vu bis zu 20 Fouss héich ausgeléist huet . D ' Stad vu Palu , mat iwwer 380.000 Awunner , gouf mat Stëbs vun den zesummengefallene Gebaier iwwersät . D ' Police verhaft e Mann , 32 , wéinst Verdacht op Mord , nodeems eng Frau zu Doud gestach gouf . Eng Enquête fir Mord gouf agefouert , nodeems d ' Läich vun enger Frau zu zu Birkenhead , Merseyside , dëse Moie fonnt ginn ass . Déi 44 Joer al Fra ass de Moien ëm 7 : 55 mat Stachverletzunge bei Mews op der John Street fonnt ginn . En 32 Joer ale Mann gouf wéinst Verdacht op Mord verhaft . D ' Leit aus der Géigend , déi eppes gesinn oder héiere hunn , solle sech bei der Police mellen . De Policeinspekter Brian O ' Hagen sot : ' D ' Ermëttlung ass nach am Ufanksstadium , ma jiddereen , deen an der Géigend vun der John Street zu Birkenhead eppes Verdächteges gesinn oder héieren huet , soll eis kontaktéieren . Ech wenne mech och all aner Persoun , virun allem Taxichaufferen , déi op Dashcam @-@ Filmmaterial eppes opgeholl hunn , sech mat eis a Verbindung ze setzen , well si villäicht Informatiounen hunn , déi fir eis Enquëte wichteg kënne sinn . ' E Polizeispriecher huet bestätegt , datt Frau , deen hir Leich fonnt ginn ass , zu Birkenhead gewunnt huet an an engem Haus fonnt ginn ass . Dësen Nomëtten si Frënn , déi mengen , d ' Frau ze kennen , um Tatort ukomm fir Froen doriwwer ze stellen , wou si de Moie fonnt ginn ass . No der Police lafen d ' Ermëttlunge weider an si informéiert aner Familljememberen vum Affer . En Taxichauffer , deen zu Grayson Mews wunnt , wollt elo just zeréck a seng Wunneng goen , mä d ' Police huet him erkläert , datt am Moment keen d ' Gebai betrieden oder verloossen däerf . Hie war sprachlos , wéi hien entdeckt huet , wat geschitt ass . D ' Awunner kréien elo gesot , datt et Stonnen dauere kann , bis si erëm zeréck Heem dierfen . Et huet een héieren , datt e Polizist zu engem mann gesot huet , datt am Moment déi ganz Géigend als Tatort ugesi gëtt . Eng Fra ass an Tréinen op den Tatort komm . Si widderhëllt sech ëmmer erëm " et ass sou schrecklech " . Um 14 : 00 stoungen zwou Policecamionnette bannent der Ofsperrung an enger aner baussent der Ofsperrung . E puer Poliziste stouge bannent der Ofsperrung an hunn de Wunnquartier iwwerwaacht . Jiddereen , deen eng Informatioun huet , soll sech un @ MerPolCC wennen , den 101 uruffen oder anonym Crimestoppers kontaktéieren um 0800 555 111 Protokoll 247 vum 30 . September . D ' Cromwell @-@ Statue vum Parlament gëtt den neie Gedenkstee , dee vun der Serie " Geschicht neischreiwen " betraff ass . Seng Verbannung wier eng poetesch Gerechtegkeet fir d ' Zerstéierung vun esou ville kulturellen a reliéisen Artefakten an England duerch d ' fanatescj a puritanesch Unhänger vun den Talibanen . Awer d ' Cromwell Society beschreift dem Här Crick seng Suggestioun als " Onsënn " a " versuch , d ' Geschicht nei ze schreiwen " . Den John Goldmsith , President vun der Cromwell Society , sot : " An der Diskussioun iwwer d ' Ewechhuele vu Statue war et onvermeidlech , datt d ' Gestalt um Oliver Cromwell virum Palais vu Westminster zum Zil gouf . D ' Symbolik vun den engleschen Biergerkricher war ned vum Cromwell ordonnéiert an och net ausgeféiert ginn . Vläicht wier den falschen Cromwell fir d ' Aktiounen geaffert ginn vun sengem Virgänger Thomas am leschten Joerhonnert . Dem Sir William Hama Thorneycroftseng groussarteg Representatioun vum Cromwell ass de Beweis vun der Meenung vum 19 . Joerhonnert an ass en Deel vun der Geschichtsschreiwung vun enger Figur , vun där nach ëmmer vill Leit Mengen , datt se et wäert ass gefeiert zze ginn . Den Här Goldsmith sot am Sunday Telegraph : " De Cromwell ass vu villen , villéicht éischt am spéiden 19 . Joerhonnert wéi haut , als Verteideger vum Parlament géint den äusseren Drock ugesi ginn , a sengem Fall natierlech d ' Monarchie . Ob et sech ëm eng ganz genau Representatioun handelt , ass nach ëmmer en Thema . Wat sécher ass , ass datt de Konflikt an der Mëtt vum 17 . Joerhonnert d ' Entwécklung vun eiser Natioun geformt huet , an de Cromwell ass eng individuell erkennbar Figur , déi eng Säit vun dëser Divisioun representéiert . Seng Leeschtungen als Lord Protector sinn et Wäert gefeiert an erënnert ze ginn . Schwäin zerfleescht Bauer De lokale Medien no gouf e Bauer vun engem Schwäin op engem Maart am Südweste vun China attackéiert an ëmbruecht . De Mann , deen nëmmen mat sengem Familljennumm " Yuan " identifizéiert ginn ass , war dout mat enger duerchtrennter Arterie no bei engem Stall um Maart zu Liupanshui an der Provëns Guizhou opfonnt ginn , huet d ' South China Morning Post e Sonnde bericht . E Schwäinsziichter bereet sech den 30 . Mee 2005 zu Xining an der Provëns Qinghai Provinz , China , op eng Injektioun vun Imfstoffer fir Schwäin an enger Hoffery vir . Laut Berichter war hien e Mëttwoch mat sengem Cousin aus der Nopeschprovëns Yunnan agereest , fir 15 Schwäin um Maart ze verkafen . Den nächsten Moien huet säi Cousin hien dout opfonnt , an eng oppen Dier zu engem nopesch Schwäistall entdeckt . Hien sot , datt am Stall e grousst männlecht Schwäin war mat Blutt un der Schnëss . Eng gerichtsmedezinesch Ënnersichung huet bestätegt , datt daat 550 Pond schwéiert Schwäin de Bauer zu Doud zerfleescht huet , esou d ' Berichter . " Mengem Cousin seng Been ware bluddeg an verbéit " , esou de Cousin mat Familljennumm " Wu " gennant , wéi d ' Guiyang Evening News zitéieren . D ' Biller vun Iwwerwaachungskamerae weisen den Yuan Donneschdes Moies ëm 4 : 40 op de Maart goen , fir d ' Schwäin ze fidderen . Säi Kierper ass eng Stonn méi spéit font ginn . D ' Déier , dat de Mann ëmbruecht huet , ass kee Schwäin vum Yuan oder sengem Cousin . E Gerant vum Maart huet den Evening News erkläert , datt d ' Schwäin agespaart gouf fir ze verhënneren , datt et aner Persounen attackéiert , während d ' Police op der Plaz Beweiser sammelt . Laut Berichter verhandele vermutlech dem Yuan seng Famill an d ' Autoritéite vum Maart iwwer Entschiedegungen fir säin Doud . Wann och seelen , goufen awer scho Fäll , bei deene Schwäin Mënschen attackéiert hunn , gemellt . 2016 huet ee Schwäin eng Fra an hire Mann op hirem Haff zu Massachusetts attackéiert . De Mann gouf schwéier blesséiert . 2006 huet e 650 Pond schwéiert Schwäin e Walisesche Bauer widder säin Trakter gedréckt bis seng Frau d ' Déier fortjoe konnt . Nodeems e Bauer 2012 zu Oregon vun sengem Schwäin gefriess ginn ass , huet e Bauer vu Manitoba dem CBC News erkläert , datt Schwäin normalerweis net aggressiv sinn , datt de Geschmaach vu Blutt awer als " Ausléiser " handele kann . Si sinn just spilleresch . Si pëtze just , si ganz virwëtzeg ... si wëllen Iech net wéidoen . Dir must just genuch Respekt weisen " , sot hien . Décke Reen am Südwesten vun den USA duerch den Hurrikan Rosa Wéi prognostizéiert , schwächt den Hurrikan Rosa of , während e sech iwwer dat killt Waasser vun der Nordküst vu Mexiko beweegt . Allerdéngs wäert d ' Rosa Iwwerschwëmmungen am Norde vu Mexiko an am Südweste vun den USA an den nächsten Deeg mat sech bréngen . D ' Rosa huet Wandstéiss vun 85 mph , en Hurrikan vun der Kategorie 1 zanter 5 : 00 ëstlech Zäit e Sonndeg , a war 385 Meile südwestlech vu Punta Eugeni , a Mexiko , lokaliséiert ginn . Et gëtt erwaart , datt d ' Rosa e Sonnden an den Norden zitt . Mëttlerweil ass e Kanal sech amgaang iwwer dem pazifëschen Ozean ze bilden , an zitt Richtung Westküst vun den USA , an d ' Rosa Kënnt e Méinden ëmmer méi no bei d ' Hallefinsel Baja Kalifornien als tropeschen Stuer , wäert et ufänken déif tropesch Fiichtegkeet vum Norden an den Südwesten U.S. ze drécken . D ' Rosa wäert e Méide bis zu 10 Inch Reen an Deeler vu Mexiko bréngen . Dann , tropesch Fiichtegkeet , déi mam méi no kommende Kanal interagéiert , wäert wäit verdeelt schwéier Schlueten am Südwesten iwwer déi nächst Deeg bilden . Lokal verursaacht 1 bis 4 Inch Ree geféierlech Iwwerschemmungen , Schlammflëss an méiglech Äerdrëtsch an der Wüst . Déif tropesch Fiichtegkeet verursaacht Schluete vun 2 bis 3 Inch pro Stonn op verschidde Plazen , besonnesch an Deeler vum Süde vun Nevada an Arizona . Sou vill wéi 2 bis 4 Zantimeter Reen sinn erwaart an Deeler am Südwesten , besonnesch vill iwer Arizona . Iwwerschwemmunge sinn méiglech , mat Wiederkonditiounen , déi ëmmer méi schlecht gi wéinst zerstéierender Natur vum tropeschem Reen . Et wier extrem liichtsënneg zu Fouss an d ' Wüst ze goe mam Risiko vun tropesche Schlueten . Décke Ree ka Canyons verursaachen , déi séier zu Flëss ginn an Donnerwieder wäerten lokal rau Loft a Stëbs mat sech bréngen . Den méi no kommende Kanal wäert décke lokale Ree matbréngen an den Deeler vun der südlech kalifornescher Küst . Schluete vun iwwer engem halwen Inch si méiglech , wat zu klenge Schlammflëss a glaten Stroosse féiere kann . Dëst wier den éischten Reen an der Regioun vun der Reesaison . E puer verdeelten tropesch Reeschlueten fänken u méi no an Arizona ze kommen , am spéide Sonnden a fréié Méinden , éier de ree sech weider verdeelt , am spéide Méinden an Dënsden . Den décke Reen wäert sech an de Four Corners um Dënsden an e Mëttwoch verdeelen . Am Oktober kann et e puer intensiv Temperaturschwankungen duerch d ' USA ginn , wéi d ' Arktis méi kal gëtt , awer d ' Trope bleiwen zimlech waarm . Heiansdo féiert dëst zu dramatesche Verännerunge vun der Temperatur iwwer kleng Distanzen . Et gutt Beispill vun dramatesche Temperaturschwankunge gëtt et e Sonnden am Zentrum vun den USA . Do gëtt et bal en Temperaturënnerscheed vun 20 Grad tëschent Kansas City , Missouri , an Omaha , Nebraska , an tëschent St. Louis an Des Moines , Iowa . An den nächsten Deeg wäert d ' Summerhëtzt versichen , sech aus ze bauen an ze erweideren . A villen zentralen an ëstlechen USA gëtt e waarme Start an den Oktober erwaartze gesinn mat wäit verbreeten 80 Grad vun den südlechen Plains bis an Deeler vum Nordwesten . New York City konnt den Dënschdeg 80 Grad erreechen , wat ongeféier 10 Grad méi héich ass wéi den Duerchschnëtt . Eis laangzäiteg Klimaprognos gëtt héich Chancen fir iwwerduerschnëttlech Temperature fir den Oste vun den USA duerch déi éischt Hallschent vum Oktober . Iwwer 20 Millioune Leit hunn dem Brett Kavanaugh säi Prozess gekuckt . Iwwer 20 Millioune Leit hunn en Donneschden déi ergräifend Ausso um Supreme Court vum Brett Kavanaugh an der Fra , Christine Blasey Ford , déi hie wéinst sexueller Vergewaltegung accuséiert huet , déi an den 1980er geschitt soll sinn , op sechs Fernsehsendere gekuckt . An der Tëschenzäit fiert déi politisch Sakgaass duer , an d ' Sendere hunn déi regular Sendunge fir de Last @-@ Minute @-@ Twist vun e Freiden ënnerbrach : en Accord deen de Senator vun Arizona Jeff Flake mam FBI ogeschloss huet , fir Ermëttlunge während enger Woch vun de Virwërf ze maachen . Ford huet dem Senate Judiciary Committee erzielt , datt si sech 100 Prozent sécher ass , datt de Kavanaugh si voll betascht a probéiert huet si auszedoen op enger High @-@ School @-@ Party . Den Kavanaugh , an enger pathetescher Ausso , sot hien ass sech zu 100 % sécher , datt dat net geschitt ass . Laut Nielsen sollen iwwer 20,4 Millioune Leit en Freideg de Prozess gekuckt hunn . D ' Firma huet eng duerchschnëttlech Zuschauerzuel op CBS , ABC , NBC , Fox News Channel an MSNBC gerechent . Zuele vun aneren Netzwierker , déi de Prozess iwwerdroen hunn , dorënner PBS , C @-@ Span an Fox Business Network waren net direkt disponibel . An Nielsen huet oft e puer Schwieregkeeten , d ' Leit matzerechnen , déi an Büroen kucken . Fir dat Ganzt ze verbildlechen : D ' Zuschauerzuel entprécht där vun engem Playoff @-@ Fussballsmatch oder der Oscar @-@ Iwwerreeschung . Fox News Channel , deem seng Moderatoren dem Kavanaugh säin Termin ënnerstëtzt hunn , huet all d ' Netzwierker mat engem Duerchschnëtt vun 5,69 Milliounen Zuschauer während dem Prozess iwwer den Dag geleet , sot den Nielsen . ABC war zweete mat 3,26 Miliounen Zuschauer . CBS hat 3,1 Milliounen , NBC 2,94 Milliounen , MSNBC 2,89 Milliounen an CNN 2,52 Milliounen Zuschauer , esou Nielsen . D ' Interesse bleiwen héich nom Prozess . De Flake war d ' Zentralfigur am Drama vum Freideg . Nodeems de moderate republikanesche Büro eng Stellungnahm erausginn huet , datt e géif fir de Kavanaugh wielen , gouf hien e Freiden de Moie vun Demonstrate beim Versuch e Lift fir e Prozess am Judiciary Committee ugejaut ginn . Hien stoung e puer Minutten mat erofkuckenden Aen während hien ugejaut gouf a live op CNN war . " Ech stinn hei direkt virun Iech " , sot eng Fra . " Denkt Dir , datt hien dem Land d ' Wourecht zielt ? Hien krut gesot , " du hues Muecht , während esou vill Frae keng Muecht hunn " . De Flake huet matgedeelt , datt säi Büro eng Stellungnahm ofginn hätt an , éier de Lift zougaangen ass , datt hie méi nom Verhéier vum Ausschuss ze soen hätt . D ' Kabel- an d ' Rundfunknetzer hunn all méi spéit live stonnelaange bericht , wéi de Justizkomitee ofstëmme sollt , fir dem Kavanaugh seng Nominéierung an de Senat fir d ' Ofstëmmung ze bréngen . Mä de Flake sot , datt hien dat nëmme wäert maachen mam Verständnis , datt d ' FBI d ' Ukloen géint den nominéierten fir d ' nächst Woch ënnersicht , wat d ' Demokraten Minoritéit wollten . De Flake war deelweis iwwerzeegt vun de Gespréicher mat sengem Frënd , dem demokratesche Sen. Chris Coons . No engem Gespréich mam Coons an e puer Senatore méi spéit , huet den Flake seng Decisioun geholl . Dem Flake seng Wiel hat Muecht , well et evident war , datt d ' Republikaner net d ' Wiel wäerten hunn den Kavanaugh ze stëmmen ouni d ' Ermëttlung . De President Trump huet eng FBI Ermëttlung opgemaach iwwer d ' Ukloen géint den Kavanaugh . D ' Britesch Premierministesch May accuséiert d ' Kritiker " d ' Politik ze spillen " betreffen de Brexit . D ' Premierministesch Theresa May accuséiert d ' Krittiker fir hir Pläng d ' europäesch Unioun ze verloossen " Politik ze spillen " mat der britescher Zukunft an den nationalen Intérêt ze schwächen , an engem Interview mat der Sunday Times Zeitung . D ' Britesch Premierministesch Theresa May kënnt fir d ' Conservative Party Conference zu Birmingham , Groussbritannien , den 29 . September 2018 , un . An engem aneren Interview , nieft hirem um Titelblat vun der Zeitung , huet hire fréieren Ausseminister Boris Johnson seng Attack un hirem esougenannten Chequers @-@ Plang fir de Brexit ënnerstrach , andeem hie seet datt e Virschlag , datt Groussbritannien an d ' EU hir Steiere géigesäiteg erhiewen sollten , wier " ganz lächerlech " . Wayde @-@ Sims @-@ Erschéissung : D ' Police huet de Verdächtegen Dyteon Simpson wéinst dem Doud vum LSU @-@ Spiller festgeholl . D ' Police huet e Verdächtegen am Zesummenhang mam Mord duerch Erschéissen vum Wayde Sims , en 20 Joer ale Basketballspiller bei LSU festgeholl . Den Dyteon Simpson , 20 , gouf wéinst Ermordung vum zweete Grad festgeholl an an de Prisong bruecht , sot d ' Baton Rouge Police Department . D ' Beamten hunn e Video vun der Konfrontatioun tëschent dem Sims an dem Simpson verëffentlecht an d ' Police sot de Sims huet säi Brëll beim Streit verluer . D ' Police huet de Brëll op der Plaz fonnt a sot , datt si dem Simpson seng DNA drop fonnt hunn , huet de CBS @-@ Partner WAFB bericht . Nodeem de Simpson gehéiert gouf , sot d ' Police , datt hien zouginn huet , de Wayde ugeschoss ze hunn . Seng Kautioun ass op 350.000 $ festgeluecht ginn , huet den Affekot gemellt . De Büro vun East Baton Rouge Parish Coroner huet e Freideg ee provisoresche Bericht verëffentlecht , wou et heescht , d ' Ursaach vum Doud ass eng Schosswonn vum Kapp an um Hals . Den Departement éiert d ' Flüchtlingsbeamte vun der Louisian State Police , de State Poice Crime Lab , d ' Southern University Police an d ' Awunner aus der Géigend fir d ' Hëllef bei der Ermëttlung , déi zu der Verhaftung geféiert huet . Den LSU @-@ Sportsdirekter Joe Alleva bedankt sech bei der lokaler Police fir hire " Fläiss an d ' Sich no Gerechtegkeet " . De Sims war 20 Joer al . Den 2,01 Meter groussen ass zu Baton Rouge opgewuess , wou säi Papp , Wayne , och Basketball fir LSU gespillt huet . Hien hat eng Moyenne vu 5,6 Punkten an 2,6 Rebounde pro Spill an der leschter Saison . E Freideg de Moien huet den LSU @-@ Basketballtrainer gesot , seng Equipe wier " zerstéiert " an " am Schock " nom Wayde sengem Doud . " Dat ass wouriwwer ee sech ëmmer Suerge mécht " sot de Wade . Vulkan späizt Äschen op Mexiko @-@ Stad Gespäizt Äsch vum Popocatepetl @-@ Vulkan hu südlech Noperschaften vun der mexikanescher Haaptstad erreecht . Den nationalen Zentrum fir Katastrofeschutz huet d ' Mexikaner e Samschdeg gewarnt , vum Vulkan ewechzebleiwen , nodeem en am Krater aktiv ginn ass , an huet 183 Gas- an Äschenemssiounen an den leschte 24 Stonne registréiert . Den Zentrum huet e puer Donner a Biewen opgezeechent . Biller op de sozialen Netzwierker weisen dënn Äschschichten op den Autoen an Noperschafte vu Mexiko @-@ Stad ewéi Xochimilco . Geophysiker hunn eng Zounam vun der Vulkanaktivitéit bemierkt , déi 45 Meilen ( 72 Kilometer ) südëstlech vun der Haaptstad zanter ee 7,1 @-@ staarkt Äerdbiewen Mexiko am September 2017 erschüttert huet . De Vulkan bekannt als " Don Goyo " ass zanter 1994 aktiv . Policekonflikt mat katalanesche Separtisten virum Joresdag vun den Onofhängegkeetswahlen . Sechs Leit sinn zu Barcelona um Samschde festgeholl ginn nodeems Pro @-@ Onofhängegkeets @-@ Protesters mat der Police uneneegerode sinn , a wéi Dausenden bei den rival Demonstratioune matgemaach hun fir den éischten Joresdag vun der katalanescher polariséirender Wahl fir d ' Trennung . Ee Grupp vu maskéierten Pro @-@ Separtisten goufe zeréckgehalen bei Oprou géint d ' Police mat Eeëer a Pudderfaarf , wat donkel Wolleken an de Stroossen gebilt huet , déi normalerweis mat Touristen gefëllt sinn . Kläppereie sinn och spéider am Dag ausgebrach an d ' Police huet hir Knëppelen erausgeholl fir d ' Gefechter ze kontrolléieren . Iwwer e puer Stonnen hunn Pro @-@ Onofhängegkeetsgruppe geruff " Kee Vergiessen , kee Verzeien " géint Uniounisten , déi " laang lieft Spuenien " geruff hunn . Véierzéng Leit hu misse medezinesch versuergt ginn no Blessuren bei de Protester , mellt d ' lokal Press . Spannunge bleiwen héich an der Onofhängegkeet @-@ Regioun ee Joer nom Referendum vum 1 . Oktober als illegal vu Madrid ugesinn , awer vun katalanesche Separtisten gefeiert . Wieler hunn majoritär gewielt fir onofhängeg ze ginn , trotzdem war d ' Resultat geréng géint d ' Trennung duerch d ' Boycotte vun der Wahl . Katalaneschen Autoritéitem no si bal 1000 Leit blesséiert ginn lescht Joer nodeems d ' Polce probéiert huet d ' Wahl ze stoppen an de Wahlbüroen duerch d ' Regioun vun gewaltegen Konflikter . Pro @-@ Onofhängegkeets @-@ Gruppen hunn um Freideg dobaussen iwwer d ' Nuecht campéiert fir eng Demonstratioun iwwer d ' Ënnerstëtzung vun der nationaler Police ze verhënneren . D ' Demonstratioun ass weidergaangen , huet awer missen en anere Wee aschloen . Narcis Termes , 68 , en Elektriker , dee mat senger Frau un dem separatistesche Protest deelgeholl huet , seet , datt hien keng Hoffnung méi huet wat d ' Perspektive vun engem onofhänege Katalounien betrëfft . " D ' lescht Joer hu mir ee vun eise beschten Momenter erliewt . Ech hu meng Elteren gesinn aus Freed ze kräischen , well se konnte wiele goen , awer elo hänke mir fest " , sot hien . Trotz enger decisiver , wann och knapper Victoire bei de Regionalwahlen am Dezember d ' lescht Joer , haten et déi katalanesch Onofhängegkeetsparteien an dësem Joer schwéier , a Schwong ze bleiwen . Déi meescht vun de bekanntesten Leaderen waren am Exil oder am Prising an hunn op hir Roll bei der Organisatioun vum Referendum an spéiderer Onofhängegkeetserkläerung gewaart . Joan Puig , een 42 Joer alen Mechaniker den d ' Protester um Telefon als Support fir d ' Police opgeholl huet , sot datt den Konflikt vun Politiker vun den zwou Säiten gehëtzt ginn ass . " Et gëtt emmer méi a méi ugespaant " , sot hien . Den Oriol Junqueras , een vun néng katalansche Leaderen am Préventioungsprisong säit Enn vum leschte Joer , huet um Samschden verkënnegt , datt hie bei den Europawahlen d ' nächst Joer matmécht . " Als Kandidat fir d ' Europawahlen ze stoen ass de beschten Wee fir d ' Regressioun an demokrateschen Wäerter an d ' Repressioun ze veruerteelen , déi mir vun der spuenescher Regierung gesinn hunn " , sot hien . Londonderry : Männer verhaft nodeems Auto an Haus rennt Dräi Männer , 33 , 34 an 39 Joer al , goufe festgeholl nodeems en Auto ëmmer nees an en Haus zu Londonderry rennt . De Virfall ass an Ballynagard Crescent en Donneschden ëm 19 : 30 BST geschitt . Det Insp Bob Blemmings sot et gëtt Schued un de Paarte an um Gebai selwer . Et ass och méiglech , datt irgendwann mat enger Aarmbroscht op den Auto geschoss gouf . Livingston gewënnt 1 @-@ 0 géint Rangers duerch dem Menga säi Gol . Dem Dolly Menga säin éischte Gol huet de Gewënn geséchert . Promovéiert Livingston rëselt d ' Rangers aus fir dem Steven Gerrard seng nëmmen zweet Victoire an 18 Spiller als Manager vum Ibrox Club . Dem Dolly Menga säi Stuerm huet bewisen den Ënnerscheed wéi den Gary Holt d ' Säit gewiesselt huet mam Hibernian an der zweeter Halschent . Dem Gerrard seng Säit bleift ouni auswäerts Gewënn an der Premiership dës Saison an spillen géint d ' Leaders Hearts den Sonndeg , déi aacht Punkten virun hinnen sinn . Virdrun hunn d ' Rangers Rapid Vienna an der Europa League en Donneschden empfaangen . Livingston , an der Tëschenzäit , verlängeren hiren Laf an der Divisioun op sechs Spiller , mam Trainer Holt deen nach ëmmer d ' Victoire schmaacht zënter dem Ersetzen vum Kenny Miler leschten Mount . Livingston verfeelt d ' Chancen géint oppe Visiteuren . Dem Holt seng Equipe hätt solle laang virum Treffer d ' Nues fir hunn , well hir Direktheet den Ranger Problemer verursaacht huet . Den Scott Robinson ass duerchgedrongen awer huet säin Effort bis virun de Gol gedroen , dann konnt den Alan Lithgow nëmmen säin Effort ziilen virun en den Craig Halkett virum Gol trëfft . D ' Hosts waren zefridden d ' Rangers virun hinnen spillen ze loossen , wëssend dass se Misär kënnen bei den Visiteuren verursaachen . An esou ass den entscheedenen Gol gefall . D ' Ranger kruten e Fräistouss an Livingston stoung oppen , den Declan Gallagher an den Robinson kombinéieren fir den Menga un ze spillen , deen eemol beréiert an trëfft vum Zentrum vun der Këscht . Zu desëm Zäitpunkt hun d ' Ranger den Besëtz dominéiert awer hunn d ' Heemecht Verteidegung inpenetrable fonnt an den goalkeeper Liam Kelly war haaptsächlech roueg . Dat Muster ass an der zweeter Halschent weider gaang , awer den Alfredo Morelos huet eng Parade vum Kelly erzwongen . Den Scott Pittman gouf verweigert vun den Féiss vum Rangers Golkipp Allen McGregor an Lithgow schéisst breet vun nach engem Spillzuch vun Livingston . Kräizer koumen ëmmer rem an d ' Këscht vu Livingston an sinn ëmmer rëm geraumt ginn , während zwee Eelefmeter gefuerdert goufen - nodeems den Halkett den Ersatz Glenn Middleton erausgefuerdert huet , an een fir Handball - sinn ofgewonk ginn . " Wonnerbar " vun Livingston - Analys BBC Schotland ' s Alasdair Lamont an der Tony Macaroni Arena . Eng phenomenal Leeschtung a Resultat fir Livingston . Zu engem Mann , si waren excellent , weider d ' Erwaardungen ze iwwertreffen op dësem héijem Wee . Hiren Stil vum Spill a Personal war kaum verännert zënter dem Zréckkommen an den Top Fluch , awer groussen Kredit muss un den Holt goen fir den Wee datt hien d ' Team erfrëscht huet zënter senger Arrivée . Hien hat sou vill Helden . De Kapitän Halkett war immens , eng super organiséiert Verdeedegung geleet , während den Menga den Connor Goldson a Joe Worrall duerch op hiren Zéiwen gehalen huet . Rangers haten awer ned vill Inspiratioun . Esou gutt wéi se an der Zäit ënner dem Gerrard waren , sinn se kuerz wéi déi Standards gefall . Déi lescht Pass huet gefeelt - nëmmen wéi se d ' Doheem Säit opgemeet hunn - an et ass eppes wéi een Erwächen fir d ' Rangers , déi sech am Mëttelfeld befonnt hunn . Erdogan kritt ënnerschiddlechen Empfang zu Köln . Do waren Gelächter an blo Himmelen um Samschdeg ( 29 . Septemeber ) wéi d ' Cheffe vun der Tierkei an Däitschland sëch fir Kaffi zu Berlin ze drénken gesinn hun . Et ass den leschten Dag vum President Erdogan senger kontroverson Visite an Däitschland - déi fir d ' Verbesserung vun den Relatiounen tëschent den NATO Alliéierten geplangt war . Sie hun iwwer Problemer inklusiv Mënscherechter , Pressfräiheet an der Türkei hiren Zougank an d ' EU geschwat . Den Erdogan huet sech op de Wee gemaach op Köln fir eng riseg nei Moschee op ze maachen . D ' Stad ass d ' Doheem vun der gréissten türkescher Bevëlkerung ausserhalb der Türkei . D ' Police huet Sëcherheetsmesuren virgeholl fir eng stark Mënschenmass vun 25,000 Leit hir Versammlung virun der Moscheeze blockéieren , awer vill Supporter sinn nobäi opgetrueden fir hiren President ze gesinn . Honnerten Erdogan Géigner - vill vun hinnen Kurdesch - hun och hir Stëmm héieren geloss , veruerteelen béides dem Erdogan seng Politik an der däitscher Regierung hir Entscheedung hien an d ' Land ze begréissen . Allenzwee Protester reflektéieren d ' Divisiounen vun engem Visiteur deen als Held vun verschidden däitsch Tierken begréisst gëtt an als Monarch vun aneren . Deptford Stroossenaccident : Cyclist stierft bei Kollisioun mat engem Auto . E Cyclist ass bei enger Kollisioun mat engem Auto zu London gestuerwen . Den Accident ass net wäit vun der Kräizung Bestwood Street and Evelyn Street geschitt , eng beschäftegt Strooss zu Deptford , am Südwesten vun der Stad , ëm 10 : 15 BST . De Chauffer vum Auto huet gestoppt an d ' Rettungsassistenten hunn gehollef , awer de Mann ass op der Platz gestuerwen . De Crash ass Méint nodeems e Cyclist bei enger Chauffersflucht op der Childers Street gestuerwen ass geschitt , ongeféier eng Meil fort vum Crash um Samschdeg . D ' Stadter Police sot dat d ' Offizéier am gaangen sinn de Mann ze identifizéieren an d ' Famill ze informéieren . Stroossesperrungen an Busëmleedungen sinn op der Platz an Automobilisten gett ugeroden d ' Géigend ze vermeiden . Long Lartin Prisong : Sechs Offizéier blesséiert bei Onuerdnung Sechs Giischtescher sinn blesséiert ginn bei enger Onuerdnung an engem Héich @-@ Sécherheets @-@ Prisong fir Männer , sot de Prisongsoffizéier . Onuerdnung ass ausgebrach am HMP Long Lartin zu Worcestershire at about 09 : 30 BST e Sonndeg an et geet weider . Spezialist " Tornado " Offizéier goufen abruecht fir sech ëm d ' Onuerdnung ze këmmeren , wat aacht Gefaangenen involvéiert an engem Flillek . D ' Offizéier goufen op der Platz fir kleng Wonnen am Gesiicht behdandelt . E Pressespriecher vum Prisong sot : Spezial ausgebilten Prisongspersonal gouf agesat fir sech ëm den Virfall am HMP Long Lartin ze këmmeren . Sechs Personal Membere goufen fir Blessen behandelt . Mir toleréieren keng Gewalt an eise Prisongen , an sinn kloer dat d ' Verantwortlech der Police verwisen ginn an méi laang hannert Gitteren verbréngen kéinten " . HMP Long Lartin huet méi wéi 500 Prisonnéier , ënnert anerem e puer vun de geféierlechsten Täter vum Land . Am Juni ass gemellt ginn dat den Direkter vum Prisong an der Klinik behandelt gouf nodeems en vun engem Prisonnéier attackéiert ginn ass . An am Oktober lescht Joer goufen Offensivbeamten an den Prisong geruff fir sech ëm eng schwéier Onuerdnung ze këmmeren an deem d ' Personal mat Billard Bäll attackéiert goufen . Hurrikan Rosa dreet Phoenix , Las Vegas , Salt Lake City mat Iwwerschwemmungen ( Dréchen Flächen kënne profitéieren ) Et ass rar fir eng tropesch Depressioun Arizona ze treffen , awer dat ass wat warscheinlech am Ufank nächster Woch geschitt wéi denm Hurrikan Rosa säng lescht Energie erof duerch d ' südwestlech Wüst zitt an Iwwerschwemmungs Risiken matbréngt . De nationalen Wiederdengscht huet schon Iwwerschwemmungen fir Méinden an Denschden vieraus gesoot fir westlech Arizona richtung südlech an östlech Nevada , südwestlech Kalifornien an Utah , inklusiv d ' Stied Phoenix , Flagstaff , Las Vegas , an Salt Lake City . Rosa gëtt erwaart den direkten Wee iwwer Phoenix den Denschden ze huelen an méi no ze kommen Méindes spéit mat Reen . De nationalen Wiederdengscht zu Phoenix huet an engem Twitter Post geschriwwen datt nëmmen " zéng tropesch Zyklonen de Status vun engem tropeschen Stuerm oder Depressioun innerhalb 200 Meilen vun Phoenix fort zënter 1950 erhalen konnten ! Katrina ( 1967 ) war en Hurrikan innerhalb 40 Meilen vun der AZ Grenz . Déi lescht national Hurrikan Zentrum Modellen soen 2 bis 4 Zantimeter Reen viraus , mat isoléierten Zommen bis 6 Zantimeter am Mogollon Rim vun Arizona . Aner Flächen vun der südwestlecher Wüst inklusiv d ' zentral Rockies and den Great Basin kréien méiglech 1 bis 2 Zantimeter , mat isoléierten Zommen bis 4 Zantimeter . Fir déi ouni Iwwerschwemmungs Risiken , ass dem Rosa säi Reen ee Segen well d ' Regioun vun enger Dréchent betraff ass . Obschonn d ' Iwwerschwemmungen eng ganz eescht Suerg ass , e bëssen vum Reen wäert wahrscheinlech gutt sinn well am Südwesten sinn am Moment dréchen Zoustänn . De Vereenegte Staaten no Just iwwer 40 Prozent vum Arizona erliewt op d ' mannst eng extrem Dréchent , déi zweethéchste Kategorie " , deelt weather.com mat . Als éischt féiert dem Hurrikan Rosa säi Wee op d ' Land iwwert Baja California Hallefinsel vu Mexiko . Rosa , nach ëmmer mat Hurrikan @-@ Kraaft e Sonndeg Moien mat maximalen Wandgeschwindegkeet vun 85 Meilen an der Stonn , ass 385 Meilen südlech vun Punta Eugenia , Mexico an réckelt nördlech mat 12 Meilen an der Stonn . De Stuerm gerot op méi kill Waasser am Pazifik an verléiert dofir Stäerkt . Also , et gëtt erwaart Land ze geroden an Mexiko mat tropescher Stuerm Stäerkt de Méindeg am Nomëtteg oder Owend . Reen iwwert Deeler vun Mexico kéinten schwéier sinn , setzen ee bedeitenden Iwwerschwemmungs Risiko . " Nidderschlag vun 3 bis 6 Zantimeter ginn erwaart vun Baja Kalifornien an d ' nordwestlech Sonora , mat bis zu 10 Zantimeter méiglech " , deelt weather.com mat . Rosa wäert dann nërdlech iwwer Mexiko als tropeschen Stuerm zéien ier en d ' Grenz vun Arizona a fréier Mueresstonn Dënschdeg als tropesch Depressioun erreecht , wou en dann erop duerch Arizona an südlech Utah spéit Dënschdennuecht zitt . D ' Haaptgefor déi vum Rosa oder sengen Iwwerreschter erwaart gëtt ass schwéieren Nidderschlag zu Baja Kalifornien , nordwestlech Sonora , an den Vereenegten Staaten südwestlech Wüst " , soot den nationalen Hurrikan Zentrum . Et gëtt erwaart dat dëse Reen liewensbedrohlech Iwwerschwemmungen an Schlammflëss an der Wüst , an Äerdritsch an den Bierger produzéiert . Midsomer Norton Iwwerfall Véier présuméiert Märder festgeholl Dräi Jugendlecher an en 20 @-@ jährege Mann goufe wéinst présuméiertem Mord festgeholl , nodeems en 16 @-@ Jährege matt Stéchwonnen zu Somerset fonnt gouf . De Jugendlechen ass verletzt opfonnt ginn an der Géigend vun den Excelsior Terrassen zu Midsomer Norton , géint 04h00 e Samsden . En as an d ' Spidol bruecht ginn , säin Gesondheetszoustand wär stabil . En 17 @-@ jähregen , zwee 18 @-@ jähreg an ën 20 Joër aalen Mann sin an der Nuecht an der Géigend vun Radstock festgeholl gin , huët d ' Police vun Avon an Somerset gesoot . D ' Police huët ën Opruff gemaach , fir Zeien déi eventuell eppes mam Handy opgeholl hunn , sech ze mellen . Den Trump seet , dass de Kavanaugh ënnert der Gemengheet an der Roserei vun der Demokratescher Partei leid . " D ' Wahl vum Richter Kavanaugh as eng Wahl géint déi rücksichtlos an empéirend Taktik vun der Demokratescher Partei " , sot den Trump op enger Wahlparty zu Wheeling am West Virginia . Den Trump sot den Kavanaugh hätt duerch déi ganz Rücksichtlosegkeet an den Ierger vun der Demokratescher Partei durch de ganzen Wahlprozess gelidden . De Kavanaugh huet virum Kongress ën Donneschden vehement an emotional d ' Uschëllegung vum Christine Blasey Ford zerëckgewisen , datt hie si soll sexuell bedrängt hun wéi si nach Teenager waren . Ford huet och geschwuër , dass hier Ausso stëmmt . De Präsident sot en Samsden , datt " d ' amerikanescht Volleck de Glanz an d ' Qualitéit an de Courage " vum Kavanaugh gesinn huet . " Eng Stëmm fir de Richter Kavanaugh ze confirméieren as eng Stëmm fir ee vun de beschte Juristen eiser Zäit , e Jurist matt enger bestätegter Unzuel vun Dote fir d " Öffentlechkeet . Den Präsident huet niewelaanscht op dem Kavanaugh seng Nominatioun higewise während senger Ried iwwer d ' Wichtegkeet vun der republikanescher Wahlbedeelegung an der Hallschent vun der Wahlperiod . Fënnef Wochen virun enger vun de wichtegste Wahlen zu eiser Liewenszäit . " Ech rennen net , mä ech rennen wierklech " , sot hien . " Dofir sinn ech iwwerall am gaangen ze kämpfen fir grouss Kandidaten " . Den Trump huet argumentéiert , datt en op enger Missioun as fir sech " ze wieren an ze bremsen " . Déi éischt decisiv Wahl op Senatsniveau fir dem Kavanaugh seng Nominatioun solle schon e Freiden stattfannen , sot en héige Mattaarbechter dem CNN . Honnerten Doudeger beim Ärdbiewen an Tsunami an Indonesien , d ' Zuel klëmmt weider Op d ' mannst 384 Leit sin ëmkomm , vill sin ewech geschwemmt gi wéi riseg Wellen op d ' Küst getraff sinn , wéi e gréissert Ärdbiewen an en Tsunami déi indonesesch Insel Sulawesi getraff huet , soten d ' Autoritéiten um Samsden . Honnerte vun Leit hunn un engem Festival um Strand an der Stad Palu deelgeholl um Freiden wéi 6 Meter héich Wellen an der Hallefdäischter iwwer d ' Küst geschloen sinn , déi vill an den Dout gerappt hunn an alles op hirem Wee zerstéiert hun . Den Tsunami as entstaanen no engem Ärdbiewen matt enger Stäerkt vun 7,5 . " Wéi den Tsunami bedrohlech gouf gëschter , waren d ' Leit nach amgaangen um Strand hiren Aktivitéiten nozegoen an sinn net direkt fortgelaf " , sot den Sutopo Purwo Nugroho , Spriecher vum indoneseche Katastrofenschutz an enger Pressekonferenz zu Jakarta . " Den Tsunami koum net eleng , war voll vun Autoen , Hütten , Hziser , huet alles u Land mat ewech gerappt " , sot den Nugroho , nach präziséirend datt den Tsunami op dem Mier Geschwindegkeete vun 800 km / h hat ier en op d ' Küst getraff ass . Verschidde Leit sinn op Beem geklomme fir dem Tsunami ze entkommen an hunn iwwerlieft , sot hien . Ongeféier 16.700 Leit sin a 24 Zenteren zu Palu evakuéiert gin . Loftopnahme déi vum Katastrofenschutz ëffentlech gemaach goufe weisen vill Gebaier a Buttécker déi zerstéiert sinn , Brécken déi ewech gerappt an zesummegefall sinn an eng Moschee déi ganz vum Wasser ëmginn as . Nobiewen waren de Samsden nach an der Küstestad zë spieren . D " Ärdbiewe sinn an enger Régioun vun 2,4 Milliounen Leit gespuert ginn . D ' Agence fir d ' Bewertung an den Notze vun der Technologie sot an engem Communiqué dass d ' Energie di freigesaat gouf beim Ärdbiewen vun ën Freiden d ' Kraaft haat vun 200 mol der Atombomm di am Zweeten Weltkrich op Hiroshima gefall as . Di géografesch Situatioun vun der Staadt um Enn vun enger laang gezunnener Bucht kann d ' Gréisst vum Tsunami nach verstärkt hun , soot hien . Den Nugroho huët den Schuëd als " extreem " beschriwwen an soot dass Dausende vun Heiser , Spidäler , Akaafszentren an Hoteler zerstéiert sin . Läichen sin ënnert dem Schutt vun den zesummegefallenen Gebaier fonnt gin , soot hien , plus 540 Blesséierter an 29 Vermëssten . Den Nugroho soot dass d ' Verletzungen an de Schuëd mi grouss kéint sin un der 300km laanger Küst nördlech vun Palu , an enger Géigend di Doggola genannt gëtt an daat mi no beim Epizenter leit . D ' Kommunikatioun " as komplett zesummegebrach an mir sin ouni Informatiounen " vun Donggola , soot den Nugroho . Do liewen méi ewéi 300.000 Leit " , soot d ' Rout Kräiz an engem Communiqué , an dass hiert Personal an Fräiwëlleger ennerwee sin an di betraffen Gebidder . " Daat as schon eng Tragédie , ma ët kann nach schlémmer gin " , soot hien . D ' Agence as ën Samsden ferm kritiséiert gin well së nët gesoot huët dass ën Tsunami Palu getraff huët , Offizieller sooten d ' Wellen koumen gläichzäiteg wéi d ' Warnung erausgoung . Amateurbiller op Social Media weisen ë Mann op méi engem héigen Stack deen durch Ruffen di op der Stross ënnen virum Tsunami warnt . Ennerhalb vun Minutten trëfft eng Waassermauer op d ' Küst , an reisst Gebaier an Autoën matt . Reuters war nët direkt capable fir d ' Biller zë confirméieren . D ' Biewen an den Tsunami hun ën massiven Stroumausfall veruersaacht an d ' Kommunikatioun ronderem Palu lahmgeluëcht waat ët den Autoritéiten schwéier gemeet huët fir d ' Rettungsaarbechten zë koordinéieren . D ' Arméi huët éischt Transportfligeren geschéckt matt Hëllefsgidder aus Jakarta an aaner Stied , sooten d ' Autoritéiten , awer di Evakuéiert brauchen ëmmer nach dringend Iessen an Saachen fir déi wichtegst Besoinsen . Den lokalen Flughafen gouf just fir d ' Rettungséquippen opgemaach an bleift bis an den Oktober gespoart . Den Präsident Joko Widodo gëtt ën Sonnden erwoard fir d ' Evakuatiounszentren zu Palu zë besichen . D ' Zuel vun den Affer vum Tsunami an Indonesien klëmmt op 800 . Et as ganz schlëmm . Während d ' Personal vun World Vision vun Donggola sécher zu Palu City ukomm as , wou d ' Employeeen an Zeltstied um Terrain vun hierem Bureau ënnerbruëcht sin , hun së Szeenen vun Zerstéierung mussen gesin ennerwee , soot den Här Doseba . " Si hun mir erziehlt dass së vill zerstéiert Heiser gesin hun " , soot hien . Et as ganz schlëmm . Esouguër ewéi d ' Hëllefséquippen ugefaangen hun d ' Ausmooss vun der Zerstéierung zë erkennen , hun verschiddener sech beschwéiert dass auslännech Hëllefséquipen matt grousser Erfahrung d ' Arees op Palu nët erlaabt kruuten . Laut den indonésechen Gesetzer , dierfen Matérial an Personal nëmmen an d ' Land wann di betraffen Géigend als nationalt Katastrofengebitt erklärt as . Daat as awer nach nët geschitt . " Et as ëmmer nach eng régional Katastrof " , soot den Aulia Arriani , Spriecher vum indonésechen Roude Kräiz . " Soubaal d ' Regierung seet , " Ok , ët as eng national Katastrof " , kënnen mir opmaachen fir international Hëllef awer daat as nach nët geschitt " . Wéi di zweet Nuecht an Palu kënnt nom Ärdbiewen an Tsunami vun ën Freiden , hoffen Frënn an Familjen dass hier Vermëssten zu deenen Wonner gehéieren di no esou Katastrofen ëmmer opdauchen . Um Samsden as ë klenge Bouf aus engem Kanal gerett gin . En Sonnden hun Retter eng Fra befreit di ënnert engem Koup Schutt vergruëwen war , direkt niewent der Läich vun hierer Mamm . Den Gendon Subandono , Trainer vun der indonésecher Paragliding Equipe , huët zwee vun den vermëssten Paraglider déi verschott goufen fir d ' asiatesch Spiller trainéiert , Aanerer aus dem Roa Roa Hotel waren séng Studenten , soot den Här Mandagi . " Als aalen Huës am Paragliden hun ech meng eegen emotional Lascht zë droën " , soot hien . Den Här Gendon soot wéi ën , an de Stonnen no der Nooricht wou d ' Rumeur vum Collaps vum Roa Roa Hotel an der Paragliding Grupp ronderem goung , WhatsApp Noorichten un d ' Equipe geschéckt huët déi um Beach Festival deelgeholl hun . Séng Noorichten waren leider nëmmen matt engem Hoken gezeechent , an nët matt zwee bloën Hoken . " Ech mengen daat heescht d ' Noorichten sin nët ausgeliwwert gin " , soot hien . Raiber hun 26.750 Dollar während dem Fëllen vun engem Automat zu Newport / Levee geklaut . D ' Raiber hun ën Freideg demueren vun engem Brink ' s Sécherheetsmann deen amgaangen war ën Bancomat zë fëllen , 26.750 Dollar zu Newport / Levee geklaut , heescht ët an engem Schreiwes vun der Police vun Newport . Den Chauffer war amgaangen den Bancomat eidel zë maachen an engem Ennerhaalungskomplex an sollt grad d ' Suën afëllen , Huët den Polizist Dennis McCarthy geschriwwen . Während hien beschäftegt war , koum ën aaneren Mann " vun hannert dem Brink ' s Employee ugerannt " an huët ën Geldsaak geklaut deen grad geliwwert sollt gin . Zeien hun méi Verdächteger gesin déi vun der Plaatz fortgelaaf sin , d ' Police huët awer nët gesoot wéivill ët wären . Jiddereen matt Informatiounen iwwer d ' Identitéit soll d ' Police vun Newport kontaktéieren um Nummer 859 @-@ 292 @-@ 3680 . Kanye West : Rapper wiesselt säin Numm an Ye Den Rapper Kanye West wiesselt säin Numm - an Ye . Op Twitter annoncéiernd , huët hien geschriwwen : " Den offiziell als Kanye West bekannten . West , 41 , as zanter enger Zäit Ye genannt gin an huët den Spëtznumm als Titel vun séngem aachten Album benotzt , deen am Juni eraus koum . De Wiessel kënnt zesummen matt séngem Optrëtt bei Saturday night Live , wou den Start vun séngem neien Album erwoart gëtt . Hien ersetzt d ' Sängerin Ariana Grande di aus " emotionalen Grënn " nët kann an der Show , soot den Grënner vun der Show . Och wann ët eng Ofkierzung zu séngem professionellen Numm as , huët den West virdrun schon gesoot dass d ' Wuert och eng reliéis Bedeitung huët fir hien . " Ech gleewen " ye " as daat meescht benotzten Wuert an der Bibel , an an der Bibel heescht ët " du " " , soot den West mi fréi am Joer , bei enger Virstellung vun sengem neien Album um Radio Big Boy . " Sou ech sin du , ech sin mier , ët sin mier . Et kënnt vun Kanye , daat heescht deen eenzegen , zu nëmmen Ye - ën Spigel vun eisem Gudden , eisem Béisen , eisem Duercherneen , alles . Den Album as ën Spigel vun deem deen mir sin " . Hien as een vun villen berühmten Rapper di hieren Numm wiesselen . Den Sean Combs huët mol Puff Daddy , P. Diddy oder Diddy geheescht , awer dëst Joer huët hien sech fir Love and Brother Love décidéiert . En fréieren Mattsänger vum West , den JAY @-@ Z , huët och ëmmer matt Kleng- a Grousschreiwen gespillt . D ' AMLO a Mexiko huët geschwuër d ' Militär nët géint Zivilisten anzësetzen Am Virfeld vun den 50 Joer Feieren vun der bluddeger Ennerdreckung géint Studenten , huët den mexikaneschen Präsident Andres Manuel Lopez Obrador geschwuër d ' Militär nie géint d ' Zivilisten anzësetzen . Den Lopez Obrador huët ën Samsden versprach " d ' Militär nie zë benotzen fir d ' mexikanesch Volleck zë ënnerdrécken " . Während enger friddlecher Démonstratioun op der Plaza den 2 . Oktober 1968 hun d ' Truppen op d ' Leit geschoss an 300 ermuërd zu enger Zäit an där ën lénks geriichten Ruck duerch Latein Amerika gaangen as . Den Lopez Obrador huët ugekënnegt jonk Mexikaner zë ënnerstétzen duerch monatlech Subsiden un Studenten an duerch d ' Opmaachen vun méi gratis Universitéiten . Hien huët gesoot dass den Chômage an d ' Feelen vun schouleschen Moyenen kriminell Banden förderen . D ' USA wärten d ' Finanzéierung vun der K.I. verduëbelen Well China méi aktiv gëtt an der künstlecher Intelligenz , sollten d ' USA d ' Somm di an der Fuerschung am Feld vun der künstlecher Intelligenz verduëbelen , seet den Investor an Frënn vun der KI Kai @-@ Fu Lee , deen schon fir Google , Microsoft an Apple geschafft huët . Dës Aussoën kommen nodeems ëmmer méi aus Kreeser vun der US @-@ Regierung zë héieren as dass d ' USA keng richteg Strategie an der Fuerschung ëm d ' KI hun . Währendeems huët China säin Plang d ' läscht Joër virgestallt : di éischt an der Fuerschung vun der KI zë sin bis 2030 . " D ' Verduëbelen vum Fuerschungsbudget vun der künstlecher Intelligenz as ën gudden Ufank , wann een bedenkt dass all aaner Natiounen souvill mi wäit hannert den USA sin , an mir schaffen um nächsten Duerchbroch an der künstlecher Intelligenz " , soot den Lee . D ' Verdueblen vun de Finanzéierung kann d ' Chancen verduëbelen dass deen nächsten Sprong an den USA gemeet gëtt , huët den Lee CNN an engem Interview gesoot dës Woch . Den Lee , deem säin Buch " AI Superpowers : China , Silicon Valley and the New World Order " dëse Mount erauskoum bei Houghton Mifflin Harcourt , as Generaldirekter bei Sinovation Ventures , déi an eng vun de bekanntesten Firmen fir KI an China investéiert hun , Face + + . An den 1980er op der Carnegie Mellon Universitéit huët hien un engem KI System geschafft deen den héchst gerankden American Othello Spiller geschloën huët , spéider war hien Generaldirekter bei Microsoft Research and Präsident vun Google China . Den Lee wousst vun den viregen Technologie Compétitiounen an den USA wéi Defense Advanced Research Projects Agency ' s Robotics Challenge and huët gefroot wéini di nächst wärten sin , fir zë hëllefen di nächst Visionären zë fannen . Fuerscher an den USA mussen oft haart schaffen fir staatlech Hëllefen zë kréien , soot den Lee . " Et as nët China daat d ' akadémesch Topleit hëllt ; ët sin d ' Sociétéiten " , soot den Lee . Facebook , Google an aaner technologesch Firmaën hun d ' Lumiairen an de läschte Joëren vun den Universitéiten engagéiert fir un der KI zë schaffen . Den Lee soot ën verbessert Awanderungsgesetz kéint och an den USA d ' KI Fuerschung stäipen . " Ech denken d ' Green Card misst automatesch un Professeren an der KI ugebuëden gin , soot hien . Den chinésechen Staatsrôt huët am July 2017 säin Next Generation Artificiel Intelligence Developement Plan eraus bruëcht . D ' chinésesch National Natural Science Foundation finanzéiert Leit op akademeschen Institutiounen esou ewéi och d ' National Science Foundation an aaner Regierungsorganisatiounen ët fir US Fuerscher machen , awer d ' Qualitéit vun der akademescher Aarbecht as an China nët esou gutt , soot den LEE . Mi fréi dëst Joër an den USA huët den Verteedegungsministär ën gemeinsamen KI Zenter gegrënnt , deen Partner aus der Industrie an den Léieranstalten soll zesummebréngen , an d ' Wäisst Haus huët d ' Grënnung vun engem Komitee fir Künstlech Intelligenz matgedeelt . An dësen Mount huët DARPA ën 2 Billiounen Dollar Investissement an eng Initiativ matgedeelt di séch AI Next nennt . Wéi fir d ' NSF , déi momentan iwwer 100 Milliounen Dollar an d ' KI investéiert . Währendeems , wou d ' US Regierung déi eng National Security Commission on Artificial Intelligence soll grënnen zanter Méint nët agéiert huët . Mazedonien entscheed iwwer Referendum fir den Numm vum Land zë änneren D ' Volleck vun Mazedonien huët an engem Referendum ën Sonnden ob së den Numm an " Republic of North Macedonia " änneren , ë Schratt fir ën ueraalen Sträit matt Griechenland zë entschärfen deen eng Opnahm an Memberschaft an d ' Europäesch Unioun an d ' NATO verhënnert . Griechenland , déi eng Provinz mam Numm Mazedonien hun , behaapten dass den Numm vum Noopeschland ën Versuch as fir séch di Provinz unzeeegenen an huët säin Veto ageluëd géint ën Bäitrëtt an d ' NATO an d ' EU . Déi zwou Régierungen hun am Juni eng Propositioun ausgehandelt op den neien Numm , Awer nationalistesch Géigner argumentéieren dass den Wiessel d ' ethnesch Identitéit vun der majoritär slavescher Populatioun an Mazedonien ënnergruëft . Den Präsident Gjorge Ivanov huët gesoot hien wärt nët wiehlen am Referendum an eng Boykott Campagne huët gewisen dass ët schwiereg gët fir di erfuërderlech 50 Prozent zë erreechen fir dass d ' Wahlen gëllen . D ' Frô vum Referendum seet : " Si Dir fir eng NATO an EU Memberschaft matt Akzeptanz fir den Accord matt Griechenland " . Ennerstétzer vum Numm Wiessel , dorënner den Premier Zoran Zaev , argumentéieren dass den Präis wärt as bezuehlt zë gin fir eng Opnahm an di Organisatiounen wéi d ' EU an d ' NATO vun Mazedonien , een vun de Länner di aus dem Zesummebroch vum fréieren Yugoslawien entstaanen sin . " Ech sin haut komm fir fir Zukunft vun Mazedonien zë wiehlen sou dass jonk Leit fräi ënnert dem Präbbeli vun der Europäescher Unioun liewen well ët méi ën séchert Liewen fir jiddereen vun eis bedeit " , soot d ' Olivera Georgijevska , 79 , zu Skopje . Zwar nët legal bannend , genuch Parlamentsmemberen hun gesoot dass sie séch un d ' Resultat vum Vote haalen wärten . Fir den Nummwiessel brauch ët eng zweedrëttel Majoritéit am Parlament . Di staatlëch Wahlkommissioun soot ët wären bis 13 Auer keng Ongereimtheiten bei de Wahlen gemellt gin . Trotzdeem , d ' Wahlbedeelegung louch bei nëmmen 16 Prozent , géintiwwer den Parlamentswahlen 2016 wou 66 Prozent vun den Wahlberechtegten gewiehlt haaten . " Ech sin wiehlen komm fier meng Kanner , eis Plaatz as an Europa " , soot den Gjose Tanevski , 62 , ë Wiehler an der Haaptstaad , Skopje . Den Premier vun Mazedonien Zoran Zaev , séng Fra Zorica an säin Jong Dushko hun bekannt gin am Referendum an Mazedonien fir den Numm vum Land zë änneren fir den Wee an d ' NATO an an d ' Europäesch Unioun den 30 . September 2018 zu Strumica , Mazedonien zë ebenen . Virum Parlament zu Skopje , huët den Vladimir Kavardakov , 54 , eng kléng Bühn an Still opgeriicht virun den Zelter vun deenen déi den Referendum boykottéieren . " Mir sin fir d ' NATO an d ' EU , awer mir wëllen Kapp héich eran , nët duerch d ' Hannerdier " Soot de Kavadarkov . " Mir sin ën aarmt Land , awer mir hun eise Stolz . Wann sie eis nët als Mazedonien wëllen , mir kënnen eis un aaner wenden wéi China an Russland an ën Deel vun der Euro @-@ Asia Integratioun gin " . Den Premier Zaev soot NATO Memberschaft wärt eis wichteg Investissementer bréngen op Mazedonien , waat ën Chomagetaux huët vun iwwer 20 Prozent . " Ech gleewen dass d ' Majoritéit dofir as well méi wéi 80 Prozent vun den Awunner fir d ' NATO an d ' EU as " , soot den Zaev noom Verloossen vun der Wahlkabinn . Hie soot dass ën " ja " Resultat " d ' Confirmatioun fir eis Zukunft wär " . Eng Emfro di léschten Méindeg vum mazedoneschen Institut fir Politikfuerschung soot téscht 30 an 43 Prozent vun de Wiehler géifen um Referendum deelhuëlen - manner wéi verlaangt . Eng aaner Emfro , vun der mazedonescher Fernsehstatioun Telma TV , huët festgestallt dass 57 Prozent vun de Gefroten geplangt hätten ën Sonndeg zë wiehlen . Vun deenen , sooten 70 Prozent matt ja zë wiehlen . Fir dass den Referendum valid as mussen 50 Prozent plus een wiehlen . Eng Wahlschlapp wär deen éischten Sériöen Réckschlag an der Campagne vun der pro @-@ westlécher Regierung zanter Mee läscht Joër . Kuck : Den Sergio Aguero vun Manchester City duerchbrécht déi ganz Défense vun Brighton an mécht ë Goal Den Sergio Aguero an den Raheem Sterling duerchbriechen " Défense vun Brighton zu Manchester City an wannen 2 @-@ 0 ën Samsdeg am Etihad Stadium zu Manchester , England . Den Aguero huët matt lichtegkeet den Ball an der 65er Minutt versenkt . Den argentineschen Stiermer kruut eng Pass am Mëttelfeld am Ufank vum Laaf . Hien as téscht dräi Défenseuren vun Brighton gerannt an haat dun ën oppent Feld . Den Aguero as dun op 4 Géigner gestouss . Hien huët een Défenseur ewech gestouss Ier ën aanerer ëmspillt huët an der géijnerescher Halschent . Dun huët hien op séng Lénks gepasst wou den Sterling iwwerholl huët . Den Englänner as matt der éischter Ballberéierung um Feld no vir gestiermt an huët dem Aguero deen zeréck gepasst , deen mam rietsen Fouss dem Goalkeeper vun Brighton den Ball an de rietsen Eck gesaat huët . " Den Aquero huët momentan kléng Probleemer an de Féiss " , soot den Manager vun City Pep Guardiola zu den Reporter . " Mir haaten gesoot fir hien 55 , 60 Minutten spillen zë loossen . Daat as geschitt . Mir sin frou dass hien an deem Moment ën Goal geschoss huët " . Awer ët war den Sterling deen de Sky Blues den initialen Avantage an der Premier League gin haat . Deen Goal koum an der 29er Minutt . Den Aquero kruut den Ball wäit an der Halschent vun Brighton . Hien huët eng wonnerbar Pass iwwer di lénk Flank bei den Leroy Sane gemeet . De Sane huët bëssen gedribbelt ier en dem Sterling eng lang Pass gemeet huët . D ' Sky Blues hun de Ball grad an d ' Netz geschooss ier en erausgaangen wär . City spillt géint Hoffenheim an engem Champions League Gruppenspill um 12h55 um Dénschden an der Rhein @-@ Neckar @-@ Arena zu Sinsheim , Däitschland . Den Scherzer iwwer d ' Spill géint d ' Rockies Mat der Auscheedung vun den Nationals am Playoff , as een Grond do fir en neien Start ze erzwëngen . Awer den ëmmer zu enger Erausfuërderung bereeten Scherzer hofft d ' Iwwerhand zë huëlen géint d ' Colorado Rockies , awer nëmmen wann d ' Rockies nach ëmmer an de Playoffs sin déi een Spill virun de Los Angeles Dodgers an der NL West sin . D ' Rockies klaamere sech un eng wild @-@ card mat engem 5 @-@ 2 Gewënn géint d ' Nationals e Freideg den Owend , awer struëwelen ëmmer nach hiren Titel an der éischter Divisioun ze festegen . " Och wa mir fir näischt spillen , wéinstens kënne mir e grousst Spill maachen , wëssend dass d ' Atmosphär hei zu Denver mam Publik an der anerer Equipe déi wahrscheinlech um héchsten Niveau spille wäerten deen ech dëst Joër erliewen wäert . Firwat sollt ech mech deem net stellen ? " D ' Nationals muss nach matdeelen , wie fir si ufänkt en Sonndeg , sinn awer sécher gutt beroden de Scherzer an där Situatioun pitchen ze loossen . De Scherzer , dee säin 34en Start wäert spillen , huet en Donneschden eng Bullpen Session geworf a wäert e Sonndeg op sengem Pausendag spillen . De Rietshänner vu Washington as 18 @-@ 7 matt engem 2.53 ERA an 300 Strikeouts an 220 2 / 3 Leef an dëser Saison . Den Trump op Wahlrees an West Virginia Den Präsident huët op d ' Situatioun ronderem säin Choix vum Brett Kavanaugh fir d ' Iewescht Haus higewisen während en op d ' Wichtegkeet vun enger Victoire vun den Republikaner bei Dësen Tëschewahlen hiweist . " Alles waat mir gemeet hun steet um Spill am November . Fënnef Wochen virun den wichtegsten Wahlen an eisem Liewen . Dëst as een vun de groussen , groussen - ich kandidéieren nët mee ech kandidéieren wirklech dofir kämpfen ech fir gutt Kandidaten " , soot hien . Den Trump weider , " Dier gesitt dës fuerchtbar , fuerchtbar radikal Gruppen vun Demokraten , Dir gesitt wéi ët elo geschitt . An déi sin décidéiert fir d ' Muecht ënner allen Emstänn erem ze huëlen , Dir gesitt d ' Sënnlosegkeet , d ' Gemengheet . Deenen as et egal ween se verletzen , ween se iwwerennen mussen fir erem Muecht an d ' Kontroll zë kréien , daat as et waat se wëllen , d ' Muecht an d ' Kontroll , mir gin hinnen se net " . Demokraten , soot hien , sin op enger Missioun vun " resistéieren an blockéieren " . " An Dir gesitt daat an de läschte véier Deeg " , soot hien , bezeechent Demokraten als " rosen an sënnlos an knaschteg an verlurren " . Hien erwähnt den judiciairen Senatsausschuss matt der demokratescher Senatorin Dianne Feinstein mam Numm , die heftegst ausgebuut gouf . " Erënnert Dir Iech un hier Äntwert ? Hu Dir " Dokument gelies ? Uh , uh , waat . Neen , uh neen , ech woarden - daat war eng ganz schlecht Kierpersprooch - die schlechteste Kierpersprooch die ech je gesin hun " . Aarbecht ass net länger vu Gott ginn . Et as intolerant zu deenen die soën waat se denken . Wann Momentum Aktivisten an mengem Wahllokal géint mech stëmmen , war ech wéineg iwwerascht . Schlussendlech , sin ech den läschten aus enger Aarbechterpartei deen gesoot kritt mir wären nët wëllkomm - nëmmen well mir soën waat mir denken . Meng Parteikolleegin Joan Ryan as ähnlech behandelt gin well sie resolut géint Antisemitismus as . An mengem Fall , as d ' Zensur mech kritiséiert huët well ech dem Jeremy Corbyn net Recht gin hun . Matt Sicht op d ' Wichtegkeet vun engem verantwortlechen Emgang an der Economie , der nationaler Sëcherheet , an Europa , ironescherweis ähnlech Emstänn bei wéiengen den Jeremy bei vireschten Leader bemängelt huët . D ' Note fir Nottingham East Aarbechter Treffen um Freiden seet dass " mir wëllen eis Treffen inklusiv an produktiv " . An den meeschten vun mengen 8 Joër als lokalen Aarbechtervertrieder waren d ' Freideg Owend Treffen genau daat . Haut leider , as daat nët méi den Toun op villen Treffen an d ' Verspriechen vun " mi frëndlech , mi fein " Politik as zanter langer Zäit vergiess wann , iwwerhaapt , ët je esou war . Et as ëmmer méi frappant , datt aner Meenungen nët toleréiert gin an der Aarbechter Partei an all Meenung gët gewärt ob së akzeptabel as fir d ' Parteileedung . Dëst as kuerz nodeem den Jeremy d ' Leedung iwwerholl huët , wéi Kolleegen matt deenen ech virdrun geduët hun mir hätten ähnlech politesch Usiichten op emol erwoart hun dass ech d ' Kéier huëlen an Positioun bezéien déi ech soss ni ugeholl hätt - an der nationaler Sëcherheet wéi och am EU Bannemoart . All Kéier ech öffentlech geschwaat hunn - an et as net wierklech wichteg waat ech soen - kréien ech duerno eng Tirade vu Remarken op Social Media géint d ' Politik vun der Mëtt , an déi mir soën ech hätt nët meng Plaatz an der Aarbechter Partei . An daat as nët nëmme meng Erfarung . Trotzdeem , ech weess dass ët mir besser geet ewéi verschiddene vun mengen Kolleegen well die Kommentaren déi ech kréie politescher Natur sinn . Ech bewonneren de Professionalismus an d ' Entschlossenheet vun deene Kolleegen , déi all Dag sexistesch oder rassistesch Bemierkungen ausgesat sinn an nawell net ewechkucken . Ee vun den trauregsten Aspekter an dëse politeschen Zäiten ass , wéi den Niveau vu Mëssbrauch ëmmer méi normal gëtt . Den Jeremy Corbyn huet d ' lescht Woch nach verlaangt , dass d ' Aarbechterpartei eng Kultur vun Toleranz unhëllt . D ' Wourecht ass , datt mir net méi vu Gott gi sinn a mat all " Net @-@ Vertrauen " -Beweegung oder ‑ Wiessel vun Auswielregelen d ' Partei ëmmer méi kléng gëtt . Ech hunn an de leschten zwee Joër vill Rotschléi kritt , mech roueg ze haalen , net ze haart ze sinn , an da wier ech " an der Rei " . Awer dat ass net , firwat ech an d ' Politik komm sinn . Zanter datt ech virun 32 Joër als Schüler an d ' Labour @-@ Partei agetruede sinn , ervirgeruff duerch eng Nolässegkeet vun der Thatcher @-@ Regierung während där mäi Klassesall quasi zesummegefall ass , hunn ech versicht , déi ëffentlech Servicer ze verbesseren , fir déi , déi et am meeschte brauchen - sief et als Lokalpolitiker oder als Regierungsminister . Ech hunn ni meng Politik verstoppt , och net bei de leschte Walen . Keen zu Nottingham East konnt un menger politescher Positioun an un de Punkten , bei deenen ech un der momentaner Féierung net averstaane sinn , zweiwelen . Fir déi , déi d ' Beweegung vun ë Freideg guttheeschen , alles wat ech soe wëll , ass wann d ' Land engem Brexit entgéint geet , datt dat den Stéit , dem Handel an den ëffentlëchen Déngschter schuet , ech verstinn de Wonsch net , Zäit an Energie an u menger Trei zur Labour @-@ Partei ze vergeuden . Awer déi eenzeg Message , déi ech hunn , betrëfft den Nottingham Momentum , se ass fir meng Wieler , egal ob Labour @-@ Memberen oder net : Ech sinn houfreg ze déngen an ech verspriechen , datt keng Droungen oder politesch Aussoe mech dovun ofhaalen , fir dono ze handelen , u wat ech gleewen , datt et am Beschten fir Iech all ass . De Chris Leslie ass Parlamentsmember fir Nottingham East . Ayr 38 - 17 Melrose Ayr ongeschloe no uewen Zwee Versich an der leschter Zäit hunn d ' Schlussresultat eropgeschrauft , awer et besteet keen Zweiwel , datt Ayr den Triumph an dësem spektakulären Tennent ' s Premiership Match vum Dag verdéngt . Se sinn elo un der Spétzt , déi eenzeg ongeschloen vun 10 . Schlussendlech war et eng besser Verteidegung , grad ewéi d ' bessert Ergräifen vu Chancen , wouriwwer sech d ' Heeméquipe an den Trainer Peter Murchie freeë konnten . " Mir sinn an eise Matcher bis elo gefuerdert ginn a mir sinn ëmmer nach ongeschloen , ech muss also glécklech sinn " , sot hien . De Robyn Christie vun Melrose sot : " Gutt fir Ayr , se hunn d ' Chancë besser ergraff ewéi mir " . De Versuch vum Grant Anderson an der 14 . Minutt , emgesaat vum Frazier Climo , huet Ayr no vir bruecht , awer eng giel Kaart fir de schottesche Rory Hughes , déi hien an engem Spill vun de Warriors krut , huet Melrose geschwächt an den Jason Baggot konnt en ongewandelte Versuch starten . De Climo konnt e Strofstouss fir Ayr ëmwandelen , just virun der Hallefzäit , hien huet dunn e Versuch eleng ëmgewandelt fir den 17 : 5 fir Ayr z ' erzilen . Awer Melrose huet déi zweet Hallschent gutt ugefaangen an dem Patrick Anderson säi Laf , ëmgesat vum Baggot , konnt Differenz op fënnef Punkte reduzéieren . No enger Ënnerbriechung wéinst enger Verletzung vum Ruaridh Knott , dee gefoult gouf , an engem Neiufank , konnt Ayr duerch e Laaf vum Stafford McDowall , ëmgesat vum Climo , erëm duerchstarten . De Kapitän vun Ayr , Blair Macpherson , krut dunn eng giel Kaart , an erëm , konnt Melrose de Virdeel mat engem Laf vum Bruce Colvine , no staarkem Drock notzen . D ' Heeméquipe koum erëm , wéi och ëmmer , a wéi de Struan Hutchinson eng giel Kaart krut , well en de Climo ouni Ball op der Strooflinn getesselt huet , konnt de Macpherson en Touchdown am Réck vum ugräifenden Ayr erzilen . De Climo konnt ëmwandelen , wéi hien dat vun Ufank u gemaach huet , nodeem de Kyle Rowe dem David Armstrong säi Kickoff fänke konnt an dem Flankespiller Gregor Henry zu séngem fënneften Laf verhollef huet . Nach Starspiller sicht eng nei Karrière an der Hotellerie Den nach Starspiller Ford Kieran sicht schéint an Hotellerie ze wiesselen , nodeem erauskoum , datt hien Direkter vun enger Restaurantsketten nominéiert gouf . De 56 Joër aalen Jack Jarvis spillt an der bekannter BBC @-@ Sendung , déi hien schreift an an där hien als Co @-@ Star mam langjähregen Comediepartner Greg Hemphill spillt . Den Duo huet matgedeelt , datt déi nächst 9 Folgen déi lescht vun der Show sinn , an de Kiernan plangt no Craiglang eppes Neies ze maachen . Laut offizielle Berichter ass hien Direkter bei Adriftmorn Limited . De Schauspiller leent all Kommentar zur Geschicht of , obwuel eng Quell vun der " Scottish Sun " verroden huet , datt de Kiernan amgaangen ass , an " d ' floréierend Restauratiounsindustrie " vu Glasgow ze kommen . D ' Mier gehéiert eis : Bolivien hofft , datt d ' Geriicht de Wee zum Pazifik erëm opmécht Matrouse patroulléieren ënner Tackelage am Haaptquartéier vu La Paz . Ëffentlech Gebaier hunn en ozeanbloe Fändel gehisst . D ' Marinebasë vum Titicacaséi bis zum Amazonas lafen ënner dem Motto : " D ' Mier gehéiert eis mat Recht . Et erëmzehuelen , ass eis Pflicht " . Duerch d ' ganzt vu Land agekreest Bolivien ass d ' Erënnerung un eng an engem Konflikt am 19 . Joerhonnert un Chile verluer Küst ëmmer nach lieweg - besteet den Wëllen erëm op de pazifeschen Ozean erauszesegelen . Grad elo ass d ' Hoffnung grouss ewéi ni , well Bolivien op eng Entscheedung vum Internationale Geriicht den 1 . Oktober waart , no fënnef Joer Verhandlungen . " Bolivien huet den Elan , de Geescht vum Zesummenhalt an d ' Geloossenheet an hofft natierlech op eng positiv Entscheedung " , sot de Roberto Calzadilla , e bolivianeschen Diplomat . Vill Bolivianer verfollegen d ' Entscheedung vum Internationale Geriicht op grousse Bildschiermer an der Hoffnung , datt Den Haag zugonschte vu Bolivien entscheet an - no Joerzéngte vun sporadesche Gespräicher - Chile gezwonge gëtt , fir mat Bolivien iwwer e souveränen Zougang zum Mier ze verhandelen . Den Evo Morales , de charismatesche President vu Bolivien - deem en ëmstriddene Kampf ëm Neiwahlen d ' nächst Joër bevirsteet - setzt vill op d ' Gespréicher vun e Méindeg . " Mir sti kuerz virdrun erëm un den Pazifik unzeschléissen " , sot hien am spéiden August . Awer e puer Analysten sinn der Meenung , datt d ' Geriicht wuel net zugonschte vu Bolivien entscheede wäert - an datt sech net vill ännere géif , wann et dat awer maache géif . D ' UN @-@ Agence , déi an den Niederlande säi Sëtz huet , huet keng Gewalt iwwer Chile an huet matgedeelt , datt et sech net an eventuell Gespréicher amëscht . Datt d ' Entscheedung vum Geriicht scho 6 Méint no de Schlussverhandlunge gesprach gëtt , weist , datt de Fall " net komplizéiert war " , sot de Paz Zárate , en chileneschen Expert fir internationaalt Recht . An amplaz dat bolivianescht Uleies virunzebréngen , déi lescht véier Joër hunn et zereckgehäit . " D ' Fro vum Zougang zum Mier ass duerch déi aktuell bolivianesch Administratioun torpédéiert ginn " , sot den Zárate . Dem Morales seng kämpferesch Rhetorik huet all chilenesche Wëlle geschwächt , präziséiert hat . Bolivien an Chile schwätzen iergendwann weider , awer et ass dann immens schwéier d ' Gespréicher no deem virunzeféieren . Déi zwee Länner hunn zanter 1962 keng Botschafter méi ausgetosch . De fréiere President Eduardo Rodríguez Veltzé , als bolivianesche Vertrieder zu Den Haag , huet zeréckgewisen , datt d ' Entscheedung vum Geriicht besonnesch séier gefällt gouf . De Méindeg bitt Bolivien " eng aussergewéinlech Geleeënheet fir eng nei Ära vun Bezéiunge mat Chile " an eng Chance fir " en 139 Joer ale Sträit ze bëendegen mat géigesäitege Virdeeler " , sot hien . De Calzadilla huet och zeréckgewisen , datt de Morales - ëmmer nach ee vun de beléifste Präsidente vu Latäinamerika - de maritimen Ausgang als politescht Sprangbriet benotzt . " Bolivien hält ni op , säi Recht op en Zougang zum Pazifik anzekloen " , sot hien nach . " D ' Urteel ass eng Geleeënheet , fir ze versichen , eis Vergaangenheet hannert eis ze loossen " . Nordkorea seet , datt eng atomar Ofrüstung net geschitt , éier et den USA traue kann Den nordkoreaneschen Ausseminister Ri Yong Ho seet , seng Nation wäert ni als éischt ofrüsten , wann et Washington net traue kann . De Ri huet e Samschde virun der UN @-@ Gereralversammlung geschwat . Hien huet un d ' USA appelléiert , hir Verspriechen anzehalen , déi sech d ' Presidente vun de Rivalen um Sommet zu Singapur ginn hunn . Seng Kommentare koumen , wéi den US- Staatssekretär Mike Pompeo probéiert ofgebrach atomar Verhandlunge vun der Diplomatie méi wéi dräi Méint no Singapur mam nordkoreaneschen Kim Jong Un erëmzebeliewen , . De Ri seet , et ass " en Draam " , datt weider Sanktiounen an den Asproch vun den USA géint eng Deklaratioun fir de Korea @-@ Krich be bëendegen Korea jee an d ' Knéie géif zwëngen . Washington ass virsiichteg , der Deklaratioun zouzestëmmen , ouni datt Pjöngyang éischt Schrëtt a Richtung vun enger massiver Ofrüstung mécht . Esouwuel de Kim an den US @-@ President Donald Trump wëllen en zweete Sommet . Awer et gëtt eng allgemeng Skepsis , datt Pjöngyang et mat der Ofrüstung vun engem Arsenal eescht mengt , dat d ' Land als déi eenzeg Garantie fir hir Sécherheet gesäit . De Pompeo plangt den nächste Mount eng Visite op Pjöngyang , fir en zweete Kim @-@ Trump @-@ Sommet virzebereeden . D ' Paräiser Fashionshowe weisen e massiivt Opkomme vun Kappbedeckungen op de Stroossen . Wann Dir Är Huttkollektioun vergréisseren oder d ' Sonn komplett blockéiere wëllt , da sicht net weider . D ' Designer Valentino an Thom Browne enthüllen um Catwalk eng Rëtsch vun iwwerdimensionnéierte Kappbedeckungen fir hir SS19 @-@ Kollektioun , déi de Stil op de Paräiser Fashionwochen an de Schiet stellen . Absolut onpraktésch Hitt hunn Instagram dëse Summer iwwerschwemmt an dës Designer hunn hir opfälleg Kreatiounen op de Catwalk geschéckt . Den Héichpunkt vum Valentino war en iwwerdimensionnéierte beigen Hutt mat eppes wat enger Fieder gläicht an dem Model säi Kapp iwwerschwemmt . Aner iwwerdimensionnéiert Accessoirë mat schmuckvolle Waassermelounen , eng Mëschung aus Hutt an Ananas - awer si sinn net dofir geduecht , den Kapp waarm ze haalen . Den Thom Browne huet och e puer komesch Maske verëffentlecht - grad richteg fir Halloween . Vill vun de faarwege Masken hunn zougebutt Lëppsen a gläiche méi dem Hannibal Lecter ewéi der Haute Couture . Eng Kreatioun gläicht engem Taucherkostüm komplett mat Schnorchel a Brëll , während en aneren ausgesäit ewéi e geschmolzene Glacecornet . A wann Dir méi wëllt gesinn - dann gitt Dir net entäuscht . Stilbeobachter soe viraus , datt déi enorm Kapen hiren Wee bei Iech op d ' Strooss fanne kéinten . Déi iwwerdimensionnéiert Hitt gläiche staark de Feeschte vu " La Bomba " , dem Stréihutt mat engem 60 cm breede Bord , déi ee scho bei Rihanna bis Emily Ratajkowski gesinn huet . De Kultlabel hannert de staark onprakteschen Hitt , déi d ' sozial Medien iwwerschwemmt hunn , schéckt nach eng grouss Kreatioun op de Catwalk - en Stréistrandkuerf esou grouss ewéi de Model , deen e virstellt . Den déif orangë Bastkuerf , mat Bastfrengelen an engem wäisse Liedergrëff , war den Haaptbléckpunkt an der La @-@ Riviera @-@ SS19 @-@ Kollektioun vum Jacquemus op de Paräiser @-@ Fashionwochen . De Starstylist Luke Armitage sot FEMAIL : " Ech erwaarden den nächsten Summer grouss Hitt a Strandkierf op eise Stroossen ze gesinn - well Designer esou e groussen Impakt erreecht hunn , gëtt et schwéier , d ' Nofro fir iwwerdimensionnéiert Accessoiren z ' ignoréieren " . John Edward : Sproochfäegkeete sinn onverzichtbar fir Weltbierger Déi onofhängeg Schoule vu Schottland halen de Rekord fir akadeemesch Leeschtung an dëst ass 2018 mat neien iwwerragenden Examensresultater weidergaangen , wat nëmmen duerch individuell a kollektiv Leeschtungen a Sport , Konscht , Musek an aanere gesellschaftleche Beméiunge konnt gestärkt ginn . Mat iwwer 30.000 Schüler a ganz Schottland wëllen dës Schoulen , vertrueden durch de schottesche Rot fir onofhängeg Schoulen ( SCIS ) , nom beschten Niveau vir Déngschtleeschtunge fir hir Schüler an Eltere striewen . Onofhängeg Schoule schaffe fir hir Schüler fir weider an méi héich Schoulen virzebereeden , fir hir gewielt Karriär an hir Plaz als Weltbierger . Als Léieranstalt mat engem ofgestémmten a besprachene Léierplang gesi mir modern Sproochen als beléift a gewënscht Fächer an de Schoulen . Den Nelson Mandela sot : " Wann Dir mat engem Mensch an enger Sprooch schwätzt , déi hie versteet , geet et an de Kapp . Wann Dir a sénger eegener Sprooch mat him schwätzt , dat geet an d ' Härz " . Dat ass eng staark Erënnerung dorun , datt mir net nëmmen op Englesch vertrauen dierfen , wa mir Bezéiungen a Vertraue mat Leit aus aanere Länner wëllen opbauen . Zanter dësen Examen , kënne mir gesinn , datt Sprooche ganz uewen stinn , mat de beschte Resultater bannent den onofhängege Schoulen . 68 Prozent vun de Schüler , déi Friemsproochen studéiert hunn , hu mat engem A + ofgeschnidden . Déi vun de 74 SCIS @-@ Schoule gesammelt Date weisen , datt 72 Prozent vun de Studenten en A + a Mandarin hunn , während 72 Prozent am Däitschen , 69 Prozent am Franséischen an 63 Prozent am Spueneschen och en A erreecht hunn . Dëst weist , datt onofhängeg Schoulen a Schottland Friemsproochen als liewenswichteg Fäegkeeten ënnerstëtzen , déi d ' Schüler a jonk Leit ouni Zweiwel an der Zukunft brauchen . Sproochen als Wahlfach ginn elo d ' selwecht ugesinn ewéi Haaptfächer ( Wëssenschaften , Technologie , Ingenieurswiesen a Mathematik ) am Léierplang vun onofhängegen Schoulen , awer och anzwousch anescht . Eng Ëmfro vun der englescher Kommissioun fir Beruff a Fähegkeeten 2014 huet erausfonnt , datt Patronen ugin , datt et schwéier ass , fräi Posten ze besetzen , 17 Prozent wéinst engem Mangel un Sproochekenntnisser . Dofir ginn ëmmer méi Sproochekenntnisser ëmmer méi wichteg , fir jonk Leit op hir zukünfteg Aufgaben virzebereeden . Mat méi zukünftegen Aarbechtsméiglechkeeten , déi Sprooche verlaangen , ginn dës Fäegkeeten an enger globaler Welt ëmmer méi wichteg . Onofhängeg vun der Karriär , déi ee wielt , wann een eng zweet Sprooch geléiert huet , huet een e reale Virsprong an d ' Zukunft . An der Lag ze sinn , direkt mat Leit aus aanere Länner ze kommunizéieren setzt eng méisproocheg Persoun automatesch un d ' Spëtzt vum Wettbewerb . Laut enger YouGov @-@ Ëmfro mat méi ewéi 4.000 Erwuessenen an England aus dem Joer 2013 , si 75 Prozent net an der Lag eng Friemsprooch gutt genuch ze schwätzen , fir e Gespréich ze féieren , woubäi Franséisch als eenzeg Sprooch mat 15 Prozent nach an den zweestellege Beräich kënnt . Dofir ass et esou wichteg an d ' Léiere vu Sprooche bei de Kanner vun haut z ' investéieren . Méisproochegkeet , zemools déi vu wuessenden Wirtschaften , bitt de Kanner besser Chancen eng sënnvoll Aarbecht ze fannen . A Schottland bitt jiddwer Schoul aner Sproochen un . Eng Rëtsch vu Schoulen konzentréiert sech op déi méi klassesch modern Sproochen , während anerer Sprooche léieren , déi méi wichteg fir England no 2020 kéinte sinn , wéi Mandarin oder Japanesch . Egal wat Äert Kand interesséiert , et stinn ëmmer eng Rëtsch Sproochen an den onofhängege Schoulen zur Auswiel , mat Léierpersonal dat an dësem Gebitt spezialiséiert ass . Schottesch onofhängeg Schoule sinn erpicht dorop , e Léierëmfeld ze bidden dat d ' Kanner virbereet a se mat de Fäegkeeten ausstatt , déi se brauchen , fir eppes z ' erreechen , egal wéi d ' Zukunft ausgesäit . Et kann an engem globale Geschäftsëmfeld net ofgestridden ginn , datt Sprooche liewenswichteg fir d ' Zukunft vum Land sinn an dat muss sech an der Educatioun erëmspigelen . Tatsächlech musse modern Sproochen als " international Kommunikatiounsfähegkeeten " ugesi ginn . Onofhängeg Schoulen bidden dës Wal , Villfalt an ervirstiechend Leeschtung fir déi jonk Leit vu Schottland . Il faut bien le faire . Den John Edward ass Direkter am schottesche Rot fir onofhängeg Schoulen De LeBron mécht säin Début fir d ' Lakers e Sonndeg zu San Diego D ' Waardezäit ass bal eriwwer fir d ' Fannen , déi dorop waarden , datt de LeBron James fir d ' Los Angeles Lakers start . Den Trainer Luke Walton vun de Lakers huet mattgedeelt , datt den James e Sonndeg am Virsaisonspill géint d ' Denver Nuggets zu San Diego spillt . Et muss nëmmen nach bestëmmt ginn , wéivill Minutten hien spillt . " Et si méi ewéi eng a manner ewéi 48 " , sot de Walton um offizielle Website vun de Lakers . De Laker @-@ Reporter Mike Trudell huet getwittert , datt den James wahrscheinlech eng limitéiert Zuel vu Minutte spillt . Ewéi gewinnt , gouf den James Ufank dëser Woch gefrot , wéi seng Pläng fir de Lakers " hire Sechs @-@ Spiller @-@ Virsaisonprogramm sinn . " Ech brauch keng Virsaisonspiller zu dësem Punkt vun menger Karriär fir prett ze sinn " , sot hien . Dem Trump seng Walveranstaltungstournee a West Virginia , YouTube @-@ Kanal De President Donald Trump fänkt den Owend a Wheeling , West Virginia , eng hellewull vu Walveranstaltungskampagnen un . Et ass dem Trump seng éischt vun fënnef Tourneeën an der nächster Woch , mat Statiounen op him frëndlech gesonnene Plazen ewéi Tennessee a Mississippi . Mat der Bestätegungsvote an der Schwief fir seng Wal fir de Postë vum ieweschte Richter , ziilt den Trump d ' Ennerstétzung fir déi kommend Mid @-@ Term @-@ Walen of , vu que datt d ' Republikaner riskéieren d ' Kontroll iwwer de Kongress ze verléieren , wann d ' Walen am November ofgehale ginn . Um wéivill Auer ass dem Trump seng West @-@ Virginia @-@ Walveranstaltung haut den Owend a wéi kuckt Dir Iech se online un ? Dem Trump seng Walveranstaltung fir West Virginia ass fir haut den Owend , Samsden , 29 . September 2018 , 19 Auer ET @-@ Zäit geplangt . Dir kënnt dem Trump seng West @-@ Virginia @-@ Walveranstaltung online via Livestream op YouTube kucken . Den Trump wärt d ' Unhéierung vun dëser Woch fir de fir den iewechten Haff nominéierte Brett Kavanaugh ernimmen , deem seng Wal wéinst de Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch mat enger fréierer Senatorin eng Woch laang op Äis geluecht ass , während den FBI de Fall ënnersicht . Awer dat éischt Zil ass , de Republikaner ze hëllefen , d ' Gesicht bei de Walen am November ze wueren an neie Schwong ze kréien . Dem President Trump seng Kampagne huet also gesot , déi fënnef Veranstaltungen an der nächster Woch hunn d ' Ziel fir " Fräiwëllegen a Supporteren nei Energie ze ginn , während Republikaner versichen , d ' Majoritéit ze schützen an z ' erweideren , déi se am Senat a Representatenhaus hunn " , esou Reuters . " D ' Kontroll vum Kongress ass esou kritesch fir seng Agenda , datt de President während der wichteger Zäit vun der Campagne an esou vill Staaten ewéi méiglech reest " , sot e Spriecher vum Trump senger Campagne , deen net genannt wollt ginn , sot Reuters . Geplangt fir d ' Wesbanco Arena zu Wheeling kann d ' Walveranstaltung den Owend Supporteren aus " Ohio a Pennsylvania bréngen a vun de Medie vu Pittsburg behandelt ginn " , laut West Virginia Metro News . Samsdeg ass déi zweet Kéier am leschte Mount , datt den Trump West Virginia besicht , dee Staat , wou hien 2016 mat méi ewéi 40 Prozentpunkte gewonnen huet . Den Trump probéiert dem republikaneschen Senatorkanditat fir West Virginia , dem Patrick Morrisey , ze hëllefen , deen an den Ëmfroen zeréckläit . " Et ass kee gutt Zeeche fir den Morrisey , datt de President muss kommen , fir him ze hëllefen Opdriff an den Ëmfroen ze kréien " , sot de Simon Haeder , e Politikwëssenschaftler vun der West Virginia University , laut Reuters . Ryder Cup 2018 D ' USA @-@ Team beweist Mut fir de Kampf fir d ' Hoffnungen fir d ' Eenzelkämpf e Sonndeg lieweg ze haalen No dräi eesäitege Sëtzungen kënnen d ' Véierkämpf e Samsdegnomëtte grad dat sinn , wat dëse Ryder Cup brauch . De schwéngende Schwongpendel ass en ganz erfonnt Sportkonzept , awer eent un dat d ' Spiller gleewen , an ni méi ewéi bei esou Compétitiounen ewéi dësen . Wou géifen se soen , datt den Schwong grad ass ? " Se haten e Virsprong sechs Punkten an elo sinn et der nach véier , also gesinn mir dat elo als klengt Schwonghuelen un " , sot den Jordan Spieth , wéi hien fir haut Schluss gemaach huet . Europa huet de Virdeel ; natierlech , véier Punkte Virsprong mat nach zwiellef ze spillen . D ' Amerikaner , wéi de Spieth seet , spieren e bësse Wand an hire Segelen a se hu vill fir ermontert ze sinn , net zum Schluss d ' Form vum Spieth an dem Justin Thomas , déi all Dag zesumme gespillt hunn , an alle béid gi se mat dräi vu véier Punkten un . De Spieth war déidlech vum Tee bis op de Green an ass e Virbild . Dat freedegt Kielgejäiz gouf méi haart , wéi seng Ronn fortschratt ass , e wichtege Putt versenkt fir de Match u sech ze räissen a wou den Thomas zwee vun zwee hannert him ass . Säi Putt , duerch dee se de Match op 15 gewonnen hunn , gouf mat engem ähnleche Kreesch quittéiert , vun där Zort , déi engem Soën , datt hie gleeft , datt d ' amerikanescht Team net dobaussen ass . " Et muss ee just déif genuch gruewen a sech ëm den eegene Match këmmeren " , sot de Spieth . Dat ass alles , wat all dës Spiller elo nach bleift . 18 Lächer fir ze punkten . Déi eenzeg Spiller mat méi Punkten ewéi de Spieth an den Thomas an de leschten zwee Deeg sinn de Francesco Molinari an den Tommy Fleetwood , déi ondiskutéiert Legenden vum Ryder Cup . Dem Europa seng al , awer beléift Koppel si véier vun véier vir an kënnen näischt méi falsch maachen . " Moliwood " war déi eenzeg Koppel , déi e Samschdegnomëtteg kee Bogey geschoss huet , awer déi hunn de Samschdegmueren , Freidegnomëtteg an déi néng zeréck e Freidegmueren Bogeye och vermidden . Op dësem Run , an esou wéi hir Energie bei an vun den Zuschauer ze fléisse schéngt , zementéiert , datt se déi Spiller sinn , déi et e Sonndeg ze schloe gëllt , an do wäert kee méi beléifte Spiller ginn , fir eng potentiell europäesch Victoire ze besigelen , wann d ' Sonn iwwer dem Le Golf National ënner geet , wéi de Fleetwood an de Molinari . Am léifsten déi zwee gläichzäiteg op verschiddene Lächer . Schonn iwwer eng europäesch Victoire ze schwätzen , ass awer nach verfréit . De Bubba Watson an de Webb Simpson hu kuerzen Prozess mam Sergio Garcia gemaach , den Held vum Moien am Fourball , wéi en eng Koppel mam Alex Noren war . E Bogey an zwee Dubbelen op den éischten néng hunn de Spuenier an de Schweed an engem Lach begruewen , aus deem se esou séier net méi erauskommen . E Sonndeg ass keen do , fir dir aus dem Lach ze hëllefen . D ' Fourballen an Véiererspiller si wéinst den Interaktiounen tëschent de Koppelbildungen ; de Réit déi se ginn ; de Réit déi se net ginn an der Aart a Weis , wéi eng Strategie an engem Abléck kann änneren , esou faszinant unzekucken . Europa huet bis elo besser als Team gespillt an geet fir de leschten Dag gutt a Féierung , awer dës Véiererspillersëtzung huet och gewisen , datt d ' Team USA de Wëlle fir ze kämpfen huet , wat ugezweifelt gouf , speziell de Stateside . Europa geet mat 10 @-@ 6 an den Ryder Cup Finaldag Europa huet en gesonden Avantage um Finaldag vum Ryder Cup nom Véirer Ball vun en Samsden an dem Véirer Match géint d ' USA mat 10 @-@ 6 . Den inspiréierten Duo Tommy Fleetwood an Francesco Molinari leeden d ' Spill mat zwou Victoiren iwwer en schwankenden Tiger Woods fir hieren Virsprong op véier Punkten ze leeen um Le Golf National . Den Thomas Bjorn op europäescher Säit , deen d ' Trophy déi en virun zwee Joër zu Hazeltine verluer huet , dominéiert eng schlecht gestarten amerikanesch Säit an den Véierbäll , d ' Serie op 3 @-@ 1 sëtzend . D ' USA bidd méi Resistenz an den Véirer , gewënnt zwee Matcher , awer si kréien den Defizit net opgeholl . Dem Jim Furyk seng Säit brauch aacht Punkten vun 12 eenzel Matcher en Sonnden fir d ' Trophy ze haalen . Den Fleetwood ass den éischten europäeschen Ufänger deen véier Punkten an der Rei gewënnt während hien an de Molinari , zesummen " Molliwood " no engem sensationellen Weekend nëmmen dat zweet Puer sinn déi véier Punkten zanter den éischten véier Matcher an der Ryders Cup Geschicht maachen . Géint den Woods an den Patrick Reed gewonnen am Véierball harmonéieren si gutt géint en eidelen Woods an den amerikaneschen Ufänger Bryson Dechambeau bei engem sympatheschen 5 & 4 . Den Woods , deen sech selwer duerch zwee Matcher gezun huet um Samsden , huet heiansdo brillant Ausbréch an den Véierbäll an Véirer gewisen an siewen an enger Rei . Den Justin Rose , gepaust an dë Véirerbäll Moies , koum erëm fir mam Henrik Stenson an den Véirer ze spillen an schléit mat 2 & 1 den Dustin Johnson an Brooks Koepka - Den éischten an drëtten gelëscht op der Welt . Europa haat et net nëmmen einfach op engem schéinen , lëftegen Dag am Südwesten vun Paräis . Den dräimoolegen Gewënner Jordan Spieth an den Justin Thomas setzen d ' Laat fir d ' Amerikaner mat zwee Punkten um Samsden . Si recoltéieren en graffen 2 & 1 Sieg iwwer d ' Spunier Jon Rahm an Ian Poulter am Véirerbäll an koumen spéider erëm fir géint den Poulter an Rory McIlroy 4 & 3 an den Véirer ze gewannen obwuehl se déi zwee éischt Lächer verluer hunn . Nëmmen zweemol an der Geschicht vum Ryder Cup haat en Team en Come back vun engem véirer Punkt Defizit fir an d ' Singles , obwuehl dem Furyk seng Säit nëmmen brauch beizehaalen fir d ' Trophy ze haalen . Nodeem se zweetbescht waren während zwee Deeg , wéi och ëmmer , eng Géigenattack um Sonndeg gesäit aus wéi net gewollt vun hinnen . Nord Korea seet " op keen Fall " wärten se eensäiteg ofrüsten ouni Vertrauen Den nordkoreaneschen Ausseminister huet den Vereenegten Natiounen um Samsden gesoot datt weiderféirend Sanktiounen d ' Mësstrauen géint d ' USA verdéiwen an et keen Wee gëtt datt Nord Korea ënner Esou Emstänn hir Nuklearwaffen unilateral ofrüst . De Ri Yong Ho huet op der jährlecher Generalversammlung gesoot datt Nord Korea vill " gudde Wëllen " gewisen huet am vergaangenen Joër , wéi d ' Stoppen vun Nuklear an Missil Tester , ofbauen vum Nuklear Test Site , and Zouso nuklear Waffen an Nuklear Technologie net weider ze vergréisseren . " Egal wéi , mir gesinn keng gläich Äntwert vun den USA " , sot hien . " Ouni Vertrauen an d ' USA gëtt et keen Vertrauen fir eis national Sëcherheet an ënner sou en Emstänn gëtt et keen Wee datt mir unilateral eis selwer entwaffnen . Während de Ri déi bekannten Plainte iwwer d ' Resistenz vun Washington fir eng phasenweis Approche fir eng Denuklearisatioun an där Nord Korea belount gëtt fir déi eenzel Schrëtt widerhëllt , betount en seng Ausso an där hien net ausdrécklech eng unilateral denuklearisatioun ofleent wéi Pjöngyang et an der Vergaangenheet ëmmer gemaach huet . De Ri berifft sech un en gemeinsamt Schreiwes vum Kim Jong Un an Donald Trump um éischten Sommet téscht engem amtéirenden US President an engem nordkoreaneschen Leader zu Singapur den 12 . Juni , wou den Kim verhandelt huet iwwer eng " Denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel " während den Trump fir d ' Sécherheet vun Nord Korea garantéiert . Nord Korea huet gesicht fir en formalt Enn vum Korea Krich 1950 @-@ 53 , awer d ' Vereenegten Staaten sooten Pjöngyang missten éischt hir nuklear Waffen opgin . Washington huet och op Appeller résistéiert fir international Sanktiounen géint Nord Korea ze relachéieren . " D ' USA insistéieren op der " denuclearisation @-@ first " an erhéigen den Drock durch Sanktiounen fir sech duerchzesetzen op eng zwanghaft Manéier , an erhieft Asproch géint " declaration of the end of war " , sot de Ri . " D ' Perceptioun datt d ' Sanktiounen ons op d ' Knéien zwëngen kéinten ass en Draam vun de Leit déi eis net kennen . Awer den Probleem ass datt déi fortlaafend Sanktiounen eist Mësstrauen verdéiwen " . De Ri sot näischt vun Pläng fir en zweeten Sommet téscht dem Kim an dem Trump deen en US Leader éischter déi Woch virun dë Vereenten Natiounen ervirgestrach haat . Den Minister allerdengs huet dräi Treffen ervirgestrach téscht dem Kim an dem Leader vun Süd Korea Moon Jae @-@ in an de leschte fënnef Méint an sot : " Wann d ' Partei fir Denuklearisatioun Süd Korea wär an net d ' USA , wär denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel net an esou enger Saakgaass " . Grad esou , den Toun vum Ri sénger Ried war dramatesch aanescht vun där vum leschte Joër , wéi en gesoot huet virun der UN Generalversammlung datt d ' zielen op d ' US Festland vun den nordkoreaneschen Rakéiten durch dem " Här Däiwel President " Trump ausgeléist gouf wéi en den Kim en " Rakéiten Mann " op enger Selbstmordmissioun genannt huet . Dëst Joër op den Vereenegten Natiounen , huet den Trump , deen d ' lescht Joër gedroht haat fir Nord Korea " komplett ze zerstéieren " , den Kim gelueft fir säin Courage zum ënnerhuelen vun den éischten Schrëtt zur Entwaffnung , sot awer datt nach vill Aarbecht bleift an Sanktiounen mussen bestoën bleiwen bis zur Denuklearisatioun vun Nord Korea . Um Mëttwoch , sot den Trump hien hätt keen Zäitplang dofir , " Wann et zwee Joër dauert , dräi Joër oder fënnef Méint - ass net wichteg " . China a Russland behaapten , dass den UNO Sécherheetsrot Pyongyang fir seng Progreeën belounen soll . Mee den amerikaneschen Ausseminister Mike Pompeo huet dem UNO Sécherheetsrot den Dënschten gesot : " D ' Duerchsetzung vu Sanktiounen vum Sécherheetsrot muss weiderhin zolitt an op alle Fall durchergezu ginn , bis mir eng ganz , endgülteg a bewisen Entnukleariséirung réaliséiert hunn " . De Sécherheetsrot huet säit 2006 eestëmmeg Sanktiounen géint Nordkorea verstäerkt , an der Hoffnung , dass se duerch d ' Ofwiergen vun Fongen de nuklearen a ballisteschen Rakéiteprogramm vun Pyongyang ofwierge kéinten . De Pompeo huet de Ri hannnert de Kulissen Assemblée générale vun der UNO getraff an dono gesot , dass heen de nächste Mount erëm op Pyongyan géif goen fir en zweeten Sommet virzebereeden . De Pompeo huet Nordkorea schon dräimol besicht an desem Joer , mee seng läscht Visitt ass net gudd verlaf . Am Juli huet hee Pyongyang verlooss a gesot , dass Progès gemat ginn ass , mee ënnerhalb vu Stonnen huet Nordkorea heen dénoncéiert fir seng " Gangster @-@ Demanden " . An enger Réunioun mam Moon dese Mount huet Nordkorea sech verpflicht e Raktéitesite an och e nuklearesche Komplex ze démontéieren , sollten d ' Amerikaner " dementspriechend Mesuren " ënnerhuelen " . Hee sot , dass de Kim mat " dementspriechenden Mesuren " mänge géif , dass hee Sécherheetsgarantien sicht , déi den Trump zu Singapur verséchert huet an Rapprochement zu normale Relatioune mat Washington . Harvard Studenten wiele Cour fir genuch ze raschten . E neie Cour op der Harvard Universitéit leet all senge Studenten no , méi Schlof ze kréien an esou déi wuessend Macho @-@ Kultur , an der een mat Kafféin am Blüdd d ' Nuecht duerchléiert , versichen ze bekämpfen . Een Akademiker huet erausfonnt , dass Studenten vun der Uni , der Nummer eent an der Welt , oft keng Anung hunn wat et heescht no sech selwer ze kucken . Den Charles Czeisler , Professer fir Schlofmedezin op der Harvard Medezinsschoul a Spezialist beim Fraëspidol vun Brigham , huet de Cour zesummegestallt , dee fir heen den éischten an dem Beräich an Amerika ass . Hee gouf dozou inspiréiert de Cour unzefänken , nodeems heen eng Vierléisung iwwer den Afloss vun Schlofmangel op d ' Léieren ginn huet . " Um Enn vun der Vierléisung koum e Meedche bei mech a sot : " Firwat ginn ech dat elo eréischt gewuer , a mengem läschte Joer ? " Hat huet gesot , dass bis elo nach keen him iwwer d ' Wichtegkeet vu Schlof eppes gesot huet - wat mech iwwerrascht huet " , huet heen dem The Telegraph gesot . The Cour , deen dëst Joer fir d " éischt ugebuede gëtt , erklärt Studenten dat Essentiellt doriwwer , wéi gudd Schlofgewunnechten akademescher a sportlecher Leeschtung hëllefe kënnen , genausou wéi e generellt Wuelgefill mat sech brénge kënnen . De Paul Barreira , Professer fir Psychiatrie op der Medezinsschoul vun Harvard a Geschäftsféierer vun den Gesondheetsservicer vun der Universitéit , huet gesot , dass d ' Universitéit entscheed huet , de Cour unzebidden , nodeems se gemierkt hunn , dass Studenten en eeschthaften Mangel u Schlof während der Woch haten . De Cour , deen eng Stonn dauert , bidd eng Rei vun interaktiven Aufgaben un . An engem Deel gëtt e Bild vun engem Schlofsall gewisen , wou Studenten kënnen op Kaffistasen , Riddoen , Sportsschung a Bicher klicken an dann iwwert den Effet vun Koffein a Lut léieren , mee och wéi sportlech Leeschtung vum Schlof beaflosst gëtt an d ' Wichtegkeet vun enger Schlofroutine . An engem anderen Deel léieren déi Bedeelegt , dass Langzäitschlofmangel de Risiko vun Häerzinfarkter , engem Schlag , Depressiounen a Kriibs erhéije kann . Eng Kuart vum Unisberäich , mat interaktiven Ikonen , encouragéiert dann d ' Studenten iwwert hir deeglech Routine nozedenken . " Mir wëssen net , ob et d ' Verhalen vun de Studenten direkt ännere wert . Mee mir gleewen , dass si e Recht drop hunn dat ze wëssen - genau wéi een e Recht huet ze wëssen , wat fir Gesondheetsproblemer d ' Fëmmen vun Zigaretten mat sech bréngt " , huet de Prof Czeisler nach bäigegefügt . D ' Kultur fir sech ze bretzen déi ganz Nuecht geléiert ze hunn , existéiert nach , sou de Professer , an déi modern Technologie an den Drock op d ' Studenten , deen ëmmer méi grouss gëtt , huet als Konsequenz Schlofmangel an ass ee Problem , deen ëmmer méi grouss gëtt . He sot , dass d ' Versécherung vu genuch Qualitéitsschlof eng Art " geheim Waff " géint Stress , Iwwerustrengung an Angscht sollt sinn - souguer fir ze verhënneren , dass ee bäihëllt , wëll Schlofmangel d ' Gehier an Hongersnout versetzt an een d ' Gefill huet ëmmer hongereg ze sinn . De Raymond So , ee 19 @-@ jähregen Kalifornier dee Chemie- a Physikbiologie studéiert , huet dem Professer Czeisler gehollef de Cour ze entwerfen , och nodeems en ee vu senge Coursen am läschte Joer a sengem éischte Joer zu Harvard gewielt hat . He sot , dass de Cour him d ' Aen opgemeet hätt an inspiréiert hätt , de Cour der ganzer Uni unzebidden . Heen hofft , an engem nächste Schrëtt , all Doktoranten dozou ze bréngen , en ähnlechen Studienprogramm ze complétéieren , ier si der kompetitiver Institutioun bäitrieden . De Prof Czeisler recommandéiert dat Studenten sech en Alarm stellen fir wéini si an d ' Bett solle goen , mee och fir opzestoen , an opzepassen op schiedlech Effeten vun " bloer Luucht " , déi vun elektroneschen Schiermer an LED Luten ausginn an deen iwwert den Dag verdeelten Rhythmus aus der Lafbunn kënne geheien a sou zu Schlofproblemer féiere kënnen . Livingston 1 - 0 Rangers : Goal vum Menga klappt d ' Equipe vum Gerrard D ' Rangeren hunn eng weider Nidderlag missen erdroen duerch dem Dolly Menga säi Goal , deen dem Steven Gerrard seng wéineg zesummenhängend Säit zu enger 1 @-@ 0 Défaite dégradéiert huet . D ' Säit vun Ibrox hu versicht hieren éischten Match säit dem 4 @-@ 1 Triumph zu St Johnstone am Februar ze sécheren , mee dem Gary Holt seng Equipe huet dem Gerrard seng zweet Défaite an 18 Spiller als Trainer mat sech bruecht an léisst heen aacht Punkten hannert den Ladbrokes Premiership Leaderen , d ' Hearts , hänken . De Menga huet siwe Minutten virun der Hallefzäit de Goal geschoss an dem Line @-@ up vun der Rangers Equipe huet et un Inspiratioun gefeelt a konnt net nokommen . Während d ' Rangers elo op déi sechste Plaatz rutschen , klémmt Livingston op déi drëtt , hannert Hiberian duerch d ' Differenz an de Goaler . An et kéinten nach weider Problemer op d ' Rangers zoukommen nodeems den Abiter Calum Spence fir eng Kappwonn huet missen traitéiert ginn , an dat wéinst engem Objet deen anscheinend um Enn vum Spill geschoss gouf . Den Gerrard huet aacht mol säitlech gewiesselt , wat him d ' Méiglechtkeet ginn huet Ayr hannert sech ze loosen an an d ' Semi @-@ Final vum Betfred Cup ze kommen . Den Holt , op der anerer Säit , huet déi nämlecht Livi 11 gewielt , wat den Hearts déi läscht Woch e Punkt kascht huet an heen wier begeeschtert wéi seng gudd gedrillten Equipe hier Géigner all Kéiers geklappt hunn . D ' Rangers hunn zwar de Ball méi oft gehat , mee Livingston huet méi mam Ball deen se haten gemat . Si hätten schon zwou Minutten am Spill kënnen e Goal schéissen , wéi dem Menga säin éischten Pass den Scott Pittman zum Goal vum Allan McGregor bruecht huet , mee de Mëttelfeldspiller huet seng grouss Chance ze wäit gezunn . En déiwen Fräistouss vum Keaghon Jacobs op de Kapitän Craig Halkett huet dem Alan Lithglow an der Defensiv nëmmen d ' Méiglechkeet ginn vu wäitem op de Pfosten ze schéissen . D ' Rangers konnten d ' Kontroll gewannen , mee et huet méi no Hoffnung ausgesinn wéi Glawen an hiert Spill am läschten Drëttel vun der Partie . De Alfredo Morelos huet sécherlech d ' Gefill gehat , dass heen en Eelefmeter zugudd gehat hätt no enger Véierelsstonn wéi heen an den Steven Lawless aneneengerannt sinn , mee den Abiter Steven Thomsen huet dem Kolumbianer seng Beschwerden ignoréiert . D ' Rangers hu just zweemol an der éischter Halschent op de Goal geschoss , mee de fréieren Ibrox Goalkipp Liam Kelly hat bal kee Problem dem Lassana Coulibaly säi Kappschoss an dem Ovie Ejaria säin harmlosen Schoss ofzewieren . Während dem Livi säin 34 @-@ Minutten @-@ Ufank als e Laf géint d ' Spill kéint ugesi ginn , ka keen behaapten , dass si et net fir hieren Effort alleng verdéngt hunn . Erëm hunn d ' Rangers versot mat enger Standardsituatioun vum Jacobs eens ze ginn . Den Scott Arfield huet net réagéiert wéi den Declan Gallagher de Ball dem Scott Robinson dazwësche geschoss huet , deen e kale Kapp behalen huet an den Menga fir en einfachen Goalschoss ausgewielt huet . Den Gerrard huet an der Paus réagéiert an den Coulibaly géint den Ryan Kent ausgetosch , wat praktesch en direkten Impakt hat wéi den Aussestiermer de Morelos iwwerdribbelt huet , mee dee beandrockenden Kelly ass vun der Säit ugelaf komm fir ze blocken . Mee de Livingston huet weider de Visiteuren genau dee Genre vu Spill geliwwert , dee si gären hunn , mam Lithgow an Halkett déi ee laange Ball nom aneren ugeholl hunn . Dem Holt seng Säit hätt kënnen hiere Virsprong weider ausnotzen an dene läschte Momenter , mee de McGregor huet dem Jacobs de Bass gehalen ier den Lithgow vu wäitem e Corner geschoss huet . De Rangers hieren agewiesselten Glenn Middleton hat e weiderd spéit Recht op en Eelefmeter wéi heen mam Jacobs unenee gaangen ass , mee den Thomsen huet erëm eweggekuckt . Almanac Den Erfanner vum Geigerzieler An elo eng Säit aus eiser " Sunday Morning " Almanac : September den 30 . , 1882 , virun 136 Joer op den Dag genau , an nach weider GEZIELT ... ass de speideren Physiker Johannes Wilhelm " Hans " Geiger an Däitschland gebuer ginn . De Geiger huet eng Method entwéckelt , mat der een Radioaktivitéit erkennen a moosse kann , eng Erfannung , déi spéiderhin d ' Gerät als Geigerzieler bekannt gouf . De Geigerzieler , säitdem eng Haaptstütz vun der Wëssenschaft , ass och e Pilier vun der Popkultur ginn , 1950 ass de Film " Bells of Colorado " mat de Schauspiller Roy Rogers an Dale Evans erauskomm , déi méi Cowboyen geglach hunn ewéi Wëssenschaftler : Mann : " Wat ass dat dann ? " Rogers : " Dat ass e Geigerzieler , dee gëtt benotzt fir radioaktiv Mineralien , sou wéi Uranium , ze localiséieren . Wann " s du des Kopfhörer undees , da kanns du d ' Effeten , déi vun den Atomer duerch d ' Radioaktivitéit an de Mineralien ausginn , héieren " . Evans : " So mol , et knallt elo awer sécher ! " Den " Hans " Geiger ass 1945 gestuerwen , just e puer Deeg viru sengem 63 . Gebuertsdag . Mee seng Erfannung déi no him benannt ass liewt weider . Nei Kriibsimpfung kann dem Immunsystem bäibréngen bäisarteg Zellen ze entdecken Nei Kriibsimpfung kann dem Immunsystem bäibréngen bäisarteg Zellen ze entdecken and ëmzebréngen Impfung bréngt dem Immunsystem bäi , wéi et béisarteg Zellen erkennen kann als en Deel vum Traitement Bei der Méthode ginn Immunitéitszellen vun engem Patient geholl an dann am Labo ëmgeännert Si kënnen dann e Protéin erkennen , deen a ville Kriibszellen dran ass an dann erëm zréckinjektéiert gëtt Eng Test @-@ Impfung weist villverspriechend Resultater bei Patienten mat diversen Kriibsarten op . Bei enger Frau déi mat der Impfung behandelt gouf , déi dem Immunsystem bäibréngt béisarteg Zellen ze erkennen , ass de Kriibs vun den Eeërsteck no méi wéi 18 Méint verschwonnen . Bei der Method ginn Immunitéitszellen vun engem Patient entfernt , dann am Labo ëmgeännert , sou dass se e Protéin aus ville Kriibsarten , HER2 genannt , erkennen an dono d ' Zellen erëm zeréckesprëtzen . De Professer Jay Berzofsky vum US @-@ Amerikanischen Nationalen Kriibsinstitut zu Bethesda a Maryland seet : " Eis Resultater suggestéieren , dass mir eng ganz villverspriechend Impfung hunn " . HER2 " dreiwt de Wuesstem vun verschiddenen Kriibsarten un " , dozou gehéieren Broscht- , Eeërsteck- , Longen an Duarmkriibs , wéi de Prof Berzofsky erklärt . Eng ähnlech Approche fir Immunitéitszellen aus Patienten ze huelen an hinnen " bäizebréngen " , wéi een Kriibszellen ugräift huet schon an der Behandlung vun enger Sort vun Leukämie geklappt . De Kanye West huet eng Pro @-@ Trump @-@ Tirade ugefaangen , mat enger MAGA @-@ Kap , no sengem Optrëtt bei SNL . Et ass net gudd gangen De Kanye West ass am Studio während der Sendung Saturday Night Live ausgebuht ginn , no enger wäitreechender Performance , an der heen den US @-@ Amerikanischen Präsident Donald Trump geluewt huet a gesot huet , hee géif fir 2020 Präsidentschaftskandidat ginn . Nodeems heen säin drëtt Lidd vum Owend gesongen huet , dat Ghost Town heescht , huet heen eng Kap mat der Opschrëft Make Amerika Great gedroën , huet géint d ' Demokraten gestänkert an säi Support fir den Trump widderholl . " Sou oft schwätzen ech mat Wäissen a si soën : " Wéi kënns du den Trump gären hunn , heen ass e Rassist ? " Also , wann ech mech mat Rassismus concernéiere géif , da wier ech schon laang aus Amerika ausgezunn " , sot heen . SNL huet d ' Sendung mat engem Sketch mam Matt Damon ugefaangen , an deem den Hollywood @-@ Star sech iwwert dem Brett Kavaunagh seng Zeienausso virum Justizcomité vum Senat zu Ukloen vun sexueller Belästegung duerch d ' Christine Blasey Ford lëschteg mécht . Obwuel et net iwwerdroë gouf , ass dem West seng Tirade duerch d ' sozial Medien vum Komödiant Chris Rock eropgeluede ginn . Et ass net kloer , ob de Rock sech mat dene Posten probéiert huet sech iwwert de West lëschteg ze man . De West hat sech och beim Publikum beschwéiert , dass heen backstage Problemer hat wéinst senger Kap . " Si hu mech backstage gemobbt . Si hu gesot , " géi net esou eraus mat der Kap " . Si hu mech gemobbt ! An dunn soten si , dass ech elle gesonkt sinn " , sot heen , sou wéi den Washington Examiner sot . De West sot weider : " Dir wëllt déi gesonke Plaatz gesinn ? " , gefollëgt vun engem Statement , dass " hee géif säi Superman @-@ Kostüm undoen , wëll da ka kee mir soen , wat ech man kënn . Dir wëllt , dass d ' Welt viru geet ? Probéiert Léiwt " . Seng Kommentarer hunn op mannst zweemal Buhen mat sech bruecht vum Publikum an d ' SNL @-@ Besetzung huet ausgesinn , wéi wann et hinnen peinlech wier , wéi Variety schreiwt , an eng Persoun huet der Publicatioun folgendes sot : " Am ganze Studio war et total roueg " . De West huet a läschter Minutt d ' Sängerin Ariana Grande ersat , wëll deem säi Kolleg , de Rapper Mac Miller , zwee Deeg virdrun gestuerwe war . De West huet anerer mat der Perfomance vum Lidd I love it irritéiert , wëll heen wéi eng Perrier ' s Fläsch ugedoen war . De West huet Ënnerstëtzung kritt vum Viersetzënden vum conservative Groupp TPUSA , d ' Candace Turner , wat folgendes getweet huet : " Un ee vun denen couragéisten Käpp : MERCI , DASS DU DEM MOB D ' STIER HÄLLS " . Mee d ' Talkshow @-@ Moderatorin Karen Hunter huet getweet , dass de West einfach nëmmen " ass wen heen ass an dat ass absolut wonnerbar " . " Mee ech wielen DOGEINT een ze belounen ( andeems ech seng Musék oder Kleeder oder seng " Konscht " kafen ) bei dem ech mängen , dass en eng schiedlech Idéologie , déi menger Kommunitéit kéint wéi doën , verbreet . Heen ass fräi . Mee mir sinn et och " , sot si nach . Virun der Sendung huet de Rapper op Twitter annoncéiert , dass en säi Numm geännert huet , an zwar géif heen elo " den Artist dee fréier bekannt war als Kanye West " heeschen " . Heen ass net deen éischten , deen säi Numm wiesselt an follegt esou an de Foussstapfen vum Diddy , och bekannt als Puff Daddy , Puffy and P Diddy . Een anere Rapper , de Snoop Dogg hat de Numm Snoop Lion an natierlech déi spéider Muséklegend Prince , dee säi Numm an e Symbol geännert huet an sech dono " the artist previously known as Prince " genannt huet . Versichte Morduklo iwwer Messerpickerei an engem Belfaster Restaurant Ee 45 @-@ jährege Mann gëtt ugeklot wéinst versichtem Mord nodeems e Mann an engem Restaurant am Osten vu Belfast de Freiden erstach gouf . Den Zwëschefall ass zu Ballyhackamore passéiert , sou d ' Police . Den Ugekloten gëtt de Méinden virum Belfast Magistrates " Geriicht erwuart . D ' Punkten vun der Uklo gi vum Public Prosecution Service nogekuckt . De Game of Thrones Star Kit Harington attackéiert schiedlech Maskulinitéit De Kit Harington ass bekannt fir seng schwertschwingend Roll als Jon Snow an der brutaler Fantasy @-@ Serie Game of Thrones vun HBO . Mee den Acteur , 31 Joer al , huet den Stereotyp vum Macho @-@ Held attackéiert a seet , dass esou Rollen um Bildschirm jonke Männer oft d ' Gefill ginn , dass si mussen de staarke Mann mimen fir respektéiert ze ginn . Am Gespréich mat The Sunday Times Culture sot de Kit , dass he mängt , et " wier eppes falsch gaangen " an hannerfreet wéi een de Problem vun der schiedlecher Maskulinitéit an der # MeToo @-@ Ära soll ugoen . De Kit , dee viru kuerzem seng Game of Thrones co @-@ Schauspillerin Rose Leslie , och 31 Joer al , bestued huet , gëtt zou , dass heen " zimlech stuark " un dem Thema hänkt . " Ech fille perséinlech , zimlech stuark , am Moment - wou si mir mat der Maskulinitéit schif gaangen ? " , sot heen . " Wat hu mir Männer bäibruecht wann si opwuessen , no den Termen vum Problem dee mir haut gesinn ? " De Kit gleewt , dass de Fernseh deelweis Schold ass fir des Hausse vun schiedlecher Maskulinitéit , eben duerch seng extrem maskulin Charakteren . Weider seet heen : " Wat ass ugebuer a wat ass geléiert ? Wat gëtt um Fernseh geléiert , an an de Stroossen , dat jonk Männer mängen si missten des bestëmmte Säit vu Mann sinn ? Ech mängen , dass dat wierklech eng vun denen grousse Froën vun eiser Zäit ass - wéi ännere mir dat ? Wëll do ass definitiv eppes falsch gelaf fir jonk Männer " . Am Interview gëtt heen och zou , dass heen keng Vier- oder Nogeschicht vun Game of Thrones maache wëll wann d ' Serie nächste Summer op en Änn kënnt , a seet , dass hee genuch vun " Schluechtfelder a Päerd huet " . Vu November un wert de Kit an engem Revival vum Sam Shepard sengem True West ze gesi sinn , enger Geschicht vun engem Filmproduzent a sengem Brudder , deen en Déiw ass . De Schauspiller huet wéini gesot , dass heen d ' Kenneléieren vu senger Frau Rose déi bäschte Saach fënnt , déi vun Game of Thrones komm ass . " Ech hu meng Fra an deser Serie kennegeléiert , also an deem Sënn huet si mir meng zukünfteg Famill ginn , a mäi Liewen vun elo un " , , sot heen . An der Emmy @-@ gekréinter Fantasy @-@ Serie huet d ' Rose d ' Ygritte gespillt , d ' Léiwt vum Kit sengem Charakter Jon Snow . D ' Koppel huet sech am Juni 2018 um Uwiesen vun der Famill vum Leslie a Schottland bestued . HIV / Aids : China annoncéiert eng Hausse vu 14 % vu neie Fäller China huet annoncéiert , dass d ' Zuel vun de Bierger déi mat HIV oder Aids liewen eng Hausse vun 14 % erreecht huet . D ' Gesondheetsexperten soën , dass méi wéi 820.000 Leit am Land betraff sinn . Em déi 40.000 nei Fäll goufen alleng am zweete Quartal vun 2018 gemellt . D ' Majoritéit vun de neie Fäll goufen duerch sexuell Kontakter iwwerdroen , wat en Ennerscheed markéiert . Traditionnell huet sech HIV schnell duerch verschidden Deeler vu China duerch infizéiert Blüddtransfusiounen verdeelt . Mee d ' Zuel vun de Leit , déi op deem Wee mam HIV infizéiert goufen hätt sech op bal null reduzéiert , wéi di Chinesesch Gesondheetsexperten op enger Konferenz an der Yunnan @-@ Provinz gesot hunn . Vun engem Joer op dat nächst huet sech d ' Zuel vun denen , déi mat HIV an Aids a China liewen ëm 100.000 Leit erhéicht . HIV @-@ Transmissioun duerch Sex ass en akute Problem an der chinesescher LGBT @-@ Kommunitéit . D ' Homosexualitéit gouf 1997 a China dékriminaliséiert , mee d ' Diskriminéierung géint LGBT @-@ Leit ass wäit verbreet . Wéinst dem Land senge konservativen Valeuren hu Studien geschätzt , dass 70 @-@ 90 % vu Männer , déi Sex mat Männer hunn , sech awer um Enn mat Fraë bestueden . Vill vun denen Transmissiounen vun de Krankheeten kommen vun onzuräichender Protektioun an dene Relatiounen . Säit 2003 huet China universellen Accès zu HIV @-@ Medezin versprach , als Deel vun engem Effort fir de Problem an de Grëff ze kréien . D ' Maxine Waters démentéiert , dass Matuarbechter Date vu GOP Senatoren geleakt huet , schwätzt vun " geféierleche Léien " a " Verschwöhrungstheorien " Déi US @-@ Amerikanesch Republikanerin Maxine Waters huet de Samschten Rumeuren démentéiert , no denen e Member vun hiere Matuarbechter perséinlech Informatiounen vun dräi republikaneschen US @-@ Senatoren op de Legislateuren hierer Wikipedia @-@ Säit publizéiert hätt . D ' Demokratin aus Los Angeles huet drop bestan , dass déi Behaaptungen vun " extrem rietsen " Figuren an Websäiten ugefeiert goufen . " Ligen , Ligen an nach méi ekelhaft Ligen " , huet d ' Waters an engem Statement op Twitter gesot . Ënnert de verëffentlechten Informatiounen waren anscheinend och privat Adressen an Telefonsnummeren vun US @-@ Amerikanischen Senatoren Lindsay Graham aus South Carolina , an Mike Lee an Orrin Hatch , allenzwee aus Utah . D ' Informatiounen sinn den Donnëschten online opgetaucht , eropgelueden vun enger anonymer Persoun um Capitol Hill während enger Senatsunhéierung zu Behaaptungen vu sexuellem Mëssverhalen géint de Supreme Court Nominéierten Brett Kavanaugh . De Leak koum nodeems déi dräi Senatoren de Kavanaugh befrot hunn . Konservativ Säiten wéi Gateway Pundit an RedState hu gemellt , dass d ' IP @-@ Adress , déi d ' Source vun de Bäitreeg identifizéiert , e Lien zum Büro vum Waters hätt , a si hunn Informatiounen iwwert e Member vun de Matuarbechter vum Waters erausginn , soën d ' Legislateuren dem The Hill . " Dës onbegrënnt Behaaptungen si komplett falsch an eng absolut Ligen " , seet d ' Waters . " De Member vu mengen Matuarbechter - dem seng Identitéit , perséinlech Informatiounen , a Sécherheet a Gefor sinn als Resultat vun denen onéierlechen a falschen Behaaptungen - hat op guer kee Fall eppes mam Leaken vun dëser Informatioun ze dinn . Dës begrënnungslous Behaaptung ass komplett falsch an eng absolut Ligen " . Dem Waters seng Aussoën hunn online schnell Kritik fonnt , do dazou huet och dee fréieren Pressespriecher vum Wäissen Haus , den Ari Fleischer , gehéiert . " Dësen Dementi ass rosen " , huet de Fleischer geschriwwen . " Et suggéréiert , dass si net d ' Temperament huet fir Member vum Kongress ze sinn . Wann een accuséiert gëtt eppes gemat ze hunn , wat een net gemat huet , dann däerf deen net rose sinn . Et däerf een net trotzen . Et däerf een net d ' Grënn vun dem deen uklot a Fro stellen . Et muss ee roueg an ausgeglach bleiwen " . De Fleischer huet sech manifestéiert fir dem Waters seng Reaktioun iwwer d ' Kritik vun den Demokraten vum Riichter Kavanaugh ze vergläichen , dësen war vu Kritiker accuséiert ginn ze rosen während der Unhéirung den Donneschten gewiercht ze sinn . Den Omar Navarro , e republikanesche Kandidat dee géint d ' Water an den Zwëschewalen untriede wert , huet och seng Meenung op Twitter verëffentlecht . " Grouss wa wouer " , huet hee getweet . An hierem Statement huet d ' Water gesot , dass hiere Bureau " di passend Behörden an déi Responsabel vun der Applicatioun vum Recht iwwer dës falsch Behaaptungen informéiert huet " . " Mir werten sécher goen , dass di Schëlleg un d ' Lut vum Dag kommen " , huet si weider gesot , " an , dass se responsabel gehale ginn fir hier Aktiounen déi destruktiv a geféierlech fir jiddwereen an all Membren vu mengem Bureau sinn " . Johnny English Strikes Again Kritik - wéineg berauschend Rowan Atkinson Parodie Et ass eng Traditioun ginn fir elo an all neie Britischen Filmer Brexit @-@ Uspillungen ze sichen , wat an desem Revival vun der Johnny Englisch Action @-@ Komedie @-@ Parodie Franchise net passend wierkt . Dës huet 2003 ugefaangen an ass 2011 erëm mat Johnny English Reborn nei opgeluecht ginn . Wert dës ironesch Selbstsatire , déi eis offensichtlech als domm duerstellt , dëser Natioun hier Export @-@ Opportunitéit sinn ? Egal wéi , de glotzäugegen an inkompetenten Johnny English mat engem Plastiksgesiicht huet säi Brevet fir eng zweete Kéier alles ze verpfuschen - de Numm vun him seet schon genuch aus , an zwar , dass en eng breed gefächert Comédieskréatioun ass , déi fir net @-@ Englesch @-@ sproocheg Kinosgänger op aneren Territoiren geduecht ass . Heen ass natierlech en dommen Geheimagent deen , obwuel en komesch Usprech fir Idioten @-@ Glamour huet , e bëssen vum Clouseau , e Stréch vum Mr Bean an e Klacks vun deem Typ huet , deen eng eenzeg Nott zum " Chariots of Fire " -Haaptlidd bei der Erëffnungszeremonie vun den Olympësche Spiller 2012 zu London dazougedroën huet . Heen ass och eigentlich um Reesender an international Man vum Mysteriösen baséiert , deen den Atkinson eng Kéier an de laang vergiessenen Barclaycart Fernsehsreklammen gespillt huet , an deen iwwerall Chaos hannerlooss huet . Et ginn een oder zwee gudd Momenter an desem aktuellen Johnny @-@ English @-@ Film . Ech war begeeschtert vun der Szen , wou den Johnny English bei en Helikopter kënnt , ugedoën an enger mëttelalterlecher Rüstung , während déi rotéirend Helikopterblieder kuerz géint säin Helm klapperen . Dem Atkinson säin Don fir physesch Comédie ass ze gesinn , mee den Humor fillt sech " ënnerbottert " an komësch iwwerflësseg un , besonnesch wëll déi " sérieux " Filmmarken wéi 007 an Mission Impossible och elo mat méi Iwwerzeechung Komedie als eng Zutat ubidden . Den Humor fillt sech un wéi wann en fir Kanner geduecht wier a net fir Erwuessener , a fir mech sinn dem Johnny English seng domm Mëssaventuren einfach net esou orginell a focusséiert wéi dem Atkinson seng daf @-@ stomm Sketcher an der Persoun vum Bean . Déi bestänneg aktuell Prämiss ass elo , dass Groussbritannien a sérieuxen Schwieregkeeten stécht . E Cyber @-@ Hacker huet dat super geheimt Internetnetzwierk vu Spionen a Groussbritannien infiltréiert wat d ' Identitéiten vun allen Agenten am Asaatz opdeckt - leider eng kleng Roll fir den Kevin Eldon . Et ass déi läschten Drëpps , déi d ' Faass zum Iwwerlafe bréngt fir de Premier , eng pompös an emkämpft Figur , déi schon en totalen Zesummebroch vu politischer Onbeléiwtheet matmecht : D ' Emma Thompson mécht säi Bäscht mat dësem quasi Theresa @-@ May @-@ Charaktär , mee et ass net vill am Skript do mat deem ee schaffe kéint . Hier Geheimdingschter informéieren si , wëll all eenzelnen Spion a Gefor ass , dass si een aus der Pensioun muss zeréckbréngen . An dat bedeit de murmelnden Johnny English a Persoun , elo agestallt als Schouldirekter vun engem distingéierten Establishment , deen awer heemlech Coursen gëtt wéi een e Spion gëtt : e puer léiw Witzer hei , wëll den English eng Art School of Rock @-@ méisseg Spionschoul opgesat huet . Den English ass op Whitehall zréck expédiéiert ginn fir e kuerze Briefing an Urgence an erëm mat sengem alen leedgepréiften Sidekick Bough zesummenzekommen , erëm vum Ben Miller gespillt . De Bough ass elo bestued , mat engem U @-@ Bootskommandant , eng nüchtern Roll an deer d ' Vicki Pepperdine e bëssen verschwendt gëtt . Sou sinn de Batman an de Robin déi alles falsch man am Numm vun der Majestéit hierem Geheimdéngscht erëm an Actioun a maachen d ' Bekanntschaft vum Olga Kurylenko senger Femme Fatale , dem Ophelia Bulletova . An der Zwëschenzäit verfällt d ' Premierministerin geféierlech engem charismateschen Tech @-@ Milliardär , dee behaapt , hee kéint d ' Computerproblemer vun Groussbritannien léisen : den düsteren Jason Volta , gespillt vum Jake Lacy . Den English and de Bough fänken hier Odyssee vun Farce @-@ Ausweechmanöveren un : verkleed als Serveuren setze si e franséische Restaurant a Flamen ; si suergen fir Chaos u Bort vum Volta senger Luxusyacht ; an den English hannerléist puer Anarchie wéi heen probéiert e virtuellen Realitéits @-@ Headset unzedoën fir sech mam Haus vum Volta ze familiariséieren . All d ' Sketchen sinn sécherlech fir des läscht Sequenz erausgeholl gin , mee sou frëndlech a burschikos alles ass , et huet schon eppes vu Kannerfernseh am Gros . Zimlech mëttelméisseg . A wéi mat denen aneren Johnny English Filmer konnt ech mir net verknäifen ze denken : kann déi britesch Filmindustrie dem Rowan Atkinson net eng Roll ginn , déi sengem Talent gerecht ass ? Labour verleugnet , dass si e Plang fir Briten entwéckelen deen eng Véier @-@ Deeg @-@ Woch , déi fir fënnef Deeg bezuelt gëtt , aféiere géifen Dem Jeremy Corbyn seng Labour Party considéréiert e radikale Plang , bei deem d ' Briten véier Deeg an der Woch schaffen , mee fir fënnef Deeg bezuelt ginn . D ' Partei wëll anscheinend , dass d ' Chefen vun Entreprisen d ' Erspuernisser déi si duerch d ' Révolutioun vun der kënschtlecher Intelligenz gewonnen hunn , den Uarbechter duerch en extra fräien Dag erëmginn . Dat géif heeschen , dass Employeeën en Dräi @-@ Deeg @-@ Weekend hätten - mee nämlecht bezuelt ginn . Sourcen soen , dass déi Iddi mat der Parter hierer ekonomescher Agenda géif iwwereneepassen an och mat Pläng d ' Land a Faveur vum Uarbechter unzeleenen . Op eng Véier @-@ Deeg @-@ Schaffwoch ze wiesselen gëtt vum Trades Union Congress ënnerstëtzt , als e Wee fir Uarbechter d ' Avantagen vun der sech ännerender Wirtschaft ze ginn . Eng Senior @-@ Source aus der Labour Party huet der Sunday Times gesot : " Eng Revue vun der Politik gëtt Enn des Joers erwuart annoncéiert ze ginn . Et wert net iwwernuecht geschéien , mee eng Véier @-@ Deeg @-@ Schaffwoch ass eng Aspiratioun déi mat der Partei hierer Approche , d ' Ekonomie a Faveur vum Employee ze rebalancéieren an der Partei hierer genereller industrieller Strategie zesummepasst . D ' Labour Party wier net déi éischt , déi sech hannert esou eng Iddi géif stellen , déi Gréng hate sech schon an der Walkampagne vun 2017 fir eng Véier @-@ Deeg @-@ Woch ausgeschwat . Mee dës Aspiratioun gëtt am Moment net vun der ganzer Labour Party ënnerstëtzt . E Labour @-@ Party @-@ Spriecher sot : " Eng Véier @-@ Dages @-@ Woch ass net allgemeng Parteispolitik an et gëtt net vun der Partei considéréiert " . De Schattekanzler John McDonnell huet d ' Labour @-@ Konferenz vu läschter Woch genotzt fir seng Visioun vun enger sozialistescher Revolutioun vun der Wirtschaft vierzestellen . De McDonnell sot , dass heen entschloss wier , d ' Muecht vun " gesiichtslousen Diktatoren " a " Profiteure " vu versuergenden Firmen zeréckzeergräifen . De Schattekanzler plangt och , dass aktuell Shareholderen a Waasserfirmen net hier Investissementer kéinten eremkréien , wann eng Labour Regierung gewëssen " Déductiounen " kéint fuerderen op Grond vun falsche Praktiken . Heen huet och Pläng confirméiert , déi viergesinn , dass Emplyeeën am Vierstand vun Entreprisen solle platzéiert ginn an de sougenanntenen " Inclusive Ownership " -Fong soll 10 % vum Profit vu Firmen am Privatsektor un Uarbechter ofginn , déi dann jährlech Dividenten vu bis zu 500 Pond kéinte kréien . De Lindsay Graham , den John Kennedy soën " 60 Minutes " , ob d ' Investigatioun vum Kavanaugh hier Meenungen kéint änneren D ' FBI Investigatioun iwwer Beschëllegungen géint de Riichter Brett Kavanaugh hunn e läschte Vott zu senger Nominatioun an den Supreme Court mindestens ëm eng Woch verspéit , wat d ' Fro opkomme léisst , ob dem Bureau ( FBI ) seng Erkenntnisser kéinten republikanesch Senatoren iwwerzeegen hieren Support nëmmi ze ginn . An engem Interview vun e Sonndëg , huet de " 60 Minutes " -Korrespondent Scott Pelley déi republikanesch Senatoren John Kennedy a Lindsay Graham gefrot , of den FBI eppes Neies kéint erausfannen , dat si dozou brénge géif , hier Meenung ze änneren . De Kennedy huet méi offe gewierkt wéi säin Uarbechtkolleg aus South Carolina . " Ech mängen , natierlech " , sot de Kennedy . " Ewéi ech an d ' Audience eragaange sinn sot ech , dass ech mam Riichter Kavanaugh geschwat hunn . Ech hunn heen ugeruff nodeems dat heie geschitt ass , dës Uschëllegung koum eraus , an echt sot , " Hues du dat gemat ? " Hee war entschlossen , déterminéiert , eendäiteg " . Mee dem Graham säi Vott schént a Steen geschriwwen ze sinn . " Meng Meenung iwwert de Brett Kavanaugh steet fest an et misst schon eng besonnesch stuark Uschëllegung kommen , fir déi ze änneren , sot heen . " Dr. Ford , ech weess net wat geschitt ass , mee ech weess folgendes : De Brett huet et vehement bestridden " , huet de Graham am Kontext vum Christine Blasey Ford gesot . " An all Mënsch deen si nennt kënn näischt vérifiéeren . Et ass 36 Joer hier . Ech gesinn näischt Neies wat d ' Situation ännere kéint " . Wat ass den Global Citizen Festival an wat huet en gemat fir Aarmut ze reduzéieren ? Dëse Samschten wert zu New York erëm den Global Citizen Festival stattfannen , e jährlécht Muséksévénement dat en immens impressionannten Line @-@ up vu Staren déi optriede werten huet , mee eng genausou impressionannt Missioun huet : Aarmut op der ganzer Welt ze endegen . Elo a sengem siwenten Joer , wert de Global Citizen Festival dausende vu Leit um Central Park sengem " Great Lawn " unzéien , fir net nëmmen esou Muséksakten ewéi d ' Janet Jackson , d ' Cardi B an den Shawn Mendes ze gesinn , mee och fir Leit op dee richtege Goal vum Event opmierksam ze man , d.h. d ' Endegung vun extremer Aarmut bis 2030 . De Global Citizen Festival , deen 2012 an d ' Liewe geruff gouf , ass eng Extensioun vum Global Poverty Project , enger internationaler NGO déi géint Aarmut kämpft andeems se d ' Zuel vun de Leit , déi aktiv dogéint ukämpfen , erhéijt . Fir e gratis Ticket ze kréien ( ausser et wëll een e VIP @-@ Ticket kafen ) , mussen d ' Leit , déi op de Concert ginn , eng Rei Aufgaben man , oder " Aktiounen " , wéi als Volontär schaffen , engem Leader op der Welt eng E @-@ mail schreiwen , een uruffen oder aner Aufgaben , déi hëllefen de Goal , Aarmut ze endegen , duerchzeféieren . Mee wéivill Succès hat Global Citizen , mat nëmmen nach 12 Joer iwwreg fir hiert Ziel ze erreechen ? Ass d ' Iddi , d ' Leit mat engem gratis Concert ze belounen , en éierleche Wee fir vu Leit ze verlaangen , dass si aktiv ginn oder erëm e weidere Fall vun " Klicktivismus " - Leit déi mängen se géifen eng richteg Ännerung bréngen andeems se eng Online @-@ Petitioun ënnerschreiwen oder en Tweet verschécken ? Global Citizen seet , dass si säit 2011 méi ewéi 11 Milliounen " Aktiounen " vun hieren Ënnerstëtzer registréiert hunn , déi op verschidden Zieler ausgeriicht sinn . Si soen , dass déi Aktiounen hinnen gehollëf hunn global Leaderen dozou ze bréngen , dass se Engagementer annoncéieren a Politiken vu méi wéi 37 Milliarden Dollar fräischalten , déi méi wéi 2,25 Milliarden Leit bis 2030 hellëfe werten . Ufank 2018 huet de Grupp 390 Engagementer an Meldungen zitéiert déi vun hieren Aktiounen kommen , vun denen mindestens 10 Milliarden Dollar schon verdeelt oder gesammelt goufen . De Grupp schätzt , dass die gesammelt Suen bis elo en Impakt op bal 649 Millioune Leit op der Welt haten . Ee vun den Haaptengagementer ass , ënner anerem The Power of Nutritution , eng a Groussbritannien baséiert Partnerschaft vun Investoren an Emsetzer , déi engagéiert sinn fir " de Kanner ze hëllefen hiert vollt Potenzial auszeliewen " , a verspriechen - nodeems si méi wéi 4700 Tweets vun Global Citizen kritt hunn - Ruanda 35 Milliounen Dollar ze ginn fir d " Ënnerernährung an deem Land ze bekämpfen . " Mam Support vun der groussbritannescher Regierung , Donateuren , nationale Regierungen an Global Citizens wéi " s du , kënne mir sozial Ongerechtegkeet vun Ënnerernährung zu enger Foussnott an der Geschicht man " , sot d ' Power of Nutritution Ambassadeurin Tracey Ullman dem Publikum vum Live @-@ Concert zu London am Abrëll 2018 . De Grupp sot och , dass méi wéi 5000 Aktiounen un Groussbritannien adresséiert goufen fir Ernährung fir Mammen a Kanner ze verbesseren , an , dass d ' Regierung d ' finanziell Ënnerstëtzung vun engem Projet annoncéiert huet , The Power of Nutrition , wat méi ewéi 5 Milliounen Fraen a Kanner mat Ernährungsënnerstëtzung erreeche wert . Op d " Äntwert vun enger FAQ op der Websäit , déi freet " wat bréngt Iech dozou ze denken , dass Dir extrem Aarmut endege kënnt ? " Huet de Global Citizen geäntwert : " Et wert e laangen an huarden Wee ginn - heiansdo falen a scheitere mir . Mee , wéi all grouss Zivilrecht- an Anti @-@ Apartheids @-@ Mouvementer virun eis , werte mir Succès hunn , wëll mir zesummen méi staark sinn " . D ' Janet Jackson , the Weeknd , de Shawn Mendes , d ' Cardi B and d ' Janelle Monáe sinn nëmmen e puer vun den Artisten déi an dësem Joer zu New York werten optrieden , mam Deborra @-@ Lee Furness an dem Hugh Jackman als Moderatoren . D ' USA kéint eng Navy @-@ Blockade notzen fir russesch Energieexportatiounen anzeschränken - Inneminister Washington sot , " wa néideg " géife si hier Navy asetzen fir russesch Energy dovunner ofzehalen , op d ' Marcheeën ze kommen , dorënner och am Mëttleren Osten , wéi den US @-@ Amerikaneschen Inneminister Ryan Zinke verrot huet , zitéiert vum Washington Examiner . Den Zinke behaapt , dass d ' Engagement vu Russland a Syrien - wou si op d ' Invitatioun hinn vum legitimen Gouvernement opéréieren - alles nëmmen e Vierwand wier fir nei Energiemarcheeën ze exploréieren . " Ech gleewen , dass si am Mëttleren Osten sinn wëll si , just wéi an Osteuropa an do am südlechen Deel vun Europa , Energie vermëttele wëllen " , huet heen anscheinend gesot . An , wann een him gleewe kann , ginn et ëmmer Weeër fir dat unzegoen . " Déi Amerikanesch Staaten vun Amerika hunn déi Méiglechkeet , mat eiser Navy , sécher ze goen , dass Mieresweeër op sinn , an , wa néideg , ze blockéieren fir sécher ze goen , dass hier Energie net op de Marché kënnt " , sot heen . De Zinke huet sech un d ' Participanten vum Event geriicht , organiséiert vun der Consumer Energy Alliance - enger amerikanesch NGO , déi sech selwer als " d ' Stëmm vum Energiekonsument " gesäit . Heen huet d ' Approchen vu Washington vis @-@ à @-@ vis vu Russland an dem Iran verglach a bemierkt , dass si am Endeffekt déi gläich sinn . " Déi ekonomesch Optiounen fir den Iran a Russland dréine sech , méi oder manner , dorems fir Drock auszeüben a Brennstoff ze remplacéieren " , sot heen , während heen am Kontext , Russland als Ekonomie ugesäit , déi total ofhängeg ass vun fossiler Energie . Des Behaaptunge kommen während d ' Trump Admininstratioun op enger Missioun ass , d ' Exporter vu natierlechem Flësseggas an Europa ze erhéijen , fir Russland ze remplacéieren , wat eng wesentlech méi bellëg Optioun fir den europäeschen Konsument ass . Zu desem Effet probéieren Employeeën vun der Trump Administratioun , an den Trump selwer , Däischtland dovunner ze iwwerzeegen aus dem " onpassenden " Nord Stream 2 Pipeline @-@ Projet auszesteigen , wat - wann een dem Trump nolauschtert - Berlin zum Gefangenen vu Moskau géif man . Moskau huet oft behaapt , dass déi 11 @-@ Milliarden @-@ deier Nord Stream 2 Pipeline , déi déi aktuell Pipeline @-@ Kapacitéit vun 110 Milliarden Kubikmeter verdueble soll , ee pueren ekonomesche Projet ass . De Kremlin behaapt , dass déi vehement Oppositioun zum Projet vu Washington einfach nëmmen vun ekonomeschen Grënn ugedriwwe gëtt an dat ee Beispill fir onfair Compétitioun wier . " Ech gleewen , dass mir d ' Vue deelen , dass Energie kee Mëttel zur Auswierklung vun Drock ka sinn an , dass et dem Konsumenten soll méiglech sinn , hieren Provider ze entscheeden " , sot de russeschen Energieminister Aleksandr Novak no engem Treffen mam US @-@ Amerikaneschen Energieminister Rick Perry zu Moskau am September . D ' US @-@ Haltung huet Kritik vun Däitschland missen astierchen , dat nach eng Kéier hieren Asaatz fir de Projet réaffirméiert huet . Déi däischt Haaptorganisatioun fir Industrie , d ' Federation of German Industries ( BDI ) , huet Amerika opferuff sech aus der EU @-@ Energiepolitik a bilateralen Ofkommen tëschend Berlin a Moskau erauszehalen . " Ech hunn e grousse Problem wann sech en drëtte Staat an eis Energieversuergung amëscht " , sou den Dieter Kempf , Kapp vun der Federation of German Industries ( BDI ) no engem rezenten Meeting tëschend der däitscher Kanzlerin Angela Merkel an dem russeschen Präsident Vladimir Putin . D ' Elisabeth Warren wert " gudd kucken " , ob si fir 2020 Präsidentschaftskandidat gëtt , sot d ' Senatorin aus Massachusetts Massachusetts Senatorin Elizabeth Warren huet de Samschten gesot , dass si géif " gudd kucken " , ob si an d ' Rennen fir d ' Präsidentschaft geet no den Zwëschewalen . Op enger Versammlung zu Holyoke , Massachusetts , huet d ' Warren confirméiert , dass si considéréiert ze kandidatéieren . " Et ass Zäit , dass Fraën op Washington ginn an eisen futtissen Gouvernement flicken and dat heescht och eng Fra un der Spëtzt " , sot si , no Stëmmen vun The Hill . " Nom 6 . November wert ech mir gudd ukucken , ob ech fir Präsident an d ' Rennen ginn " . D ' Warren huet de Präsident Donald Trump während der Veranstaltung kritiséiert a gesot , dass heen " d ' Land an eng falsch Direktioun géif féieren " . " Ech maache mir Suergen bis a meng Schanken eran iwwert dat , wat den Donald Trump eiser Demokratie undeed " , sot si . D ' Warren war bis elo open mat hierer Kritik um Trump a sengem Supreme Court Nominéierten Brett Kavanaugh . An engem Tweet de Freiden sot d ' Warren , dass " mir natierlech eng FBI Investigatioun brauchen ier gewielt gëtt " . Den Donnëschten ass eng Etude erauskomm , déi awer weist , dass dem Warren seng eege Wieler net mängen , dass si 2020 untriede soll . No enger Enquête vun der Suffolk University Political Research Center / Boston Globe , sinn Aachtafofzëg Prozent vun " wahrscheinlechen " Massachusetts Wierler der Meenung , dass si net untriede soll . Zweeandrësseg Prozent hunn et eng gudd Iddi fonnt . D ' Etude huet gewisen , dass méi Support do ass fir den Gouverneur vu vidrun , den Deval Patrick , mat aachtandrësseg Prozent déi dofir sinn , dass heen untrëtt an aachavéierzeg Prozent déi dogéint sinn . Aner Demokrate @-@ Nimm vun héichem Profil déi am Kontext vun der Präsidentschaftswal vun 2020 genannt ginn , sinn de fréieren Vice @-@ Präsident Joe Biden an den Senator aus Vermont , de Bernie Sanders . De Biden sot , dass hee bis Januar géif offiziell entscheeden , op heen untriede géif , sou huet d ' Associated Press geschriwwen . D ' Sarah Palin erwähnt dem Track Palin säin PTSD bei enger Donald Trump Veranstaltung Den Track Palin , 26 , war ee Joer am Irak nodeems heen sech am September ageschriwwen hat . Heen ass de Méinden Owend wéinst häuslecher Gewalt festgeholl an ugeklot ginn " Wat mäi Bouf duerchmecht , wat heen duerchmecht säit en erëm heiheem ass , ech kann mat anere Familjen , déi mat PTSD Ramifikatiounen ze kämpfen hunn , matfillen , a mat de Verletzungen mat denen eis Zaldoten erëm kommen " , sot si engem Publikum bei enger Veranstaltung fir den Donald Trump zu Tulsa , Oklahoma . D ' Palin huet seng Festnam als " den Elefant am Raum " genannt an sot , dass hire Jong an aner Veteranen " e bëssen anescht erëmkommen , si sinn méi huart , si kommen zréck a froë sech , ob Respekt do ass fir dat wat déi aner Zaldoten a Piloten , an all anere Member vum Militär , matgemat hunn " . Heen ass de Méinden zu Wasilla , Alaska , festgeholl ginn an wéinst häuslecher Kierperverletzung géint eng Fra ugeklot ginn , an dat zesumme am Rapport zu allgemenger häuslecher Gewalt an dem Besëtz vun enger Waff am alkoholiséierten Zoustand , sou den Dann Bennett , Spriecher vum Wasilla Policedépartement . 18 Staaten , D.C. , ënnerstëtzen Défi fir nei Asylpolitik Uechzéng Staaten an den Distrikt vu Columbia ënnerstëtzen eng legal Ufechtung fir eng nei US @-@ Politik déi Affer vun Gang @-@ Gewalt oder häuslecher Gewalt Asyl verbidd . Vertrieder vun 18 Staaten an dem Distrikt hunn en Mémoire " amicus curiae " ( " ami de la cour " ) zu Washington eraginn fir Asylsichender ze ënnerstëtzen an d ' Politik erauszefuerderen , sou beriicht NBC News . De ganzen Numm vum Réquerant an der Grace vs. Sessions Klo , déi d ' American Civil Liberties Union am August géint déi bundesstaatlech Politik eragereecht huet , ass net public gemat ginn . Si huet gesot , dass hire Partner " a seng gewalttäteg Bouwen , déi Gangmembren sinn " , si mësshandelt hätten , mee US @-@ Amerikanesch Beamten hätten hier Demande op Asyl den 20 . Juli ofgeleent . Si ass zu Texas festgehale ginn . De Staaten hier Affekoten , déi d ' Grace ënnerstëtzen beschreiwen El Salvador , Honduras a Guatemala , aus denen eng grouss Zuel vun Demanden fir US @-@ Asyl kommen , als Natiounen , déi konstant Problemer mat Gangs an häuslecher Gewalt hunn . Déi nei US @-@ Asylpolitik huet eng Décisioun vun 2014 vum Board of Immigrant Appeals emgeännert , déi ondokumentéierten Immigranten déi virun häuslecher Gewalt flüchten d ' Méiglechkeet ginn huet Asyl unzefroën . Den Karl Racine , Avocat général vum District of Columbia , sot de Freiden an engem Statement , dass déi nei Politik " Staatsrecht , Bundesrecht an internationalt Recht géif ignoréieren " . " Bundesstaatlecht Recht verlaangt , dass all Asylufroën de Fakten an Emstänn vun der Ufro zougesprach ginn , an esou e Geriicht geet géint dee Prinzip " , seet den " ami de la cour " . Affektoten argumentéieren weider am Mémoire , dass d ' Politik den Immigranten d ' Entrée net géif erméiglechen , wat der US @-@ Ekonomie schuede géif , wëll si wahrscheinlech Entrepreneuren géife ginn , an eng " wichteg Offer vun Uarbechter " . Den Avocat général Jeff Sessions huet am Juni ugefuerdert , dass Riichteren nëmmi Asyl däerfe verginn un Affer , déi häuslecher Gewalt an Ganggewalt wëllen entkommen . " Asyl ass méiglech fir déi , déi hiert Land wéinst Persécutioun oder Angscht op Basis vun hirer Rass , Relioun , Nationalitéit oder wëll si Member vun enger bestëmmtener sozialer Grupp oder enger politischer Meenung sinn , verloossen " , sot de Sessions den 11 . Juni a senger Virstellung vun der Politik . Asyl war ni geduecht all d ' Problemer ze léisen - souguer all déi sérieux Problemer - mat denen d ' Leit all Dag op der ganzer Welt ze dinn hunn . Verzweifelt Rettungsefforten zu Palu während d ' Zuel vun den Doudegen sech verdoppelt am Verglach zu den Iwwerliewenden Fir déi Iwwerliewend war d ' Situatioun ëmmer méi aussichtslous . " Et fillt sech alles ugespaant un " , sot déi 35 @-@ jähreg Mamm Risa Kusuma , während si hire klengen féivregen Bébé am Evakuatiounscenter an der zerstéierter Stad vu Palu probéiert ze berouegen . " All Minutt bréngt eng Ambulanz Läichen eran . Et ass bal kee proppert Wasser do " . Uwunner goufe gesinn , wéi si an hier zerstéiert Héiser zréckgaange sinn , andeems se duerch vernässte Eegentumer gesicht hunn fir egal wat retten ze kënnen . Honnerte vu Leit goufe blesséiert an d ' Spidoler , beschiedegt duerch d ' Erdbiewen vun 7.5 op der Richterskala , waren iwwerfuerdert . E puer vun de Blesséierten , dozou gehéiert och den Dwi Haris , deen e gebrachene Réck a Schëller huet , hu baussen virum Palu ' s Army Hospital gerascht , wou Patienten wéinst den unhalenden Nobiewen dobaussen traitéiert goufen . Wéi heen vum Gefill erzielt huet , wéi et war um 5 . Stack am Hotelszëmmer , dat heen mat senger Fra a sengem Meedchen gedeelt huet , e brutalt Erdbiewen ze erliewen , huet heen Tréinen an d ' Aë kritt . " Et war keng Zäit do fir eis ze retten . Ech sinn an d ' Ruinen vun de Maueren gequëtscht ginn , mängen ech " , sot den Haris der Associated Press , an huet dabäigefügt , dass seng Famill fir eng Hochzäit an der Stad war . " Ech hu meng Fra héieren no Hëllef jäizen , mee dono war et rouëg . Ech weess net wat mat hier oder mengem Kand ass . Ech hoffen si sinn a Sécherheet " . Den US @-@ Ambassadeur beschëllegt China dem " Mobbing " mat " Propaganda @-@ Reklamm " Eng Woch nodeems eng offiziell chinesesch Zeitung eng véiersäiteg Reklamm , déi d ' Bénéficer vu géigesäitegem US @-@ China @-@ Commerce geluewt huet , an enger US @-@ Amerikanescher Dageszeitung publizéiert huet , huet den US @-@ Ambassadeur a China Beijing beschëllegt , déi amerikanesch Press fir Propagandazwecker ze benotzen . Den US- Präsident Donald Trump huet de läschte Mëttwoch sech op déi vun China bezuelten Reklamm am Des Moines Register - dem Staat Iowa seng bäscht verkaften Zeitung - bezunn , nodeems en China ugeklot huet , dass si versichen sech an d ' Kongresswalen vum 6 . November anzemëschen , wat China awer bestreid . Dem Trump seng Accusatioun , dass Beijing probéiere géif sech an US @-@ Walen anzemëschen ass eng nei Phas vun der Eskalatiounskampagne vu Washington fir Drock op China ze man , sou en US @-@ Fonctionnaire no Reuters . Obwuel et normal ass fir auslännesch Gouvernementer Reklammen fir Commerce ze publizéieren , stinn sech Beijing a Washington grad an engem déseskaléierenden Commerce @-@ Krich géigeniwwer , wat dozou gefouert huet , dass méi héichen Zoll op dem aneren seng Importatiounen gerechent ginn . D ' Vergeltungstariffer vu China am Ufank vum Commerce @-@ Krich ware geduecht Exporter Staaten wéi Iowa - déi dem Trump seng Republikanesch Partei ënnerstëtzen - ze treffen , sou chinesesch an amerikanesch Experten . Den Terry Branstad , US @-@ Ambassadeur a China an fréieren laangzäit Gouverneur vun Iowa - engem wichtegen Exportstaat vun Agrikultur u China - seet , dass Beijing amerikanischen Uarbechter , Baueren an Entreprisen wëll wéi doën . China , wéi de Branstad an engem Artikel am Sonndeger Des Moines Register geschriwwen huet , " ass elo dabäi nach eng Schëpp drop ze léen , andeems si elo Propaganda @-@ Reklammen an eiser fräier Press schalten " . Duerch d ' Verbreedung vu Propaganda geet d ' Regierung vu China géint déi geléiwten a laang Traditioun vun der Fräiheet vun der Parole an der fräier Press un andeems se eng bezuelten Reklamm am Des Moines Register platzéiert hunn " , huet den Branstad geschriwwen . " Am Kontrast , um Zeitungsstand ënnen un der Strooss vun Beijing fënnt een wéineg Oppositiounsstëmmen a wert keng richteg Réflektioun vun verschiddene Meenungen fannen , déi d ' Chinesen géint den ekonomeschen Entwécklungsverlaf vun hirem Land kéinten hunn , wëll d ' Medien vun der Chinesescher Kommunistescher Partei kontrolléiert ginn " , huet hee geschriwwen . Hee sot och , dass " eng vun de bekanntesten chineseschen Zeitungen säin Artikel net wollt drécken " , woubäi heen awer net weess wéi eng . D ' Republikaner éloigniéieren sech vun Fraën @-@ Wieler virun der Zwëschewal mam Debakel em den Kavanaugh , warnen Analysten Während vill Spëtzen @-@ Republikaner hannert dem Supreme Court Nominéierten Brett Kavanaugh stinn an heen verteidegen géint verschidden Behaaptungen vun sexueller Gewalt , hunn Analysten virun enger Géigereaktioun an der Zwëschewal gewarnt , besonnesch vu Fraën . D ' Emotiounen ronderëm dese Sujet waren extrem héich an déi meescht Republikaner hu gesot , dass si gären mam Vott géifen viru goen . " Esou Saachen kënnen net zréckgerullt ginn " , sou den Grant Reeher , e Professer vu Politikwësseschaften op der Syracuse University ' s Maxwell School , dee mat The Hill geschwat huet fir en Artikel deen e Sonnden publizéiert gouf . De Reeher huet gesot , dass dem Senator Jeff Flake ( R - Arizona ) säi last @-@ minute Drock fir eng FBI Investigatioun ze hunn nëmmen rosen Wieler mat sech brénge wert . " Fraën werten net vergiessen wat gëschter geschitt ass - si vergiessen et net muar an och net am November " , sot sou d ' Karine Jean @-@ Pierre , eng héich Beroderin an national Porte @-@ parole fir dee progressive Grupp MoveOn , de Freiden , wann een enger Washington D.C. Zeitung gleewe kann . De Freidemoien hun Demonstranten , wéi si de Gank vum Senat entlaang gaange sinn , " November is coming ! " gesongen , während d ' Republikaner , déi den " Judiciary Committee " kontrolléieren , sech dofir entscheed hunn mat der Nominatioun vum Kavanaugh weiderzeman , trotz der Ausso vun der Dr. Christine Blasey Ford , no engem Mic @-@ Bericht . " Demokrateschen Enthusiasmus an Motivatioun werten extrem sinn " , sot de Stu Rothenberg , een net @-@ parteieschen politeschen Analyst , dem News @-@ Site . " D ' Leit soën et war schon héich ; dat ass wouer . Mee et kéint nach méi héich goen , besonnësch ënnert sougenannten weiblechen " Swing @-@ Wieler " , an den Vierstiedt a jonk Wieler , 18 @-@ 29 @-@ Joer @-@ Aller , déi - obwuel se de Präsident net gären hunn - oft net wiele ginn . Souguer virun der ëffentlecher Zeienausso vum Ford , an der si eng genau Beschreiweung vum sexuellen Iwwergrëff géint den Supreme Court Nominéierten ofgëtt , suggéréieren Analysten , dass et kéint zréckfeieren wann Republikaner weider mat der Konfirmatioun ginn . " Dat ass e konfust Duercherneen fir den GOP " , sot de Micheal Steele , fréieren Republikaneschen Viersëtzenden vum National Committee , Ufank läschter Woch , sou NBC News . " Et ass net nëmmen den Comités @-@ Vott oder de läschte Vott oder ob den Kavanaugh Riichter gëtt , et ass och eng Fro wéi d ' Republikaner dat Ganzt gehandhabt hunn and wéi si si behandelt hunn " , sot den Guy Cecil , Direkter vun Priorities USA , engem Grupp deen Demokraten hëlleft gewielt ze ginn , engem Fernsehssender . Mee Amerikaner schéngen iergendswéi zwiegespalten ze sinn iwwer wat se vun den Aussoën vum Ford an Kavanaugh gleewe sollen , obwuel et eng Tendenz gëtt deem läschteren méi ze gleewen . Eng nei Enquête vun YouGov weist , dass 41 Prozent vun den Befroten definitiv oder villäicht dem Ford senger Ausso gleewen , während 35 Prozent soen , dass se definitiv dem Kavanaugh gleewen . En plus , 38 Prozent soën , dass si gegleewt hunn , dass de Kavanaugh wahrscheinlech oder definitiv während senger Ausso gelunn huet , während nëmmen 30 Prozent dat nämlecht iwwer d ' Ford soën . No Drock vum Flake ass den FBI elo amgaangen d ' Uschëllegungen vum Ford a vun op mannst enger anerer Ukloerin , dem Deborah Ramirez , ze ënnersichen , wéi The Guardian geschriwwen huet . D ' Ford huet déi läscht Woch virum Judiciary Committee vum Senat ënner Eed ausgesot , dass de Kavanaugh si am bedronkenen Zoustand am Alter vun 17 Joer mëssbraucht hätt . D ' Ramirez behaapt , dass den Supreme Court Nominéierten op enger Party seng Genitalien exposéiert huet . Den Erfanner vum World Wide Web plangt en neit Internet fir géint Google a Facebook unzegoen Den Tim Berners @-@ Lee , Erfanner vum World Wide Web , huet e Start @-@ up ugefaangen deen eng Konkurrenz vun Facebook , Amazon a Google soll sinn . Der Technologielegend säi läschte Projet , Inrupt , ass eng Firma déi um Berners @-@ Lee senger Open @-@ Source @-@ Plattform Solid opgebaut ass . Solid erlaabt Benotzer ze entscheeden wou hier Daten gespeichert ginn a wen Zougang zu water Informatiounen däerf hunn . An engem exklusiven Interview mat Fast Company huet de Berners @-@ Lee gelaacht , dass seng Intentioun hannert Inrupt " d ' Weltdominatioun " wier . " Mir mussen et elo man " , sot heen iwwert den Start @-@ up . " Et ass en historesche Moment " . D ' App benotzt d ' Technologie vun Solid fir de Leit et ze erméiglechen hieren eegenen " perséinlechen online Daten @-@ Store " oder en POD opzeman . Et kann Kontaktlëschten , To @-@ do @-@ Lëschten , Kalänner , Muséksbibliothéik an aner perséinlech a professionnell Instrumenter zesummebréngen . Et ass ewéi wann Google Drive , Microsoft Outlook , Slack a Spotify all zesummen op engem Browser wieren , an dat andauernd . Wat um " perséinlechen online Daten @-@ Store " eenzegarteg ass , ass datt et komplett vum User ofhängeg ass , wen op wat fir eng Informatiounen Accès kann hunn . D ' Firma nennt et " perséinlech Emanzipatioun duerch Daten " . D ' Idee fir Inrupt , sou der Firma hieren CEO John Bruce , ass fir Ressourcen ze bréngen , Qualifikatiounen ze verschaffen an sech ze appropriéieren fir sou Solid jiddferengem zougänglech ze man . D ' Firma besteed am Moment aus dem Berners @-@ Lee , dem Bruce , enger Security @-@ Plattform déi opkaft gouf vun IBM , e puer Matuarbechter déi als Entwéckler um Projet schaffen an enger Kommunitéit vu volontären Kodéierer . Vun deser Woch un kéinten Technologie @-@ Entwéckler op der ganzer Welt hier eegen dézentraliséiert App mat den Instrumenter , déi op der Inrupt @-@ Websäit ze fanne sinn , schafen . De Berners @-@ Lee sot , dass heen a säin Team net mat Facebook oder Google schwätzen , ob si oder ob si net eng komplett Ännerung aféiere sollen , wou all hier Businessmodeller iwwer Nuecht op de Kapp gestallt ginn . " Mir froën net hier Permissioun " . An engem Post op Medium , de Samschten publizéiert , huet den Berners @-@ Lee geschriwwen , dass dem Inrupt seng " Missioun ass , kommerziell Energie an en Öko @-@ System ze liwweren , wat d ' Integritéit an d ' Qualitéit vum neien Web op Solid protégéieren wert " . 1994 huet den Berners @-@ Lee den Internet transforméiert wéi heen den World Wide Web Consortium am Massachusetts Institute of Technology établéiert huet . An dene läschte Méint war den Berners @-@ Lee eng beaflossend Stëmm an der Debatt iwwert Netzneutralitéit . Och wann en Inrupt gegrënnt huet , bleiwt den Berners @-@ Lee den Grënner an Direkter vum World Wide Web Consortium , der Web Foundation and dem Open Data Institute . " Ech sinn extrem optimistesch fir des nei Ära vum Web " , huet den Berners @-@ Lee dabäigefügt . Bernard Vann : 1 . Weltkrichs @-@ Paschtouer mat " Victoria cross " zelebréiert Den eenzegen Geeschtlechen aus der Church of England dee jemols während dem 1 . Weltkrich als e Kämpfer e " Victoria cross " krut gouf a sengem Heemechtsduerf no 100 Joer gefeiert . De Lt Col The Reverend Bernard Vann huet den Orden den 29 . September 1918 an der Attack zu Bellenglise an Lehaucourt verliehe kritt . Mee he gouf véier Deeg dono vun engem Sniper embruecht an huet ni matkritt , dass heen déi héchsten britesch Militärséier verliehe krut . Ee kommemorative Steen gouf e Samschten vu sengen zwee Enkelen bei enger Parad zu Rushden , Northamptonshire , enthüllt . Ee vu sengen Enkelen , de Michael Vann , sot et wier " genial symbolesch " , dass de Steen genau 100 Joer no der Aktioun vu sengem Bop , déi him d ' Médaille abruecht huet , enthüllt gëtt . Der London Gazette no , huet den Lt Col Vann den 29 . September 1918 säi Bataillon iwwer den Canal de Saint @-@ Quentin " duerch décke Niwwel and ënner Attack um Feld an vun Maschinnegewierer geféiert " . Heen ass spéider bei d ' Schosslinn gelaf and huet de Bataillon wieder geféiert , ier en mat enger Hand eng Feldwaff geholl huet an dräi vun der Militäreenheet emgehoën huet . De Lt Col Vann ass den 4 . Oktober 1918 vun engem däitschen Sniper embruecht ginn - just iwwert e Mount ier de Krich eriwwer war . De Michael Vann , 72 , sot , dass heen den Aktiounen vu sengem Grousspapp " ni kéint gerecht ginn mee et wier eng demüteg Erfarung " . Heen a säi Brudder den Dr. James Vann hun och e Kranz no der Parade niddergeluecht , op deer d ' Brentwood Imperial Youth Band geleet huet . De Michael Vann seet , dass heen " sech ganz geéiert fillt en Deel vun der Parade ze sinn " an huet och gesot , dass " de Courage vun engem richtegen Held duerch d " Ënnerstëtzung vu ville Leit bewise gëtt " . MMA @-@ Fanne sinn déi ganz Nuecht op bliwwen , fir de Bellator 206 ze kucken an hunn amplaz Peppa Pig kritt Stellt Iech Folgendes vir : Dir sidd déi ganz Nuecht opbliwwen , fir e gepaakte Bellator 206 ze kucken , nëmme fir d ' Kucke vum Haaptereegnes da verweigert ze kréien . Um Plang stoungen 13 Kämpf aus San Jose , inklusiv sechs op der Haaptkaart a se goufen op Channel 5 déi ganz Nuecht live am Vereenegte Kinnekräich gewisen . Um 6 Auer mueres , grad wéi de Gegard Mousasi an de Rory MacDonald sech dorop virbereet hunn , géinteneen unzetrieden , waren d ' Zuschauer am Vereenegte Kinnekräich fassungslos wéi d ' Berichterstattung op Peppa Pig gewiesselt gouf . E puer waren onbeandrockt , nodeem se extra fir de Kampf bis an déi fréi Moiesstonne waakreg bliwwe waren . Ee Fan huet d ' Ëmschaltung op de Kannercartoon op Twitter als " eng Aart kranke Witz " beschriwwen . " Et ass eng Virschrëft vun der Regierung , datt um 6 Auer moies deen Inhalt net passend war , dofir hu se op e Kannerprogramm musse wiesselen " , sot den David Schwartz , Seniorvizepresident vu Bellator fir Marketing a Kommunikatioun , wéi hien op d ' Iwwerdroung ugeschwat gouf . " " Peppa the pig " , jo " . De Entreprisepresident vu Bellator Scott Coker huet gesot , datt se hir Terminpläng iwweraarbechte wëllen , fir Zuschauer aus dem Vereenegte Kinnekräich an Zukunft mat anzeplangen . " Ech sinn der Meenung , datt wann ech iwwer de Replay nodenken , ech der Meenung sinn , datt mir dat wahrscheinlech schaffe kënnen " sot de Coker . " Awer et ass 6 Auer moies Sonndeg do a mir sinn net an der Lag dës bis Sonndeg eiser Zäit , Méindeg hir Zäit , ze behiewen . Awer mir schaffen drun . Gleeft mir , wéi et do ëmgeschalt gouf , si vill Noriichten hin an hier geschéckt ginn , a se waren alleguer net frëndlech . Mir hu probéiert dat ze behiewen , mir hu geduecht et wier eng technesch Stéierung . Awer et war keng , et war e rechtleche Problem . Ech kann Iech versécheren , déi nächst Kéier geschitt dat net méi . Mir reduzéieren d ' Kämpf op 5 amplaz vu 6 - esou wéi mir et ëmmer maachen - a mir hu probéiert fir d ' Fanne méi ze liwweren , awer mir hunn et verbockt . Et ass eng bedauernswäert Situatioun " . Desert Island Discs : Den Tom Daley huet sech bei der Sexualitéit " mannerwäerteg " gefillt Den Olympeschen Taucher Tom Daley huet gesot , hie wier mam Gefill opgewuess , wéinst senger Sexualitéit géigeniwwer jiddwerengem mannerwäerteg ze sinn - awer dat huet him d ' Motivatioun ginn , erfollegräich ze ginn . De 24 @-@ joer alen huet gesot , hien hätt net realiséiert , bis hien an de Secondaire komm wier , datt " net jiddwereen ewéi ech ass " . Am Gespräich mam éischte Radio 4 Desert Island Discs , presentéiert vum Lauren Laverne , huet hie gesot , datt hien iwwer d ' Schwulerechter geschwat hätt , fir aneren " Hoffnung " ze ginn . Hien huet och gesot , datt en Elterendeel ze ginn , dozou geféiert huet , datt hie sech manner doraus mécht , d ' Olympiad ze gewannen . Déi regelméisseg Presentatrice vun der laangjäereger Show , d ' Kirsty Young , huet wéinst eng Krankheet eng Auszäit vun e puer Méint geholl . Bei hirem Optrëtt als Ausgestoussenen am éischte Programm vum Laverne , huet den Daley gesot , datt hien d ' Gefill hat beim Opwuesse " manner wäert ze sinn " ewéi jiddwer aneren , well " sozial net akzeptéiert war , Jongen a Meedercher gär ze hunn " . Hie sot : " Bis haut waren déi Gefiller , sech manner wäert an anescht ze fillen , déi eenzeg Saachen , déi mir d ' Kraaft an Ausdauer ginn hunn , erfollegräich ze sinn " . Hie wollt beweisen , datt hien " eppes wäert " war , sot hien , fir datt hie keen enttäuscht , wa se um Enn seng sexuell Präferenzen erausfannen . Den zweefache Bronzegewënner bei den Olympesche Spiller ass ee vun de bekanntsten LGBT @-@ Befirworter an hien huet säin Optrëtt bei de Commonwealth Games an Australien dëst Joer genotzt , fir dozou opzeruffen , datt méi Länner d ' Homosexualitéit entkriminaliséieren . Hien huet gesot , datt hien dat ugeschwat huet , well hie sech glécklech fillt , an der Lag ze sinn , oppen an ouni Konsequenzen ze liewen an aneren " Hoffnung " wëll maachen . Den dräifache Weltmeeschter huet gesot , datt sech an e Mann - den US @-@ Filmmaacher Dustin Lance Black , deen hien 2013 kenne geléiert huet - ze verléiwen , " huet mech iwwerrascht " . Den Daley huet den Oscar @-@ Gewënner , deen 20 Joer méi al ass , d ' lescht Joer bestuet , awer hien huet gesot , datt den Altersënnerscheed ni e Problem war . " Wann een esou jonk , esouvill duerchmécht " - hien huet mat 1 Joer u senger éischter Olympiad deelgeholl a säi Papp ass dräi Joer méi spéit u Kriibs gestuerwen - huet hie gesot , datt et schwéier war , een ze fannen , deen esou al war ewéi hien an déi selwecht Héichten an Déiften duerchgemaach huet . D ' Koppel ass am Juni Eltere vun engem Jonk mam Numm Robert Ray Black @-@ Daley ginn an den Daley huet gesot , seng " ganz Perspektiv " hätt sech geännert . " Wann Dir mech d ' lescht Joer gefrot hätt , goung alles ëm ' Ech muss eng Goldmedail gewannen ' " sot hien . " Wësst Dir wat ; et gëtt méi wichteg Saachen ewéi olympesch Goldmedailen . Meng olympesch Goldmedail ass de Robbie " . Säi Bouf huet de selwechten Numm ewéi säi Papp Robert , deen 2011 am Alter vu 40 Joer un Hierkriibs gestuerwen ass . Den Daley sot , datt säi Papp et net akzeptéiert hätt , datt hie stierwe géif an eng vun de leschte Saachen , déi hie gefrot huet , war , ob se schonn hir Tickete fir London 2012 hätten - well hien an der éischter Rei sëtze wollt . " Ech konnt him net soen : ' Du bass net do , fir an der éischter Rei ze sëtzen ' " , sot hien . " Ech hu seng Hand gehalen , wéi hien opgehalen huet mat Ootmen an et war eréischt , wéi hien opgehalen huet mat Ootmen an doud war , datt ech endlech zouginn hunn , datt hien net onbesigbar war " , sot hien . Am nächste Joer ass den Daley bei den Olympesche Spiller 2012 ugetrueden an huet Bronze gewonnen . " Ech wosst nëmmen , datt et dat war , wouvun ech mäi ganzt Liewe laang gedreemt hat - virun enger Mënschenusammlung doheem bei den Olympesche Spiller ze tauchen , et gëtt kee bessert Gefill " , sot hien . Dat huet och d ' Wiel vu sengem éischte Lidd inspiréiert - Proud vum Heather Small - dat hien am Hannergrond ofgespillt huet , wéi hie sech op d ' Olympesch Spiller virbereet huet a bei him ëmmer nach eng Héngerhaut verursaacht . Desert Island Discs ass sonndes um 11 : 15 BST op BBC Radio 4 . Formschwaache Mickelson beim Ryder Cup e Samschdeg op der Bänk Den Amerikaner Phil Mickelson stellt e Sonndeg e Rekord op , wann hie säi 47 . Ryder @-@ Cup @-@ Match spillt , awer hie muss seng Form erëmkréien , fir ze vermeiden , datt et en ongléckleche Meilestee gëtt . De Mickelson , deen op der Veranstaltung , déi all 2 Joer stattfënnt , fir en 12 . Rekord spillt , gouf vum Kapitän Jim Furyk fir Véierbäll a Véierer e Samschdeg op d ' Bänk geschéckt . Amplaz am Zentrum vun der Aktioun ze stoen , wéi hien et esou dacks fir d ' Vereenegt Staate gemaach huet , huet de fënneffachen Haaptgewënner säin Dag domat verbruecht Cheerleader ze spillen an op der Range u sengem Spill ze schaffen , an der Hoffnung , dat ze verbesseren , wat hie plot . Net emol um Héichpunkt vun senger Karriär war hien de gerootsten Driver , an dofir ass den 48 Joer ale Spiller net déi Ideal Besetzung fir déi enk Bunne vum Le Golf National , wou de laange Rough routinéiert feelgeleet Schëss bestrooft . A wann d ' Bunnen u sech net ofschreckend genuch sinn , trëfft de Mickelson am néngte Spill e Sonndeg op de British @-@ Open @-@ Champion Francesco Molinari , dee mam Ufänger Tommy Fleetwood en Team bilt , fir all véier vun hire Matcher dës Woch ze gewannen . Wann d ' Amerikaner mat véier Punkte Réckstand déi 12 Eenzelspiller ufänken , e schwéiere Start hunn , da kéint de Match vum Mickelson sech als absolut wichteg erweisen . De Furyk huet sengem Mann d ' Vertrauen ausgeschwat , et ass jo net esou , datt hien eppes anescht soe kéint . " Hien huet seng Roll fir haut voll a ganz verstanen , huet mir op de Réck geklappt , säin Aarm ëm mech geluecht a gesot , datt hie muer bereet wier " , huet de Furyk gesot . " Hien huet e staarkt Selbstvertrauen . Hien steet op der Beschtelëscht an hien huet an der Vergaangenheet an dës Woch esouvill zu dësen Teame bäigedroen . Ech hat mir wahrscheinlech net virgestallt , datt hien zwee Matcher spille géif . Ech hat mir méi virgestallt , awer esou huet et funktionéiert a wéi mir geduecht hunn , et maachen ze mussen . Hie wëll ewéi jiddwereen do bausse sinn " . De Mickelson brécht e Sonndeg dem Nick Faldo säi Rekord fir déi meescht gespillt Ryder @-@ Cup @-@ Matchen . Et kéint den Enn vun enger Ryder @-@ Cup @-@ Karriär duerstellen , déi ni wierklech d ' Héichpunkte vu sengem perséinleche Rekord erreecht huet . De Mickelson huet 18 Victoiren , 20 verluer Spiller a siwen Halwer , awer de Furyk huet gesot , datt seng Präsenz dem Team wäit méi net gräifbar Virdeeler bruecht huet . " Hien ass lëschteg , hien ass sarkastesch , launesch , mécht sech gären iwwer anere lëschteg an hien ass e wonnerbare Mënsch , deen ee gär am Teamraum huet " huet hien erkläert . " Ech denken , déi méi jonk Spiller hate Spaass , wéi se mat him ënnerwee waren , an och dës Woch , déi lëschteg unzekucke war . Hie bitt wäit méi ewéi nëmmen Spillen " . Den europäesche Kapitän Thomas Bjorn knows weess , datt e grousse Virsprong séier verschwanne kann Den Thomas Bjorn , den europäesche Kapitän , weess aus Erfarung , datt en zimlech grousse Virsprong fir d ' Eenzele vum leschten Dag am Ryder Cup sech ganz séier an en onbequeme Rëtt ëmwandele kënnen . Den Dän huet säin Debut am Match vun 1997 zu Valderrama gemaach , wou eng Säit mam Kapitän Seve Ballesteros e Virsprong vu fënnef Punkten iwwer d ' Amerikaner hat , awer et grad nach ëm Nueslängt mat 14 ½ : 13 ½ gewonnen huet . " Du erënners dech ëmmer dorun , datt mir e grousse Virsprong zu Valderrama haten ; mir haten e grousse Virsprong zu Brookline , wou mir verluer hunn , an zu Valderrama , wou mir gewonnen hunn , awer och nëmme knapp " , sot de Bjorn , ofgebilt , nodeem hien d ' Klass vun 2018 esouwuel e Freideg a gëschter mat 5 : 3 gewanne gesinn huet fir de Le Golf National mat 10 : 6 unzeféieren . D ' Geschicht wäert mir a jiddwerengem an deem Team also weisen , datt dëst nach net eriwwer ass . Gitt muer alles . Gitt do eraus a maacht alles richteg . Dëst ass net eriwwer bis Dir Punkten um Briet gesitt . Mir hunn en Zil an dat ass , ze probéieren , dës Trophä ze gewannen , an dorop musse mir eis weiderhi konzentréieren . Ech hunn et déi ganz Zäit gesot , ech konzentréiere mech op déi 12 Spiller , déi op eiser Säit sinn , awer mir sinn eis och bewosst , wat op der anerer Säit steet ‑ déi bescht Spiller vun der Welt " . Erliichtert , wéi sech seng Spiller op engem schwéiere Golfparcours geschloen hunn , huet de Bjorn bäigefüügt : " Ech géif mech dobäi ni an der Virdergrond stellen . Muer hu mir en anert Béischt virun eis . Muer sinn et déi eenzel Leeschtungen , déi ervirtrieden , an dat ass en anert Puer Schong . Et ass super mat engem Partner dobaussen ze sinn , wann d ' Saache gutt lafen , awer wann een eleng dobaussen ass , da gëtt een als Golfspiller bis zum Blutt getest . Dat ass d ' Message , déi een de Spiller vermëttele muss : Gitt muer Äert bescht . Loosst elo Äre Partner zeréck an hie muss elo säi Wee goen an och säi bescht ginn " . Am Géigesaz zum Bjorn , wëll säi Géigespiller , den Jim Furyk , datt seng Spiller sech eenzel besser schloen , ewéi se et als Partner gemaach hunn , d ' Ausname sinn den Jordan Spieth an den Justin Thomas , déi dräi vu véier Punkte geholl hunn . De Furyk selwer kennt béid Säiten vun deene grousse Wendungen , well hien Deel vum Gewënnerteam zu Brookline war , éier se als Verléierer vun der Plaz gaange sinn , well Europa d ' " Wonner vu Medinah " ausgespillt huet . " Ech erënnere mech u jiddwer verdammt Wuert dovun " , sot hien als Äntwert op d ' Fro , wéi de Ben Crenshaw , de Kapitän am Joer 1999 , seng Spiller virum leschten Dag gesammelt huet . " Mir hu muer 12 wichteg Spiller , awer Du géifs gär dee séiere Start hileeën , deen s Du zu Brookline gesinn hues , deen s Du zu Medinah gesinn hues . Wann de Pendel an eng Richtung schwéngt , dann übt e vill Drock op déi Mëttelspiller aus . Mir hunn eis Opstellung entspriechend festgeluecht an d ' Leit esou opgestallt , wéi mir d ' Gefill haten , datt mir muer zaubere kéinten " . Den Thomas krut d ' Aufgab ze probéieren , d ' Ofwier unzeféieren a steet dem Rory McIlroy am Haaptspill géintiwwer , mam Paul Casey , Justin Rose , Jon Rahm , Tommy Fleetwood a Ian Poulter , den aneren Europäer op der anerer Hallschent vun der Opstellung . " Ech hu mech fir dës Opstellung entscheet , well ech denken , datt se alles ofdeckt " , sot de Bjorn iwwer seng Eenzelauswielen . Dat neit Krichsschëff vun Däitschland erëm no hanne verluecht Déi neist Fregatt vun der däitscher Marine gouf 2014 an Optrag ginn , fir déi alternd Krichsschëffer aus der Zäit vum Kale Krich z ' ersetzen , awer et gëtt , laut lokale Medien , opgrond vu feelerhafte Systemer an ëmmer gréissere Käschten net virun op mannst dem nächste Joer fäerdeg . D ' Bestellung vun der " Rheinland @-@ Pfalz " , dem Haaptschëff vun der Fregatteklass Baden Württemberg gouf elo , laut der Zeitung " Die Zeit " , déi e Militärspriecher zitéiert , bis an déi éischt Hallschent vun 2019 verluecht . D ' Schëff hätt der Marine 2014 bäitriede sollen , awer déi beonrouegend Problemer no der Liwwerung hunn d ' Schicksal vum ambitionéierte Projet heemgesicht . Déi véier Schëffer vun der Baden @-@ Württemberg @-@ Klass , déi d ' Marine schonn am Joer 2007 bestallt huet , sinn als Ersaz vun den alternde Fregatte vun der Bremen @-@ Klass geduecht . Se hunn e schlagkräeftegt Geschütz , eng Rëtsch vun Fluch- a Schëffofwierrakéiten , esouwéi Tarntechnologien ewéi reduzéiert Radar- , Infrarout- an Akkustiksignaturen . Aner wichteg Funktiounen ëmfaasse méi laang Maintenancezäiträim - et sollt méiglech sinn , dass déi neist Fregatte dem Heemhafe bis zu zwee Joer net ulafen . Awer déi stänneg Verzögerungen bedeite fir déi innovativ Krichsschëffer - déi dem Däitschland seng Schlagkraaft an Iwwerséi beweise sollen - datt se scho veraalt sinn , éier se iwwerhaapt de Service untrieden , bemierkt " Die Zeit " . Déi vum Ongléck verfollegt F125 @-@ Fregatt huet d ' lescht Joer Schlagzeile gemaach , wéi déi däitsch Marine offiziell refuséiert huet , d ' Schëff ze kommissionéieren a se zeréck an d ' Werft Blohm & Voss zu Hamburg geschéckt huet . Dëst war déi éischt Kéier , datt d ' Marine e Schëff no der Liwwerung zeréck un e Schëffsbauer geschéckt huet . Iwwer d ' Grënn vum Zeréckschécke war wéineg bekannt , awer déi däitsch Medien hunn en Unzuel vu kritesche " Software- an Hardwaredefekter " genannt , duerch déi d ' Schëff an enger Kampfmissioun notzlos gemaach hätten . D ' Softwaremängel ware besonnesch wichteg , well d ' Schëffer vun der Baden @-@ Württemberg @-@ Klass vun enger Mannschaft vu knapp 120 Matrouse bedriwwe ginn - grad emol d ' Hallschent vum Personal vun den ale Fregatte vun der Bremen @-@ Klass . Et huet sech och erausgestallt , datt d ' Schëff vill ze vill Gewiicht huet , wat seng Leeschtung reduzéiert an d ' Fäegkeet vun der Marine zukünfteg Verbesserungen deräizesetzen . Déi 7.000 Tonne schwéier " Rheinland @-@ Pfalz " soll duebel esou schwéier ewéi Schëffer vun enger ähnlecher Klass sinn , déi di Däitsch am Zweete Weltkrich agesat hunn . Niewent der feelerhafter Hardware gëtt och d ' Präisschëld vum ganze Projet - inklusiv der Ausbildung vun der Mannschaft - och e Problem . Et gëtt geschat , datt e schonn erstaunlech 3,1 Milliarden € ( 3,6 Mrd . $ ) erreecht huet - vun ursprénglechen 2,2 Milliarden € . D ' Problemer mat den neiste Fregatten gi virun allem opgrond vu rezente Warnunge wichteg , datt déi däitsch Marineschlagkraaft noléisst . Ufank vun dësem Joer huet den Hans @-@ Peter Bartels , Virsëtzende vum Verteidegungskomitee vum Däitsche Parlament , zouginn , datt der Marine déi " asazfäeg Schëffer ausginn " . De Beamten huet gesot , datt de Problem sech mat der Zäit verschlëmmert huet , well al Schëffer stëllgeluecht ginn , awer keng nei Schëffer bereetgestallt ginn . Hien huet geklot , datt keng vun de Fregatte vun der Baden @-@ Württemberg @-@ Klass an der Lag wier , der Marine bäizetrieden . Den National Trust lauscht dem geheime Liewe vu Flantermais Eng nei Fuerschung , déi op engem Grondstéck an de Scottish Highlands huet zum Zil , z ' enthüllen , wéi Flantermais d ' Landschaft op hirer Juegd no Iessen notzen . Et gëtt gehofft , datt d ' Resultater en neit Liicht op d ' Verhale vun den eenzegaartege Fluchmamendéiere geheien an dobäi hëllefen , Richtlinne fir zukünfteg Schutzaktivitéiten auszeschaffen . D ' Studie gëtt vu Wëssenschaftler um National Trust for Schottland duerchgeféiert a verfollegt gewéinlech a Méckeflantermais awer och brong Laangour- a Daubenton @-@ Flantermais zu Inverewe Gardens zu Wester Ross . Speziell Recordere ginn op wichtege Standuerter ronderëm d ' Grondstéck plazéiert , fir d ' Flantermausaktivitéiten déi ganz Saison duerch z ' iwwerwaachen . D ' Personal vum NHS a Fräiwëlleger féieren och mobil Opname mat Hëllef vun Handdetektoren aus . Fundéiert Expertenanalyse vun allen Opzeechnunge bestëmmen d ' Frequenz vun de Flantermauskreescher a wéi eng Aart wat mécht . Eng Kaart an e Bericht vum Liewensraum ginn da produzéiert , fir en detailléiert Bild vun hirem Verhalen op Landschaftskala ze schafen . De Rob Dewar , Beroder fir Naturschutz fir NTS , hofft , datt d ' Resultater verroden , wéi eng Beräicher vum Liewensraum fir d ' Flantermais am wichtegste sinn a wéi se vu jiddwer Aart genotzt ginn . Dës Informatioune hëllefen , d ' Virdeeler vun der Liewensraumverwaltungsaarbecht ze bestëmmen , ewéi beispillsweis d ' Schafe vu Wisen a wéi Bëschgebidder fir Flantermais an aner ähnlech Aarten am beschte gefleegt ginn . D ' Populatioun vun de Flantermaus ass a Schottland an am gesamte Vereenegte Kinnekräich am leschte Jorhonnert däitlech zeréckgaangen . Se gi vun Gebaier an Entwécklungsaarbecht bedréit , déi sech op Schlofplazen an e Verloscht vum Liewensraum auswierken . Wandrieder a Blëtz kënnen och e Risiko duerstellen , genee esou ewéi Méckefänkerten a chemesch Behandlunge vu Gebaimaterialer , awer och Ugrëff vun Hauskazen . Flantermais sinn net wierklech blann . Awer opgrond vun hiren nuechtleche Juegdgewunnechte sinn hir Ouere méi nëtzlech ewéi hir Aen , wann et ëm d ' Fänke vu Beutedéiere geet . Se notzen eng héichentwéckelt Echolokaliséierungstechnik fir Insekten an Hindernisser op hirem Fluchwee auszemaachen . Den NTS , dee fir d ' Fleeg vu méi ewéi 270 historesche Gebaier , 38 wichtege Gäert a 76 000 Hektar Land am ganze Land verantwortlech ass , hëlt Flantermais ganz eescht . Se hunn zéng ausgebilt Experten , déi regelméisseg Opnamen , Schlofplazinspektiounen an heiansdo Rettungen duerchféieren . D ' Organisatioun huet esouguer den éischten an eenzegen dezidéierte Flantermausreservat vu Schottland zu Threave zu Dumfries a Galloway ageriicht , déi fir aacht vun zéng Flantermausaarte vu Schottland e Liewensraum bitt . De Grondstéckverwalter David Thompson seet , datt d ' Grondstéck déi ideal Landschaft fir se ass . " Hei zu Threave hu mir e wonnerbare Beräich fir Flantermais " , sot hien . " Mir hunn déi al Gebaier , vir al Beem an dee wonnerbare Liewensraum . Awer et gëtt vill , wat mir iwwer Flantermais nach ëmmer net wëssen . Dohier hëlleft d ' Aarbecht , déi mir hei an op anere Grondstécker duerchféieren , eis besser ze verstoen , wat se brauchen , fir sech entfalen ze kënnen " . Hien huet d ' Wichtegkeet ervirgehuewen , no Flantermais ze sichen , éier op Grondstécker eng Maintenance duerchgeféiert gëtt , well eng onwëssentlech Zerstéierung vun engem eenzege Opzuuchtliewensraum bis zu 400 weiblech a jonk Flantermais ëmbréngen an doduerch eventuell eng ganz lokal Populatioun ausläsche kann . Flantermais si geschützt an et ass illegal se ëmzebréngen , ze belästegen oder ze stéieren oder hir Liewensraim ze zerstéieren . D ' Elisabeth Ferrell , déi schottesch Verantwortlech fir de Bat Conservation Trust , huet d ' Ëffentlechkeet dozou opgeruff , anzesprangen , fir ze hëllefen . Si sot : " Mir mussen nach vill iwwer Flantermais léieren a fir vill vun eisen Aarte wësse mir einfach net , wéi et hire Populatiounen ergeet " . De Ronaldo streit Vergewaltegungsvirwërf of a seng Affekote wëllen den däitsche Magazin verkloen De Cristiano Ronaldo huet de Vergewaltegungsvirworf géint hien eng " Falschmeldung " genannt andeem hie seet , datt d ' Leit " sech selwer bekannt maache wëllen " andeem se säit Numm benotzen . Seng Affekote wëllen den däitschen Noriichtemagazin " Der Spiegel " verkloen , deen déi falsch Behaaptunge verëffentlecht huet . De Stiermer vu Portugal a Juventus gouf ugeklot , eng Amerikanerin mam Numm Kathryn Mayorga 2009 an engem Hotelzëmmer zu Las Vegas vergewaltegt ze hunn . Et gëtt behaapt , hien hätt dunn 375.000 $ bezuelt , fir de Virfall net un d ' Ëffentlechkeet ze bréngen , huet den " Der Spiegel " e Freideg bericht . Wéi hie Stonnen nodeem iwwer d ' Uschëllegunge bericht gouf , an engem Instagram @-@ Live @-@ Video zu sengen 142 Millioune Followere geschwat huet , huet de Ronaldo , 33 , d ' Berichter als " Falschmeldungen " ofgestridden . " Neen , neen , neen , neen , neen . Wat se haut soen , si Falschmeldungen " huet de fënneffache Gewënner vum Ballon d ' Or an d ' Kamera gesot . " Se wollte Reklamm fir sech selwer maachen , andeem se mäin Numm benotzen . Dat ass normal . Se wëlle bekannt ginn , andeem se mäin Numm nennen , awer dat gehéiert zur Aarbecht . Ech sinn e glécklechen a ganz gudde Mann " huet de Spiller mat engem Laache bäigefüügt . Dem Ronaldo seng Affekote bereede sech dorop vir , den " Der Spiegel " fir déi falsch Uschëllegungen ze verkloen , déi se laut Reuters " eng net zoulässeg Berichterstattung vu Verdächtegungen am Beräich vun der Privatsphär " nennen . Den Affekot Christian Schertz huet gesot , datt de Spiller eng Entschiedegung fir " moralesch Schiedegung mat enger Zomm fuerdere wëll , déi der Schwéiert vum Verstouss entsprécht , wat wäert ee vun de schwéierste Verstéiss géint perséinlech Rechter an de leschte Joeren ass " . Den angebleche Virfall soll sech am Juni 2009 an enger Suite vum Palms Hotel and Casino zu Las Vegas zougedroen hunn . No engem Treffen an engem Nuechtclub sinn de Ronaldo an d ' Mayorga angeblech zeréck an d ' Zëmmer vum Spiller gaangen , wou hien hat , laut Dokumenter aus den Akte vum Clark County District Court an Nevada angeblech anal vergewaltegt hätt . D ' Mayorga behaapt de Ronaldo wier nom angebleche Virfall op d ' Knéie gefall an hätt him gesot , hie wier zu " 99 Prozent " e " gudde Kärel " ofgesi vun deem " enge Prozent " . D ' Dokumenter behaapten den Ronaldo hätt bestätegt , datt déi zwee Sex gehat hätten , awer datt e mat béidersäitegem Averständnes stattfonnt hätt . D ' Mayorga behaapt och , dat hat bei op d ' Police gaange wier , an datt hat Fotoe vun senge Verletzungen hätt , déi am Spidol geschoss gi wieren , awer hat hätt méi spéit zougestëmmt , de Fall à l ' amiable ze léisen , well hat " grouss Angscht viru Vergeltungsmoossnamen " hat an Angscht hat , " ëffentlech gedeemiddegt " ze ginn . Déi 34 Joer al Fra seet , se géif elo versichen , d ' Eenegung ophiewen ze loossen , well se ëmmer nach vum angeblechen Accident traumatiséiert ass . De Ronaldo war zum Zäitpunkt vum angeblechen Iwwergrëff grad dobäi vu Manchester United op Real Madrid ze wiesselen an dëse Summer ass hie mat engem 100 @-@ Milliounen @-@ Deal bei den italienesche Spëtzeveräin Juve gewiesselt . Brexit : D ' Vereenegt Kinnekräich " géif et op éiweg bereien " d ' Autohiersteller ze verléieren D ' Vereenegt Kinnekräich " géif et op éiweg bereien " , wa se hire Status als weltféierenden Autohiersteller verléiere géifen , huet de Wirtschaftsminister Greg Clark gesot . Hien huet bäigefüügt , datt " beonrouegend " wier , datt Toyota UK der BBC gesot hätt , datt wa Groussbritannien d ' EU ouni en Deal verloosse géif , se d ' Produktioun an hirer Fabrik zu Burnaston , an der Géigend vun Derby , temporär aussetze géifen . " Mir brauchen en Deal " , huet den Här Clark gesot . De japaneschen Autobauer huet gesot , datt d ' Auswierkunge vu Verzögerungen un der Grenz am Fall vun engem No @-@ Deal @-@ Brexit kéinten Aarbechtsplaze kaschten . D ' Fabrik zu Burnaston - wou den Toyota Auris a Avensis produzéiert ginn - huet d ' lescht Joer bal 150 000 Autoe produzéiert , vun deenen 90 % an de Rescht vun der Europäescher Unioun exportéiert goufen . " Meng Siicht ass , datt wa Groussbritannien Enn Mäerz aus der EU fält , d ' Produktioun an eiser Fabrik gestoppt gëtt " , sot de Marvin Cooke , de Managing Direkter vun Toyota zu Burnaston . Aner Autohiersteller aus dem Vereenegte Kinnekräich hunn och Bedenken ausgeschwat , wat d ' Verloosse vun der EU ouni Ofkommes doriwwer ugeet , wéi de grenziwwerschreidenden Handel funktionéiere soll , inklusiv Honda , BMW a Jaguar Land Rover . BMW seet zum Beispill , datt se hir Mini @-@ Fabrik zu Oxford nom Brexit ee Mount laang zoumaachen . D ' Haaptbedenke hänken domat zesummen , wat laut Autobauer Liwwerketterisikoen am Fall vun engem No @-@ Deal @-@ Brexit sinn . D ' Produktiounslinn vun Toyota gëtt " fäerdegungssynchron " geféiert , mat Deeler , déi all 37 Minutte vun Zouliwwerbetriber esouwuel am Vereenegte Kinnekräich ewéi aus der EU fir Autoen op Bestellung antreffen . Wann d ' Vereenegt Kinnekräich d ' EU den 29 . Mäerz ouni en Deal verléisst , da kéint et op der Grenz eng Ënnerbriechung ginn , déi laut der Industrie zu Verzögerungen an Enkpäss bei Deeler féiere kéint . Et wier da fir Toyota onméiglech , e Lagerbestand vu méi ewéi engem Dag an der Fabrik zu Derbyshire ze halen , sot d ' Entreprise , an doduerch géif d ' Produktioun gestoppt . Den Här Clark sot dem Theresa May hiren Chequers @-@ Plang fir zukünfteg Bezéiunge mat der EU ass " präzis kalibréiert , fir déi Iwwerpréiwungen un der Grenz ze vermeiden " . " Mir brauchen onbedéngt en Deal . Mir wëllen de beschten Deal , deen eis et erméiglecht , wéi ech et soen , net nëmmen den Erfolleg elo ze genéissen , mä och dës Geleeënheet ze paken " , sot hien dem BBC @-@ Radio @-@ 4 @-@ Programm Today . " D ' Ausso net nëmme vun Toyota , mä och vun aneren Hiersteller ass , datt mir onbedéngt an der Lag musse sinn , dat virunzeféieren , wat en äusserst erfollegräiche Saz vu Liwwerkette war " . Toyota war net an der Lag ze soen , wéi laang d ' Produktioun gestoppt géif ginn , awer laangfristeg hu se gewarnt , datt déi zousätzlech Käschten d ' Wettbewerbsfäegkeet vun der Fabrik reduzéiere an um Enn Aarbechtsplazen kaschte géifen . De Peter Tsouvallaris , dee 24 Joer zu Burnaston geschafft huet an de Gewerkschaftsobmann vu Unite an der Fabrik ass , huet gesot , datt seng Memberen ëmmer méi besuergt sinn : " Aus Erfarung kann ech soen , wann dës Aarbechtsplaze verluer ginn , komme se ni méi zeréck . E Regierungsspriecher sot : " Mir hunn e präzisen a glaubhafte Plang fir eis zukünfteg Bezéiung mat der EU ausgeaarbecht " . Treffen tëschent dem Trump an dem Rosenstein gëtt laut dem Wäissen Haus , eventuell erëm verschuppt Dem Donald Trump säin usprochsvollt Treffe mam stellvertriedende Justizminister Rod Rosenstein kéint " eng weider Woch no hanne verschuppt ginn " , well de Kampf ëm de Kandidat Brett Kavanaugh fir dat Iewescht Bundesgeriicht nach undauert , sot d ' Wäisst Haus e Sonndeg . De Rosenstein iwwerwaacht d ' Aarbecht vum Sonneraffekot Robert Mueller , deen am Fall vun enger méiglecher Amëschung vun de Russen bei Walen , Verbindungen tëschent Trump @-@ Ënnerstëtzer a Russland an eng potentiell Behënnerung vun der Justiz duerch de President ënnersicht . Ob den Trump de stellvertriedende Justizminister erausgehäit oder net an domat d ' Onofhängegkeet vum Mueller op d ' Spill setzt ass zanter Méint Gespréichsthema Nummer eent zu Washington . Méi fréi dësem Mount huet d ' " New York Times " gemellt , datt de Rosenstein doriwwer geschwat hätt , verdrot ze ginn , fir Gespréicher mam Trump opzezeechnen an iwwer d ' Méiglechkeet de President iwwer de 25 . Zousazartikel ofzesetzen . De Rosenstein huet de Bericht ofgestridden . Awer leschte Méindeg ass hien an d ' Wäisst Haus gaangen a laut Berichter , war hien drop an drun ze kënnegen . Amplaz gouf en Treffe mam Trump , deen zu deem Zäitpunkt bei de Vereenegten Natiounen zu New York war , fir Donneschdeg ugekënnegt . Den Trump sot , hie géif de Rosenstein léiwer net " erausgeheien " , awer du gouf d ' Treffe verluecht , fir eng Iwwerschneidung mat der Unhéierung vum Justizausschoss vum Senat ze vermeiden , an där de Kavanaugh an eng vun de Fraen , d ' Dr. Christine Blasey Ford , déi hien enges sexuelle Feelverhalen beschëllegt huet , alle béid ausgesot hunn . E Freideg huet den Trump eng FBI @-@ Ermëttlung vun enger Woch vun de Behaaptunge géint de Kavanaugh ugeuerdert an domat eng ganz Senatofstëmmung weider verzögert . Dem Trump seng Pressspriecherin Sarah Sanders ass e Sonndeg bei Fox News opgetrueden . Op d ' Fro iwwer d ' Rosenstein @-@ Treffen , huet se geäntwert : " Et gouf nach keen Datum dofir festgeluecht , et kéint dës Woch sinn , et kéint och sinn , datt ech et nach eng Woch no hanne verleeë muss , mat all den anere Saachen , déi beim Iewescht Bundesgeriicht lass sinn . Awer dat gesi mir nach an ech halen d ' Press ëmmer gär um leschte Stand " . E puer Reporteren hunn déi Behaaptung a Fro gestallt : D ' Sanders huet zanter dem 10 . September keng Pressinformatiounsronn vum Wäissen Haus ofgehalen . Den Gastgeber Chris Wallace huet nogefrot . D ' Sanders huet gemengt , datt de Mangel un Informatiounsronnen net duerch eng Abneigung géint Fernsehreporteren entstanen ass , déi op " Effekthascherei " aus sinn , och wa se zouginn huet : " Ech streiden awer de Fakt net of , datt se Effekthascherei bedreiwen " . Se huet du virgeschloen , datt den direkte Kontakt tëschent dem Trump an der Press erëm méi géif . " De President hält méi F & Ä @-@ Sëtzungen of ewéi iergendee President virun him " , huet se gesot an ouni Beweis bäigefüügt : " Mir hunn eis déi Zuelen ugekuckt " . Informatiounsronne fannen ëmmer nach statt , huet d ' Sanders gesot , awer " awer wann d ' Press d ' Méiglechkeet huet , dem President direkt Froen ze stellen , dann ass dat definitiv besser , ewéi mat mir ze schwätzen . Mir probéieren dat vill ze maachen an Dir hutt gesinn , datt mir dat an de leschte puer Woche vill gemaach hunn , an dat ersetzt an Zukunft eng Pressinformatiounsronn , wann Dir mam President vun de Vereenegte Staate schwätze kënnt " . Den Trump beäntwert regelméisseg Froen , wann en d ' Wäisst Haus verléisst oder un oppene Sëtzungen oder mat Wierdendréier op Besuch u Pressekonferenzen deelhëlt . Pressekonferenzen eleng si seelen . Zu New York huet de President dës Woch vläicht bewise firwat , andeem hien e labberen an heiandso bizarren Optrëtt virun de versammelte Reporteren higeluecht huet . De Gesondheetsminister schreift EU @-@ Mataarbechter um NHS Scotland wéinst Brexit @-@ Ängscht un De Gesondheetsminister huet dem EU @-@ Personal vun schotteschen NHS ( staatleche Gesondheetsdéngscht ) geschriwwen , fir d ' Dankbarkeet vum Land auszedrécken a gewénscht , datt se och nom Brexit bleiwen . D ' Jeane Freeman , Member vum schottesche Parlament , huet manner ewéi sechs Méint éier d ' Vereenegt Kinnekräich aus der EU austrëtt , e Bréif geschéckt . D ' schottesch Regierung huet sech scho verflicht , d ' Käschte fir en Untrag fir e gereegelte Status fir EU @-@ Bierger z ' iwwerhuelen , déi a sengen delegéierten ëffentlechen Déngschter schaffen . An hirem Bréif huet d ' Mme. Freeman geschriwwen : " De Summer iwwer sinn d ' Verhandlungen tëschent dem Vereenegte Kinnekräich an der EU iwwer den Austrëtt virugaangen an et geet Richtung erwaart Entscheedungen fir dësen Hierscht . Awer d ' Regierung vum Vereenegte Kinnekräich huet och seng Virbereedunge fir e méiglechen No @-@ Deal @-@ Zeenario erhéicht . Ech weess , datt dat fir Iech all eng beonrouegend Zäit muss sinn . Dat ass firwat ech elo widderhuele wëll , wéi vill ech de Bäitrag vu jiddwer Member vum Personal , onofhängeg vun senger Nationalitéit schätzen . Kollegen aus der ganzer EU , an doriwwer eraus , brénge wäertvoll Erfarung a Fäegkeete mat , déi d ' Aarbecht vum Gesondheetsdéngscht stäerken a verbesseren , wouvun d ' Patienten an d ' Gemenge profitéieren , déi mir betreien . Schottland ass wierklech Äert Heem a mir wëlle wierklech gär , datt Dir bleift " . Noutoperatioun fir de Christion Abercrombie no Kappverletzung De Linebacker vun den Tennessee State Tigers Christion Abercrombie hat eng Noutoperatioun no enger Kappverletzung bei der Nidderlag vun 31 : 27 géint d ' Vanderbilt Commodores e Samschdeg , huet de Mike Organ vun den Tennesseaer bericht . De Cheftrainer vun Tennessee State Rod Reed huet de Reportere gesot , datt d ' Verletzung kuerz virun der Hallefzäit passéiert ass . " Hien ass op d ' Säitelinn komm an do zesummegebrach " , sot de Reed . D ' Traineren an d ' medezinescht Personal hunn dem Abercrombie Sauerstoff op der Säitelinn verofreecht an hien op eng Bier geluecht an hie fir eng weider Beuerteelung no hanne bruecht . En Offizielle vum Tennessee State sot dem Chris Harris vun WSMV zu Nashville , Tennessee , datt den Abercrombie den OP vum Vanderbilt Medical Center verlooss hätt . Den Harris huet bäigefüügt , datt et " nach keng Detailer iwwer d ' Aart / Ausmooss vun der Verletzung " gëtt an datt Tennessee State versicht , erauszefannen , wéini d ' Verletzung passéiert ass . Dëst ass dem Abercrombie , e Kollegesportler am 2 . Joer , seng éischt Saison bei Tennessee State nom Transfert vun Illinois . Hien hat e Samschdeg fënnef Tackelen insgesamt , éier hien d ' Spill verlooss huet , wat seng Saison op insgesamt 18 Tackele bruecht huet . Auslännesch Keefer musse méi héich Stempeltaxe bezuelen , wa se e Grondstéck am Vereenegte Kinnekräich kafen Auslännesch Keefer musse méi héich Stempelkäschte bezuelen , wa se e Grondstéck am Vereenegte Kinnekräich kafen , woubäi déi zousätzlech Tax ënner dem Tory @-@ Plang benotzt ginn , fir den Obdaachlosen ze hëllefen . De Schrëtt neutraliséiert den Erfolleg vum Corbyn senger Aktioun fir jonk Wieler unzezéien D ' Stempeltaxerhéijung gëtt deenen operluecht , déi am Vereenegte Kinnekräich keng Steiere bezuelen . D ' Finanzministèresexperten erwaarden , datt se op 120 Millioune £ pro Joer klammen - fir den Obdaachlosen ze hëllefen Auslännesch Keefer musse méi héich Stempelkäschte bezuelen , wa se e Grondstéck am Vereenegte Kinnekräich kafen , woubäi déi zousätzlech Tax ënner dem Tory @-@ Plang benotzt ginn , fir den Obdaachlosen ze hëllefen , kënnegt d ' Theresa May haut un . De Schrëtt gëtt als Versuch ugesinn , den Erfolleg vum Jeremy Corbyn senger Aktioun ze neutraliséieren , jonk Wieler mat Verspriechen unzezéien , méi leeschtbar Wunnenge bereetzestellen , an ziilt op Guttverdénger of . D ' Stempeltaxerhéijung gëtt Persounen an Entreprisen operluecht , déi am Vereenegte Kinnekräich keng Steiere bezuelen , woubäi déi zousätzlech Sue de Kampf vun der Regierung verstäerken , géint d ' Schlofen op der Strooss virzegoen . Déi zousätzlech Tax - déi zousätzlech zu der aktueller Stempeltax , inklusiv de méi héijen Niveauen , déi virun zwee Joer op Zweetwunnsëtzer a Kafe @-@ fir @-@ ze @-@ verlounen @-@ Haiser ageféiert goufen - kéint bis zu dräi Prozent bedroen . D ' Finanzministèresexperten erwaarden , datt de Schrëtt sech op 120 Millioune £ pro Joer beleeft . Geschat 13 Prozent vun nei gebauten Immobilien zu London gi vun Net @-@ Vereenegt @-@ Kinnekräich @-@ Bierger kaaft , wat d ' Präisser an d ' Luucht dreift an et fir Éischtkeefer erschwéiert , Fouss am Wunnbau ze faassen . Vill räich Beräicher am Land - besonnesch an der Haaptstad - sinn opgrond vun der héijer Unzuel vun auslännesche Keefer , déi de gréissten Deel vun hirer Zäit am Ausland verbréngen , zu " Geeschterstied " ginn . Déi nei Richtlinn kënnt nëmme Wochen , nodeem de Boris Johnson eng Stempeltax verlaangt huet , fir méi jonke Leit ze hëllefen , hiert éischt Heem ze besëtzen . Hien huet grouss Bauentreprisë beschëllegt , Grondstéckpräisser héich ze halen , andeem se Land opkafen , et awer net benotzen , an hien huet d ' Mme. May gedrängt , Quoten op leeschtbar Heemer opzeginn , fir " Wunnzoumuddung " vu Groussbritannien ze behiewen . Den Här Corbyn huet eng opfälleg Rëtsch vu Wunnreformvirschléi ugekënnegt , inklusiv Loyerkontrollen an en Enn fir Zwangsräumungen " ouni Verscholden " . Hie wëll de Gemengeréit och méi Befugnisser ginn , fir nei Heemer ze bauen . D ' Mme May sot : " D ' lescht Joer hunn ech gesot , ech géif meng Amtszäit als Premierminsterin dofir notzen , de briteschen Dram erëm opliewen ze loossen - datt d ' Liewe fir jiddwer nei Generatioun besser sollt sinn . An dat bedeit , de futtisse Wunnmaart ze reparéieren . Groussbritannie bleift ëmmer op fir Leit , déi hei wunnen , schaffen a sech e Liewen opbaue wëllen . Et kann net richteg sinn , datt et fir Persounen , déi net am Vereenegte Kinnekräich liewen , an och fir auslännesch Entreprisen , Wunnengen ewéi britesch Biergier ze kafen . Fir zevill Leit ass den Dram vum Eegenheem ze wäit ewech an d ' Erniddregung vum Schlofen op der Strooss bleift vill ze real " . Den Jack Ross : " Meng gréisst Ambitioun ass et Schottland ze verwalten " De Sunderland @-@ Chef Jack Ross seet , seng " gréisst Ambitioun " ass iergendwann Manager vu Schottland ze ginn . De Schott , 42 , genéisst d ' Erausfuerderung den North @-@ East @-@ Club erëm ze beliewen , dee grad op der drëtter Plaz an der League One ass , dräi Punkte vun der Spëtzt ewech . Hien ass dëse Summer am Stadium of Light agezunn , nodeem hie St Mirren an der leschter Saison zeréck an d ' Scottish Premiership ( 1 . Liga vu Schottland ) bruecht huet . " Ech wollt als Spiller fir mäi Land spillen . Ech krut eng B @-@ Kap an dat war alles " , sot de Ross dem schottesche BBC Sportsound . " Awer ech sinn opgewuess , andeem ech als Kand mat mengem Papp vill Spiller vu Schottland zu Hampden gekuckt hunn an dat ass eppes , wat mech ëmmer zeréckgezunn huet . Déi Chance géif awer nëmme kommen , wann ech an der Clubverwaltung erfollegräich wier " . Dem Ross seng Virgänger als Sunderland @-@ Manager ëmfaassen den Dick Advocaat , den David Moyes , de Sam Allardyce , de Martin O ' Neill , de Roy Keane , de Gus Poyet an de Paulo Di Canio . De fréiere Chef vun Alloa Athletic seet , datt hie keng Angscht hat , esou etabléierten Nimm bei esou engem grousse Club nozefollegen , woubäi hie virdrun Offere vu Barnsley an Ipswich Town ofgeleent huet . " Erfolleg gëtt den Ament fir mech u folgender Fro gemooss : ' Kann ech dëse Club an d ' Premier League zeréckféieren ? ' Opgrond vun der Struktur an der Ausstattung bei dësem Club gehéiert en ouni Zweiwel an d ' Premier League " , sot hien . " Et ass keng einfach Aufgab dohin ze kommen , awer ech géif mech hei nëmmen als erfollegräich ugesinn , wann ech de Club dohin zeréckféiere kann " . De Ross huet nëmmen dräi Joer Erfarung als Manager , no enger Zäit als Assistentchef zu Dumbarton a 15 Méint bei Trainerpersonal vun Hearts . Dono huet hien Alloa gehollef , sech vum Ofstig an déi drëtt Liga z ' erhuelen a St Mirren vum Ofstigkandidat zum Championnattitelgewënner an der folgender Saison ze verwandelen . An de Ross seet , hie fillt sech elo méi wuel ewéi jee während senger Spillerkarriär bei Clyde , Hartlepool , Falkirk , St Mirren an Hamilton Academical . " Et wat wahrscheinlech e richtege Scheedewee " erënnert hie sech dorun , wéi hien Alloa iwwerholl huet . " Ech hat wierklech d ' Gefill , datt d ' Verwaltung dat Richtegt fir mech war , nach méi ewéi ze spillen . Et kléngt komesch , awer ech hu mech gutt geschloen , ka gutt dovu liewen an hunn e puer begrënnt Héichpunkte genoss . Awer spille kann haart sinn . Et gëtt villes , wat een all Woch duerchmaache muss . Ech maachen dat ëmmer nach als Stress an Drock duerch d ' Aarbecht duerch , awer d ' Verwaltung fillt sech einfach richteg un . Ech wollt ëmmer verwalten an elo wou ech et maachen , fillt et sech als dat bescht un , wat ech a mengem ganze Liewen als Erwuessenen gemaach hunn " . Dir kënnt Iech de vollstännegen Interview op Sportsound on Sunday , 30 September op Radio Scotland tëschent 12 : 00 an 13 : 00 BST unhéieren Déi perfekt Zäit fir e Pint ass laut enger Studie sonndes um 5 : 30 D ' Hëtztwell vum Summer huet d ' Recettë vun de britesche Pubben , déi ëm d ' Iwwerliewe kämpfen , gesteigert , awer huet den Drock op Restaurantsketten erhéicht . D ' Pub- a Bargruppen hunn eng Erhéijung vun 2,7 Prozent am Juli erlieft - awer d ' Recetten a Restaurante 4,8 Prozent zeréckgaange sinn , wéi d ' Zuele beweisen . De Peter Martin vun der Berodungsfirma CGA , déi d ' Zuelen zesummegedroen hunn , sot : " Unhalende Sonneschäin an déi méi laang ewéi erwaart Participatioun vun England un der Weltmeeschterschaft hat zur Folleg , datt de Juli engem ähnleche Muster ewéi de Juni gefollegt huet , wéi d ' Pubben 2,8 Prozent méi Ëmsaz haten , ausser datt Restauranten nach méi staark dorënner gelidden hunn . De Réckgang vun 1,8 Prozent an der Restauratioun am Juni huet sech am Juli nach verschlëmmert . D ' Pubben a Baren an deene gedronk gëtt , hu wäit méi staark ofgeschnidden , wéi d ' Restaurante Aboussen haten . Pubben an deene giess gëtt hunn och ënner der Sonn gelidden , wann och net esou dramatesch ewéi d ' Restaurantbedreiwer . Et schéngt ewéi wann d ' Leit nëmmen eppes drénke goe wéilten . An alle verwalte Pubben a Baren goungen d ' Gedrénksverkeef ëm 6,6 Prozent an deem Mount erop , beim Iesse waren et dräi Prozent no ënnen " . De Paul Newman vum Fräizäit- an Hotellerieanalyst RSM sot : " D ' Resultater féieren den Trend weider , dee mir zanter Enn Abrëll gesinn . D ' Wieder an d ' Auswierkunge vu grousse sozialen oder Sportveranstaltunge bleiwen déi wichtegst Faktoren , wann et ëm Verkeef um Ausser @-@ Haus @-@ Maart geet . Et ass net iwwerraschend , datt Restaurantgruppe weiderhi kämpfen , awer e Verkafsabroch vu 4,8 Prozent vu Joer zu Joer ass zousätzlech zum unhalende Käschtendrock deet besonnesch wéi . De laange extrem waarme Summer konnt net engem méi schlechten Zäitpunkt fir Bedreiwer an der Iessenswirtschaft kommen an d ' Zäit wäert weisen , ob déi méi moderat Temperaturen , déi mir am August haten , déi esou dréngend erwaart Otempaus bréngen " . Am Juli sinn d ' Verkeef an alle Pubben a Restauranten , inklusiv Neierëffnungen , ëm 2.7 Prozent geklommen , wat och d ' Verlangsamung bei Markenneierëffnungen erëmspigelt . De Verkafsmonitor vun der Industrie Coffer Peach Tracker fir den Pub- , Bar- a Restaurantsektor am Vereenegte Kinnekräich , sammelt an analyséiert Date vu 47 Bedreiwergruppe mat engem kombinéierten Ëmsaz vun 9 Milliarde £ an ass den etabléierten Industriebezuchspunkt . Ee vu fënnef Kanner huet geheim Sozial @-@ Medie @-@ Konten , déi se virun hiren Eltere verstoppen Ee vu fënnef Kanner - en Deel dovun ass grad emol 11 - huet laut enger Ëmfro geheim Sozial @-@ Medie @-@ Konten , déi se virun hiren Elteren a Schoulmeeschtere verstoppen D ' Ëmfro ënner 20 000 Schoulkanner aus dem Secondaire huet en Ustig bei " falschen Insta " -Säiten opgedeckt D ' Noriicht huet d ' Angscht ugedriwwen , datt sexuellen Inhalt gepost géif Zwanzeg Prozent vun de Schüler huet gesot , se hätten en " Haaptkont " , dee se den Eltere weisen E vu fënnef Kanner - en Deel dovun ass grad emol 11 - schafe Sozial @-@ Medie @-@ Konten , déi se virun Erwuessene geheim halen . Eng Ëmfro ënner 20 000 Schoulkanner aus dem Secondaire huet e rapiden Ustig bei " falschen Insta " -Konten opgedeckt - eng Uspillung op de Fotofräigabsite Instagram . D ' Noriicht huet d ' Angscht ugedriwwen , datt sexuellen Inhalt gepost géif . Zwanzeg Prozent vun de Schüler huet gesot , se géifen e beréngegten " Haaptkont " bedreiwen , dee se den Eltere weisen , während se och e privaten hätten . Eng Mamm déi op de geheime Site vun hirer 13 Joer aler Duechter gestouss ass , huet en Teenager fonnt , deen dozou opgeruff huet : " vergewaltegt mech " . F ' Recherche vun Digital Awareness UK an der Headmasters ' and Headmistresses ' Conference ( HMC ) von onofhängege Schoulen huet erausfonnt , datt 40 Proznt vun den 11 bis 18 Joer alen zwee Profiler hätten , vun deen d ' Hallschent zouginn hätt , Privatkonten ze bedreiwen . De Leeder vun HMC Mike Buchanan sot : " Et ass verstéierend , datt esou vill Teenager versicht sinn , Onlineberäicher ze schafen , wou Elteren a Schoulmeeschtere se net fanne kënnen " . D ' Eilidh Doyle gëtt " Sproochrouer vun den Athleten " am Ausschoss Scottish Athletics D ' Eilidh Doyle gouf bei der jäerlecher Generalversammlung vum Opsiichtgsrot als Opsiichtsrotmember an den Ausschoss Scottish Athletics gewielt . D ' Doyle ass den am meeschten dekoréierte Liichtathlet vu Schottland an de Virsëtzendeen Ian Beattie huet de Schrëtt als eng bedeitend Chance gesinn , fir déi , déi de Sport uféieren , fir vun hirer breetgefächerter Erfarung op internationalem Niveau am leschte Jorzéngt ze profitéieren . " D ' Eilidh genéisst en immense Respekt an der Liichtathletikgemeinschaft vu ganz Schottland , dem Vereenegte Kinneksräich an der ganzer Welt a mir si sécher , datt d ' Liichtathletik a Schottland staark dovu profitéiere géif , wa mir hat an den Ausschoss huelen " , mengt de Beattie . D ' Doyle sot : " Ech freeë mech , als Sproochrouer fir d ' Athleten z ' agéieren an ech hoffen , datt ech wierklech eppes bäidroen an hëllefe kann , de Sport a Schottland unzeféieren " . Den Amerikaner , deen 1996 bei den Olympesche Spiller zu Atlanta den 200- a 400 @-@ Meter @-@ Laf gewonnen huet an insgesamt 4 olympesch Goldmedaile besëtzt , an elo e regelméissege BBC @-@ Expert ass , kann net méi goen , nodeem hien eng transitoresch ischämesch Attack hat . Hien huet op Twitter geschriwwen : " Virun engem Mount hat ech e Schlag . Ech konnt net goen . D ' Doktere soten , nëmme mat der Zäit stellt sech eraus , ob an zu wéi engem Grad ech mech erhuelen . Et war haart Aarbecht , awer ech hu mech vollstänneg erholl , hunn erëm geléiert ze goen an haut maachen ech Mobilitéitsübungen ! Merci fir d ' Opmonterungsnoriichten ! " Reklamm fir Mëllechpompelen , déi Mamme mat Kéi vergläicht , erreegt d ' Gemidder online Eng Entreprise fir Mëllechpompelen huet online mat enger Reklamm , déi stëllend Mamme mat Kéi vergläicht , déi gestrach ginn , d ' Gemidder erreegt . Fir d ' Aféierung vun der esougenannter " éischter weltwäiter onopfälleger drobarer Mëllechpompel " huet d ' Entreprise fir Konsumententechnologie Elvie eng net eeschtgemengt musek @-@ video @-@ inspiréiert Reklamm verëffentlecht , fir d ' Fräiheet ervirzehiewen , déi Mammen - déi Mëllech ofpompelen - mat der neier Pompel genéissen . Véier echt Mammen danzen an engem mat Hee gefëlltem Koustall zu enger Musek , déi folgend Textlidder enthält : " Jo , ech sträiche mech selwer , awer Du gesäis kee Schwanz " a " Fir de Fall , datt s Du et net bemierkt hues , dëst si keng Auderen , dat si meng Brëscht " . De Chouer séngt weider : " Pompel of , pompel of , ech fiddere meng Puppelcher , pompel of , pompel of , ech sträiche meng Dammen " . D ' Reklamm , déi op der Facebook @-@ Säit vun der Entreprise verëffentlecht gouf , huet online awer eng Kontrovers ausgeléist . Mat 77 000 Usiichten an Honnerte Kommentaren huet de Video gemëscht Reaktioune bei den Zuschauer ausgeléist , vun deene vill soen , datt se den " Horror " vun der Mëllechindustrie ervirhieft . " Ganz schlecht Entscheedung Kéi ze benotzen , fir dëst Produkt ze bewerben . Genee esou ewéi mir musse se schwanger ginn a gebieren , fir Mëllech ze produzéieren , mat der Ausnam , datt hir Klenger e puer Deeg no der Gebuert ewechgeholl ginn " , huet ee geschriwwen . D ' Mëllechpompel Elvie passt diskret an de Stëllsoutien ( Elvie / Mother ) Een aneren huet kommentéiert : " Verstännegerweis traumatesch esouwuel fir d ' Mamm ewéi fir de Puppelchen . Awer jo , firwat se net benotzen , fir eng Mëllechpompel fir Mammen ze bewerben , déi hir Puppelcher versuergen ? " Nach een aneren huet derbäigesat : " Esou eng geschmackslos Reklamm " . Anerer hunn d ' Reklamm verteidegt , woubäi eng Mamm zouginn huet , datt se d ' Lidd " immens komesch " fonnt huet . " Ech fannen dëst ass eng genial Iddi . Ech hätt mir ee kaaft , wann ech nach ëmmer stëlle géif . Duerch d ' Ofpompelen hunn ech mech genee ewéi eng Kou gefillt . D ' Reklamm ass zwar e bësse verréckt , awer ech hu se genee esou verstanen , wéi se geduecht ass . Dëst ass e geniaalt Produkt " , huet ee geschriwwen . Een aneren huet kommentéiert : " Dëst ass eng lëschteg Reklamm , déi op Mammen ofziilt , déi ofpompelen ( dacks op hirer Aarbecht oder den Toiletten ) a sech wéi " Kéi " fillen . Dëst ass keng Reklamm , déi d ' Mëllechindustrie lueft oder verurteelt " . Um Enn vum Video weisen d ' Fraen , datt se all mat den diskrete Pompele gedanzt hunn , déi an hire Soutiene plazéiert waren . D ' Konzept hanner der Campagne baséiert op der Asiicht , datt vill Fraen , déi Mëllech ofpompelen , soen , se fille sech ewéi Kéi . D ' Pompel vun Elvie ass awer ganz onopfälleg , huet keng Dréit oder Schläich a passt diskret an e Stëllsoutien a bitt Fraen domat d ' Fräiheet sech ze beweegen , hire Puppelchen ze halen an esouguer während dem Ofpompelen erauszegoen . D ' Ana Balarin , Partner an ECD bei " Mother " huet dat kommentéiert : " D ' Pompel vun Elvie ass e revolutionäert Produkt , dat eng kéng a provokativ Aféierung verdéngt huet . Andeem mir eng Parallel , tëschent ofpompelnde Mammen a Mëllechkéi zéien , wollte mir d ' Ofpompele vu Mëllech an déi domat verbonnen Erausfuerderungen ervirhiewen a gläichzäiteg op eng ënnerhalend a gräifbar Aart a Weis demonstréieren . Dëst ass net déi éischt Kéier , wou d ' Pompel vun Elvie Schlagzeile gemaach huet . Während der Londoner Fashion Week ass eng zweefach Mamm fir d ' Designerin Marta Jakubowski iwwer de Catwalk gelaf , während se d ' Produkt gedroen huet . Honnerte Migrantekanner stëllschweigend an en Zeltcamp un der Grenz vun Texas verluecht D ' Unzuel vun den inhaftéierte Migrantekanner huet en Héchststand erreecht , obwuel d ' méintlech Grenziwwerschreidunge relativ onverännert bliwwe sinn , deelweis well déi schaarf Rhetorik vun der Trump @-@ Administratioun an déi vun hinnen ageféiert Richtlinnen et erschwéiert hunn , Kanner bei Sponsoren ënnerzebréngen . Traditionell waren déi meescht Sponsore selwer ondokumentéiert Immigranten an hu gefaart , hir eege Méiglechkeet am Land ze bleiwen , op d ' Spill ze setzen , andeem se sech mellen , fir e Kand unzehuelen . De Risiko ass am Juni geklommen , wéi d ' Bundesagencen ugekënnegt hunn , datt potentiell Sponsoren an aner erwuesse Membere vun hire Stéit Fangerofdréck mussen ofginn , an datt d ' Date mat den Awanderungsagencë gedeelt géifen . D ' lescht Woch huet de Matthew Albence , en héije Beamte bei der Immigration and Customs Enforcement , virum Kongress bezeit , datt d ' Agence Dosende vu Kanner vu Leit festgeholl huet , déi sech bewuerben hunn , fir onbegleet Mannerjäreger ze sponsoren . D ' Agence huet méi spéit bestätegt , datt 70 Prozent vun de festgehollene virdrun net virbestrooft waren . " Knapp 80 Prozent vun de Persounen , déi entweder Sponsoren oder Stotmembere vu Sponsore sinn , sinn illegal hei am Land an e groussen Deel vun deene si kriminell Auslänner . Mir verfollegen déi Persounen also weider " , sot den Här Albence . Beim Versuch d ' Kanner méi séier ofzeaarbechten , hu Beamter , laut Ënnerkonftmataarbechter , nei Regelen ageféiert , wouduerch e puer vun hinne bannent engem Mount no der Festnam , amplaz vun no 60 Deeg ( dem viregte Standard ) , viru Geriicht erschénge mussen . Vill schénge per Videokonferenzschaltung amplaz perséinleche op , fir hire Fall fir e legale Status engem Awanderungsriichter virzedroen . Déijéineg , déi sech net fir d ' Hëllef qualifizéieren , gi séier ausgewisen . Wat d ' Kanner méi laang am Arrest bleiwen , wat et méi wahrscheinlech ass , datt se ängschtlech an depriméiert ginn , wat laut Ënnerkonftmataarbechter a Berichter , déi an de leschte Méint aus dem System bekannt gi sinn , zu gewalttätegen Ausbréch oder Fluchtversich féiere kann . Affekote hunn uginn , datt dës Bedenken an enger méi grousser Ariichtung ewéi Tornillo nach verstäerkt ginn , wou et méi wahrscheinlech ass , datt d ' Unzeechen opgrond vun der Ariichtungsgréisst , iwwersi ginn , datt e Kand domat kämpft . Se hu bäigefüügt , datt d ' Verleeung vu Kanner an d ' Zeltstad ouni genuch Zäit bereetzestellen , fir se emotional virzebereeden oder Frënn Äddi ze soen , den Trauma mat deem se kämpfen nach verschlëmmere kéint . Syrie verlaangt , datt d ' USA , Frankräich an d ' Tierkei hir " Besatzung " direkt ofzéien Virun der UN @-@ Generalversammlung huet den Ausseminister Walid al @-@ Moualem och déi syresch Flüchtlingen dozou opgeruff erëm heem ze kommen , obwuel de Krich am Land schonn aacht Joer undauert . Den al @-@ Moualem , deen och Vizepremier ass , huet gesot , datt déi auslännesch Kräfte sech mam Virwand vun der Terrorismusbekämpfung illegal op syreschem Buedem ophalen an " entspriechend mat hinne verfouert gëtt " . " Se musse sech direkt an ouni Bedéngungen zeréckzéien " , huet hien der Versammlung matgedeelt . Den al @-@ Moualem huet dorop bestanen , datt de " Krich géint den Terror a Syrien esou gutt ewéi eriwwer ass " , wou méi ewéi 360 000 Leit zanter 2011 gestuerwen sinn a Milliounen anerer hir Heemer verluer hunn . Hien sot , datt Damaskus säin " hellege Kampf weiderkämpft , bis mir all syresch Gebidder gesäubert hunn " esouwuel vun Terrorgruppen ewéi och " illegalen auslännesche Präsenzen " . D ' Vereenegt Staaten hunn ongeféier 2 000 Truppen a Syrien , déi haaptsächlech kurdesch Kräften a syresch Araber trainéieren a beroden , déi géint de President Bashar al @-@ Assad kämpfen . Frankräich huet méi ewéi 1 000 Truppen um Buedem vum krichgeplote Land . Wat d ' Flüchtlingen ugeet , huet den al @-@ Moualem gesot , datt d ' Bedéngunge fir se an der Rei wieren , fir zeréckzekommen an hien huet " e puer westlech Länner " beschëllegt , " irrational Ängscht ze verbreeden " , déi Flüchtlingen dozou opgefuerdert hunn , ewech ze bleiwen . " Mir hunn eis un déi international Gemeinschaft an humanitär Organisatioune gewant , fir dës Réckkéieren z ' erliichteren " , sot hien . " Se politiséieren , wat eigentlech e reng humanitäre Problem sollt sinn " . D ' Vereenegt Staaten an d ' Europäesch Unioun hu gewarnt , datt et keng Opbauhëllef fir Syrie gëtt , bis et e politescht Ofkommes tëschent dem Assad an der Oppositioun gëtt , fir de Krich ze bëendegen . UN @-@ Diplomate soen , datt e rezent Ofkommes tëschent Russland an der Tierkei fir eng Pufferzon an der leschter grousser Rebellenhéichbuerg Idlib anzeriichten , eng Méiglechkeet geschaf huet , fir politesch Gespréicher virunzedreiwen . De russesch @-@ tierkeschen Deal huet e groussugeluechten Ugrëff vun de vu Russland ënnerstëtzte syresche Kräften op d ' Provënz verhënnert , wou dräi Millioune Leit liewen . Den Al @-@ Moualem huet awer ervirgehuewen , datt d ' Ofkommes " kloer Fristen " hätt an hien huet d ' Hoffnung ausgedréckt , datt d ' Militäraktioun Dschihadisten , inklusiv Kämpfer vun der mat Al @-@ Qaida verknëppter Nusra @-@ Front an d ' Viséier hëlt , déi " ausgeläscht ginn " . Den UN @-@ Gesante Staffan de Mistura hofft , datt déi éischt Treffe vun engem neie Komitee aus Regierungs- an Oppositiounsmembere geschwënn zesummekommen , fir eng Nokrichverfassung fir Syrien z ' entwerfen an de Wee fir Walen ze festegen . Den Al @-@ Moualem huet Bedéngunge fir d ' Participatioun vun der syrescher Regierung um Komitee gestallt , a gesot , datt d ' Aarbecht vum Rot dorop ageschränkt soll ginn , " d ' Artikele vun der aktueller Verfassung z ' iwwerpréiwen " , an huet virun Amëschunge gewarnt . Firwat den Trump eng zweet Amtszäit gewënnt Laut där Logik géif den Här Trump d ' Neiwalen am Joer 2020 gewannen , ausser , wéi vill liberal Zuschauer et wahrscheinlech hoffen , eng Amtsenthiewung oder e Skandal seng Presidentschaft virzäiteg bëendege géif . Wat zweiwelsfräi " dat dramateschst Enn vun enger Presidentschaft wier , dat jeemools passéiert ass ! " Awer bis elo ginn et keng Unzeeche vun Ermiddung bei den Zuschauer . Zanter 2014 , hu sech d ' Quoten zu den Haaptsendezäiten bei CNN op 1,05 Millioune méi ewéi verduebelt a sech bei MSNBC op 1,6 Millioune bal verdräifacht . Laut Nielsen huet Fox News duerchschnëttlech 2,4 Milliounen Haaptsendezäitzuschauer , viru véier Joer waren et nach 1,7 Milliounen , an d ' " The Rachel Maddow Show " vun MSNBC huet d ' Kabelquote mat net manner ewéi 3,5 Milliounen Zuschauer bei Haaptnoriichtennuechte getoppt . " Dëst ass e Feier , dat d ' Leit unzitt , well et eppes ass , wat mir net verstinn " , sot den Neal Baer , Seriëchef vum ABC @-@ Drama " Designated Survivor " iwwer e Regierungssekretär , dee President gëtt , nodeem en Ugrëff de Capitol zerstéiert . D ' Nell Scovell , eng algedéngt Comedyschrëftstellering an Auteur vun " Just the Funny Parts : And a Few Hard Truths About Sneaking Into the Hollywood Boys ' Club " huet eng aner Theorie . Hat erënnert sech un eng Taxifaart zu Boston virun der Wal am Joer 2016 . De Chauffer huet him gesot , hie géif fir den Här Trump wielen . Firwat ? huet hat gefrot . Hien huet geäntwert " Well hie mech zum Laache bréngt " , huet d ' Mme. Scovell mir gesot . Am Chaos ass Ënnerhalungswäert . Natierlech , am Géigesaz zu allem aneren um Fernseh , kéinten d ' Handlungen aus dem Wäissen Haus d ' Zukunft vum Roe v. Wade , ob Awanderungsfamilljen erëm zesummekommen an d ' Gesondheet vun der globaler Wirtschaft bestëmmen . Dat z ' ignoréieren ass e Luxus , dee sech nëmmen déi privilegiéiertst Zuschauer sech leeschte kënnen . An dach iwwersteigt et d ' Verständnes vun engem informéierte Bierger , wann ee sech selwer sechs Stonne laang dobäi erwëscht , eng Podiumsdiskussioun vun Experten ze kucken , déi iwwer dem Bob Woodward seng Notzung vun " déifgräifendem Hannergrond " , déi d ' Quell fir säi Buch " Fear " duerstellt , dem Paul Manafort seng 15.000 $ deier Strausselieder @-@ Bomberjackett ( laut der " The Washington Post " " e Gezei voll mat Iwwerhieflechkeet " ) an d ' Auswierkunge vum Stormy Daniels senge räisseresch Beschreiwunge vum Här Trump senger , ehm , Anatomie debatéieren . Ech wäert zum Beispill Super Mario ni méi mat de selwechten Ae gesinn ewéi fréier . " En Deel vun deem , wat hie mécht , léisst et sech esou ufillen , ewéi wann eng Realityshow ass , datt hien engem all Owend eppes virleet " , sot de Brent Montgomery , Generaldirekter vu Wheelhouse Entertainment an den Erschafer vu " Pawn Stars " iwwer dem Trump seng Show mat rotéierender Besetzung an deeglechen onerwaarte Verschwörungen ( wann e sech mat der N.F.L. uleet , de Kim Jong @-@ un lueft ) . Et kann een sech et net erlaben , eng Folleg ze verpassen , soss kënnt een net méi no . Wéi ech den Här Fleiss dës Woch erreecht hunn , war et sonneg mat iwwer 27 ° C bei him op der Nordküst vu Kauai , awer hie war mam Kucke vun MSNBC beschäftegt an en huet gläichzäiteg nach CNN opgeholl . Hie konnt sech net lassrappen , net mam Brett Kavanaugh virum Senate Judiciary Committee an der Zukunft vum Supreme Court an der Schwief . " Ech erënnere mech dorun , wéi ech mir fréier all déi verréckt Showen ugekuckt hunn an d ' Leit gesot hunn : ' Dëst ass den Ufank vum Enn vun der westlecher Zivilisatioun . ' " , huet den Här Fleiss mir erzielt . " Ech hat geduecht , et wier e Witz , awer elo stellt sech eraus , datt se Recht haten " . D ' Amy Chozick , eng Sonnerschrëftstellerin fir d ' " The Times " zum Thema Wirtschaft , Politik a Medien ass den Auteur vu de Memoiren " Chasing Hillary " . Sue vu bausse stréimen an déi enkst Midtermwale fir d ' Rennen ëm d ' Haus Et ass net iwwerraschend , datt de 17 . Bezierk vu Pennsylvania e Geldfloss gesäit , dank der Neiausriichtung vun de Kongressbezierker , déi zwee Amtsinhaber an engem Rennen ëm de selwechte Sëtz kritt hunn . Dëse rezent nei gezunne Virstadbezierk vu Pittsburg ass zum Nodeel vum demokrate Vertrieder Conor Lamb - dee säi Sëtz an enger Sonnerwal am leschte Fréijoer an engem anere Bezierk gewonnen hat . De Lamb trëtt géint en aneren Amtsinhaber un , de Republikaner Keith Rothfus , deen den Ament den alen 12 . Bezierk vu Pennsylvania vertrëtt , dee sech mam neie 17. iwwerschneit . D ' Kaarte goufen neigezeechent , nodeem de Pennsylvania Supreme Court am Januar entscheet huet , datt déi al Bezierker verfassungswiddreg zugonschte vun de Republikaner manipuléiert goufen . D ' Rennen ëm den neie 17. huet eng e Schlagoftausch fir d ' Campagnefinanzéierung tëschent den Haaptfinanzéierungsäerm , dem Democratic Campaign Congressional Committee ( DCCC ) an dem National Republican Campaign Committee ( NRCC ) lassgetrueden . Lamb ass no enger knapper Victoire an engem vill beobachter Sonnerwal am Mäerz fir den 18 . Kongressbezierk vu Pennsylvania e bekannten Numm ginn . Dee Sëtz gouf iwwer ee Jorzéngt laang vun engem Republikaner gehalen an de President Donald Trump huet de Bezierk mat 20 Punkte Virsprong gewonnen . Politikexperten hunn den Demokraten e liichte Virsprong ginn . USA hunn iwwerluecht El Salvador fir d ' Ënnerstëtzung vu China ze bestrofen , hunn awer dovun ofgelooss D ' Diplomaten hunn ugemierkt , datt d ' Dominikanesch Republik a Panama Peking schonn unerkannt haten , ouni grousse Widderstand vun den USA . Den Här Trump hat am Juni 2017 e waarmhäerzegt Treffe mam President Juan Carlos Varela vu Panama an hien hat en Hotel a Panama bis d ' Partner d ' Verwaltungsteam vun der Trump Organization erausgehäit hunn . Beamte vum State Department hunn entscheet déi amerikanesch Uféierer vun hiren diplomatesche Missiounen aus El Salvador , der Dominikanescher Republik a Panama wéinst der " rezenter Entscheedung Taiwan net méi unzeerkennen " zeréckzeruffen , huet d ' Heather Nauert , Spriecherin vum Ministère an enger Erklärung Ufank vum Mount gesot . Et goufen awer nëmme Strofmoossname géint El Salvador gepréift , dat 2017 ongeféier 140 Milliounen Dollar un amerikanescher Hëllef , inklusiv fir Drogekontrollen , Entwécklung a wirtschaftlech Ënnerstëtzung kritt huet . Déi virgeschloe Strofmoossnamen , déi finanzielle Hëllefsbezuelunge beschneiden an op Visaaschränkungen ofzilen , wiere fir dat zentralamerikanescht Land a seng héich Aarbechtslosegkeet a Mordrate schmerzhaft gewiescht . Mam Fortschrëtt bei internen Treffen hunn d ' Fonctionnairë vun Nord- an Zentralamerika eng Konferenz op héijem Niveau mat Schwéierpunkt op d ' Sécherheet an de wirtschaftleche Wuelstand verluecht , fir un en ähnlecht Treffe vum leschte Joer unzeschléissen , dat als Schrëtt no Vir bei den Ustrengungen ugesi gouf , Migranten dorun ze hënneren , sech a Richtung Vereenegt Staaten op de Wee ze maachen . Awer Mëtt September hu féierend Fonctionnairë kloer gestallt , datt se wollten , datt d ' Konferenz virugeféiert gëtt a se hunn domat effektiv all Iwwerleeunge fir Strofmoossname fir El Salvador bëendegt . De Vizepresident Mike Pence muss d ' Konferenz elo ausriichten , déi fir Mëtt Oktober geplangt ass , als Signal fir den Import , dat d ' Verwaltung fir d ' Treffe setzt , soten d ' Diplomaten . An déi dräi Amerikanesch Gesanter si ganz roueg an El Salvador , Panama an d ' Dominikanesch Republik zeréckgekéiert , ouni nei ugespaant Noriichten oder Strofen aus Washington . En repräsentative Spriecher vum Wäissen Haus fir den Här Bolton huet refuséiert e Kommentar zu den Detailer vun der Debatt ze ginn , déi vun den dräi Amerikaneschen Huissieren , ënner anerem zwee Diplomaten , déi zougestëmmt hu fir déi intern Iwwerleeungen iwwert d ' Konditiounen vun der Anonymitéit ze diskutéieren . Hir Berichter goufe vun engem externen Analyst bestätegt , deen enk mat der Verwaltung zesumme schafft an deen och iwwert d ' Konditiounen vun der Anonymitéit geschwat huet . Geschicht Léieren Dei nächst Hiobsbotschaft kéint dem Sonder @-@ Enquêteur Robert Mueller säi Bericht iwwert dem Mr. Trump seng méiglech Rechtsbehënnerung sinn , iwwert déi et elo erhieflech Beweiser an den ëffentlechen Dossiere ginn . Den Här Mueller , wéi bericht gëtt , wëll mat senger Enquête och erausfannen op dem Här Trump seng Campagne mat Russland um Ugrëff op eis Wahlen zesummegeschafft huet . Sollt de Kongress nei zesummegesat ginn , da wäert den Här Trump musse Verantwortung virun der neier Zesummestellung weisen mussen , kuerz éier en sech erëm de Wieler weise muss , a villäicht souguer enger Jury vu sengen Kollegen . Dat si vill Konditiounen , an ech wëll net suggeréieren , datt dem Här Trump säin Ënnergang onëmgänglech ass - oder dee vu sengen Europäeschen Equivalenter . Et mussen vun eis alleguer op den zwou Säiten vum Atlantik Entscheedunge getraff ginn , déi en Afloss op d ' Längt vun dësem Sträit wäerten hunn . Am Joer 1938 waren Däitsch Offizéier prett fir en Putsch géint den Hitler ze starten , wann de Westen em nëmme Widderstand geleescht an d ' Tschechooslowaken zu München ënnerstëtzt hätten . Mer hu gescheitert an hunn d ' Opportunitéit net ergraff fir déi Joren vu Massakeren déi doraus entstane sinn ze vermeiden . De Verlaf vun der Geschicht dréint sech ronderëm sou Wendungspunkten , an der Demokratie hiren erbarmungslose Marsch gëtt acceleréiert oder verzögert sech . D ' Amerikaner stinn am Moment virun e puer vun dëse Wendungspunkten . Wat maache mer wann den Här Trump den stellvertriedenden Generalstaatsanwalt Rod Rosenstein entléisst , de Mann deen d ' Schicksal vum Här Mueller senger Enquête steiert ? De Rosenstein ass an enger heikler Situatioun säit dës Zeitung bericht huet , datt hien lescht Joer suggeréiert huet , datt hien den President heemlech opgeholl huet an spekuléiert huet , datt hien net fir säi Posten ass . Den Här Rosenstein seet , datt de Bericht vun The Times fehlerhaft ass . " Wat wäert eis Reaktioun sinn wann déi nei gefuerderten F.B.I. Enquête vum Brett Kavanaugh net komplett oder fair ass - oder wann hien an den Supreme Court ageschwuer gëtt , och wann et gleewbar Accusatiounen vu sexuellen Iwwergre ¨ ff an onéierlechen Aussoe géint hien gëtt ? An , virun allem , wäerte mer an den Midterms fir e Kongress wielen den den Här Trump verantwortlech hale wäert ? Falls mer déi Erausfuerderungen net meeschteren , da komme schlëmm Zäiten op d ' Demokratie zou . Mee ech denken , datt mer net scheiteren wäerten , an zwar wéinst enger Lektioun déi ech a Prag geléiert hunn . Meng Mamm war eng Tschechoslowakesch Jüddin déi vum selwechten Nazi Regimm , déi eemol meng botschaftlerech Heemescht occupéiert hunn an Auschwitz deportéiert gouf . Si huet iwwerlieft , ass an Amerika ausgewandert an , 60 Joer duerno , huet si mech fortgeschéckt fir Sabbat Käerzen op dem Dësch mat der Swastika drop unzefänken . Mat deem a menger Ierfschaft , wéi soll ech do net en Optimist iwwert eis Zukunft sinn ? " De Norman Eisen , e Senior Fellow am Brookings Institute , ass den President vun Citizens for Responsibility and Ethics zu Washington an den Auteur vun " The Last Palace " : Europe ' s Turbulent Century in Five Lives and One Legendary House " . Graham Dorrans vun de Rangers optimistesch virum Rapid Vienna Kampf De Rangers Gastgeber Rapid Vienna en Donneschden ass sech bewosst , datt d ' Victoire géint d " Éisträicher , nodeems se ufangs dëse Mount a Spuenien impressionnant gläich géint Villarreal gespillt hunn , se an eng staark Positioun bréngt fir sech fir d ' Grupp G vun der Europa League ze qualifizéieren . Eng Knéiverletzung huet de Mëttelfeldspiller Graham Dorrans dovun ofgehale säin éischte Match vun der Saison säit dem 2 @-@ 2 Gläichspill mat Villarreal ze spillen , mä hie mengt , datt d ' Rangers dëst Resultat als Sprangbried fir besser Saachen ze erreeche benotze kann . " Et war e gudde Punkt fir eis , well Villarreal sinn eng gutt Säit " , sot den 31 @-@ Joer @-@ Alen . " Mer sinn an de Match gaange mam Glawen , datt mer eppes kréie kennen a si mat engem Punkt heemgaangen . Villäicht hätte mer et zum Schluss nach hikréie kennen , mä , am grousse Ganzen , ass e Gläichspill wahrscheinlech e fairt Resultat . Si ware wahrscheinlech besser an der éischter Halschent a mer waren an der zweeter Halschent déi besser Säit . Dësen Donneschden , et ass erëm eng grouss Europäesch Nuecht . Hoffentlech kënne mer dräi Punkte kréien mä dat wäert e schwéiere Match ginn well si haten e gutt Resultat an hirem leschte Match mä , mat de Spectateuren op eiser Säit , sinn ech mer sécher , datt mer weidermaache kënnen an e positiivt Resultat kënne kréien . Läscht Joer war definitiv schwéier , mat allem wat geschitt ass mat menge Verletzungen an de Verännerungen am Club selwer mä et fillt een sech elo wuel do . De Squad ass gutt an d ' Jongen hunn all vill Spaass ; den Training ass gutt . Hoffentlech kënne mer elo virukommen an déi lescht Saison hannert eis loossen an erfollegräich sinn " . Fraen kënne net schlofen wéinst dëser Angscht ëm Pensiounserspuernisser Och wa Participanten vun der Ëmfro eng kloer Iddi haten wéi se wollte versuergt ginn , schwätze wéineg Leit mat Membere vun hirer Famill doriwwer . Ëm d ' Halschent vun den Individuen an dëser Nationwide Studie soten , datt si mat hirem Partner iwwert d ' Käschten vun laangfristeg Versuergung schwätze géingen . Nëmmen 10 Prozent soten , datt se mat hire Kanner doriwwer schwätze géingen . " D ' Leit wëlle vun engem Member vun hirer Famill versuergt ginn , mä si maache net d ' Schrëtt fir dat Gespréich ze hunn " , sot d ' Holly Snyder , Vizepräsident vun Nationwide hirer Liewensversécherungentreprise . Esou fänkt een un . Schwätzt mat ärem Partner a Kanner : Dier kënnt är Famill net dorop virbereeden fir Iech ze versuergen wann Dier är Wënsch net fréi genuch bekannt maacht . Schafft mat ärem Beroder an ärer Famill fir ze diskutéieren wou a wéi der kënnt Betreiung kréien , well déi Choixen eng wichteg Roll spillen fir d ' Käschten ze berechnen . Involvéiert ären Finanzberoder : Ären Beroder kann och hëllefen fir eng Méiglechkeet ze fannen fir d ' Käschten ze bezuelen . Är Choixen fir fir är laangfristeg Betreiung ze bezuelen beinhalten eng traditionell Versécherung fir laangfristeg Betreiung , eng hybrid Barwert Liewensversécherung fir ze hëllefen d ' Käschten ze décken oder eng Selbst @-@ Versécherung mam eegene Räichtum - soulaang der d ' Suen hutt . Schafft är Rechtsdokumenter aus : Ëmgitt rechtlech Konflikter Etabléiert e Krankeversécherungsproxy fir datt eng Persoun deier Dier vertraut är Krankeversuergung iwwerkucken a verséchere kann , datt Professioneller äre Wënsch noginn am Fall wou der net capabel sidd fir ze kommunizéieren . Consideréiert och eng Vollmacht fir Är Finanzen . Dier géingt eng Persoun auswielen deier Dier vertraut fir Är finanziell Entscheedungen ze treffen an ze versécheren , datt d ' Rechnunge bezuelt gi falls Dier onfäeg wäert . Vergiesst net déi kleng Detailer : Stellt Iech fir äert eelert Elterendeel hätt e medezinesche Noutfall an ass um Wee an d ' Spidol . Wäert Dier capabel fir Froen iwwer Medikamenter an Allergien ze beäntweren ? Lëscht déi Detailer an engem schrëftleche Plang op fir datt Dier bereet sidd . " Et geet net just em dat Finanziellt , mä wien sinn d ' Dokteren ? " huet de Martin gefrot . " Wat sinn d ' Medikamenter ? Ween kuckt nom Hond ? Kuckt e Plang dofir prett ze hunn " . Mann gouf puer mol mat Loftgewier an Ilfracombe ugeschoss E Mann gouf puer mol mat engem Loftgewier ugeschoss wärend en ënnerwee war fir heem nodeems en owes eraus war . D ' Opfer , an déi 40 , war an der Oxford Grove Géigend vun Ilfracombe , Devon , wéi en an d ' Broscht , den Ënnerleif an an d ' Hand geschoss gouf . Gendaarmen hunn d ' Schéisserei , dat géint 02 : 30 BST geschitt ass , als en " zoufällegen Akt " beschriwwen . D ' Opfer huet säin Ugräifer net gesinn . Seng Wonne si net liewensgeféierlech an d ' Police freet no Zeien . Äerdbiewen an Tsunamien an Indonesien Op mannst 384 Leit si wärend engem staarken Äerdbiewen an Tsunami gestuerwen , déi d ' Indonesesch Staat Palu de Freiden getraff hunn , sou d ' Huissieren , mat der Erwaardung , datt d ' Zuel vun den Doudegen nach steige wäert . Well d ' Kommunikatiounsméiglechkeeten zesummegebrach sinn , konnt d ' offiziell Hëllef keng Méiglechkeet fir Informatiounen vun der Donggala Regentschaft , eng Géigend am Norden vu Palu déi méi no um Epizentrum vum Äerdbiewen mat enger Kraaft vu 7.5 , kréien . Zu Palu goufe méi wéi 16.000 Leit evakuéiert nodeems d ' Katastroph geschitt ass . Hei sinn e puer wichteg Fakten iwwer Palu an Donggala , op der Insel Sulawesi : Palu ass d ' Haaptstad vun der Zentraler Sulawesi Provenz , déi um Enn vun enger enker Bucht un der Westküst vun der Sulawesi Insel ass , mat enger geschätzter Bevëlkerung vun 379,800 am Joer 2017 . D ' Stad war am Gaang hire 40 . Gebuertsdag ze feieren wéi d ' Äerdbiewen an den Tsunami ageschloen hunn . Donggala ass eng Regentschaft déi sech iwwert méi wéi 300km ( 180 Meilen ) vun der Küst am Nordwesten vun der Sulawesi Insel zitt . D ' Regentschaft , eng Verwaltungsregioun ënnert der Provënz , hat eng geschätzte Bevëlkerung vun 299,200 am Joer 2017 . Fëschen an Agrikultur sinn d ' Fundament vun der Wirtschaft vun der Zentraler Sulawesi Provënz , virun allem an der Küsteregioun vun Donggala . Néckelofbau ass och wichteg an der Provënz , mä et ass haaptsächlech an Morowali , op der géigeniwwer geluechter Küst vu Sulawesi , konzentréiert . Palu an Donggala goufen an de leschten 100 Joer oft vun Tsunamien getraff , den Informatiounen vun der Indonesescher Katastrophen @-@ Entschäerfungsagence no . Am Joer 1938 huet en Tsunami an Donggalaméi wéi 200 Leit ëmbruecht an honnerte vun Haiser zerstéiert . En Tsunami huet och am Joer 1996 de Weste vun Donggala getraff an néng Leit ëmbruecht . Indonesien leit um seismeschen Feierkrees a gëtt reegelméisseg vun Äerdbiewe getraff . Hei sinn e puer vun de gréissten Äerdbiewen an Tsunamien vun de leschte Joer : 2004 : E gréissert Biewen un der westlecher Küst vun der Indonesescher Aceh Provënz am nërdlechen Sumatra den 26 . Dez. huet en Tsunami ausgeléist deen 14 Länner getraff huet an 226.000 Leit laanscht d ' Küstelinn vum Indeschen Ozean ëmbruecht huet , méi wéi d ' Halschent dovun an Aceh . 2005 : Eng Serie vu staarke Biewen huet déi westlech Küst vu Sumatra Enn Mäerz an ufangs Abrëll getraff . Honnerten sinn op der Nias Insel , un der Küst vu Sumatra , gestuerwen . 2006 : E 6.8 Stäerkt huet de Süde vu Java , déi meescht bevëlkert Insel vun Indonesien , getraff an en Tsunami verursaacht den an d ' Südküst gerammt ass , a sou bal 700 Leit ëmbruecht huet . 2009 : E 7.6 staarkt Biewen huet no un der Stad Padang , d ' Haaptstad vun der Westlecher Sumatra Provënz , ageschloen . Iwwert 1.100 Leit si gestuerwen . 2010 : E 7.5 staarkt Biewen huet eng vun den Menawai Inselen , no u Sumatra , getraff an en Tsunami vu bis zu 10 Meter verursaacht deen Dosenden Dierfer zerstéiert huet an ongeféier 300 Leit ëmbruecht huet . 2016 : En iwwerflächlecht Biewen huet d ' Pidie Jaya Regentschaft an Aceh getraff an Zerstéierung a Panik ausgeléist wéi d ' Leit sech un d ' Verwüstung vum déidlechen Biewen an Tsunami erënnert hunn . Et gouf déi Kéier keen Tsunami ausgeléist , mä et goufe méi wéi 100 Leit duerch falend Gebaier ëmbruecht . 2018 : Gréisser Biewen hunn d ' Indonesesch Touristen Insel Lombok getraff a méi wéi 500 Leit ëmbruecht , haaptsächlech op der nërdlecher Säit vun der Insel . D ' Biewen huet Dausende Gebaier zerstéiert an Dausenden Touristen temporär op der Insel festgesat . Eelste Jong vum Sarah Palin festgeholl wéint Häuslescher Gewalt Uklo Den Track Palin , den eelste Jong vum fréieren Gouverneur vun Alaksa an Vizepräsident @-@ Kandidat Sarah Palin , ass festgeholl ginn wéinst Ukloen wéinst Aggressiounen . Palin , 29 , vu Wasilla , Alaska , gouf wéinst Soupçon vun häuslescher Gewalt , Beanträchtegung vun enger Meldung vun häuslecher Gewalt an wéinst Widderstand géint eng Festnam , no engem Bericht den e Samschde vun den Alaska State Troopers verëffentlecht gouf . Engem Police Bericht no , wéi eng weiblech Bekannten probéiert huet d ' Police ze ruffe fir déi vermuttlech Crimmen ze beriichten , huet hien him den Telefon ewechgeholl . De Palin ass an Untersuchungshaft an der Mat @-@ Su Pretrial Facility an gëtt op engem ongesécherten Scholdschreiwen vun $ 500 gehalen , beriicht KTUU . Hien war e Samschden viru Geriicht , wou en deklaréiert huet , datt e " ganz sécher net schëlleg " wier , wéi e nom Scholdbekenntnis gefrot gouf , sot de Sender . De Palin steet dräi Klass @-@ A Vergoen entgéint , wat bedeit , datt hie kéint fir ee Joer an de Prisong goen an eng Geldstrof vun $ 250.000 kréien . Hie gouf och mat engem Klass @-@ B Vergoen verklot , strofbar mat engem Daach am Prisong an enger Geldstrof vun $ 2000 . Et ass net déi éischte Kéier , datt de Palin ugeklot gouf . Am Dezember 2017 gouf hien ugeklot , en hätt säi Papp , Todd Palin , ugegraff . Seng Mamm , Sarah Palin , hat d ' Police geruff fir de vermuttlechen Ugrëff ze beriichten . De Fall ass am Moment virum Veteran ' s Court vun Alaska . Am Januar 2016 gouf en wéinst häuslescher Gewalt , Beanträchtegung vun enger Meldung vun engem Häusleche @-@ Gewalt @-@ Crime a wéinst Besëtz vun enger Waff wärend en bedronk a Verbindung mam Virfall war . Seng Frëndin huet behaapt , datt hien hat an d ' Gesiicht geschloen hätt . D ' Sarah Palin gouf 2016 vu Veteransgruppen kritiséiert well et sengem Jong säi gewaltsamt Verhalen a Connectioun mat PTSD vu sengem Service am Irak gesinn huet . Indonesien Äerdbiewen Tsunami : Honnerten dout Op mannst 384 Leit si gestuerwen nodeems en Äerdbiewen e Freiden d ' Indonesesch Insel Sulawesi getraff huet . D ' 7.5 @-@ staarkt Äerdbiewen huet en Tsunami ausgeléist an Dausenden Haiser zerstéiert . D ' Elektrescht an Kommunikatiounsnetzwierker sinn aus an et gëtt erwaart , datt d ' Zuel vun den Doudegen an de nächsten Deeg steige wäert . D " Äerdbiewen huet bëssen fort vum Zentrum vun Sulawesi , nordëstlech vun der Indonesescher Haaptstad , Jakarta , ageschloe . Et zirkuléiere Videoe op de soziale Netzwierker déi de Moment vum Impakt weisen . Honnerte Leit hate sech fir e Strandfestival an der Stad Palu versammelt wéi den Tsunami op d ' Ufer ageschloen huet . Federal Procureuren wëllen rare Doudesstrof fir NYC Terror Attack Verdächtegen Federal Procureuren zu New York wëllen d ' Doudesstrof fir den Sayfullo Saipov , de Verdächtegen an der New York City Terror Attack déi aacht Leit ëmbruecht huet - eng rare Strof déi säit 1953 net méi am Staat ausgefouert gouf . De Saipov , 30 , huet vermeintlech en gelounten Home Depot Truck benotzt fir d ' Attack op engem Vëloswee laanscht de West Side Highway a Lower Manhattan auszeféieren , an huet Foussgänger a Cyclisten déi a sengem Wee waren iwwerrannt am Okt . Fir eng Doudesstrof ze justifiéieren mussen d ' Procureuren beweisen , datt de Saipov " gewollt " aacht Leit ëmbruecht huet a " gewollt " seriö kierperlechen Schued bewierkt huet , no der Absichtserklärung fir d ' Doudesstrof ze fuerderen , agereecht vum Southern District of New York . Déi zwou Ukloen kënnen zu enger méiglecher Doudesstrof féieren , no engem Geriichtsdossier . Woche no der Attack huet eng federal Grand Jury dem Saipov Beschëllegung vun 22 Ukloen dohi geklaakt , déi aacht Mordukloen zur Hëllef vu Schutzgelderpressung beinhalt , déi normalerweis vun federale Procureuren bei Fäll vun organiséierter Kriminalitéit genotzt gëtt , an eng Uklo wéinst Gewalt an Zerstéierung vu motoriséierten Gefierer . D ' Attack huet " wesentlecht Plangen a Virbedacht " gebraucht , soten d ' Procureuren , a beschreiwen d ' Aart a Weis wéi den Saipov et ausgeféiert huet als " grausam , fuerchtbar an verduerwen " . " De Sayfullo Habibullaevic Saipov huet Verletzungen , Schmäerz , a Verloscht fir Familljen a Frënn vum Diego Enrique Angelini , Nicholas Cleves , Ann @-@ Laure Decadt , Darren Drake , Ariel Erlij , Hernan Ferruchi , Hernan DIego Mendoza an Damian Pagnucco causéiert " , sou d ' Absichtserklärung . Fënnef vun den Opfer waren Touristen aus Argentinien . Et ass en Joerzéngt hir säit den Southern District of New York fir d ' Läscht en Doudesstrofe Fall verfollegt huet . Den Ugekloten , Khalid Barnes , gouf veruerteelt well en zwee Drogen Aliwwerer ëmbruecht huet mä ass zum Schluss am September 2009 zu enger Liewesstrof am Prisong veruerteelt ginn . D ' lescht Kéier wou d ' Doudesstrof an engem federale Fall a New York ausgefouert ginn ass war am Joer 1953 fir den Julius an d ' Ethel Rosenberg , eng bestuede Koppel déi exekutéiert gouf nodeems se wéinst Verschwierung fir zwee Joer virdrun Spionage fir d ' Soviet Unioun wärend dem Kale Krich ze bedreiwen veruerteelt goufen . Déi zwee Rosenbergen goufen de 19 . Juni 1953 um Elektresche Stull ëmbruecht . De Saipov , gebuer am Uzbekistan , huet e Mangel un Regret an den Deeg a Méint no der Attack gewisen , Geriichtsdossier no . Hien huet den Ermëttler gesot , datt hie sech géing gutt fillen wéinst dem wat e gemaach huet , sot d ' Police . De Saipov sot de Agencen , datt hien inspiréiert gouf fir d ' Attack auszeféieren nodeems en ISIS Videoen op sengem Handy gekuckt huet , der Beschëllegung no . Hien huet och gefrot fir den ISIS Fändel a sengem Spidolszemmer opzehänken , sot d ' Police . Hien huet sech net schëlleg bekannt fir d ' Beschëllegung vun 22 Ukloen . Den David Patton , ee vun den federale Pflichtverteideger déi de Saipov vertrieden , sot , datt se " offensichtlech enttäuscht " si mat der Entscheedung vun der Strofverfolgung . " Mer denken , datt d ' Entscheedung fir d ' Doudesstrof ze envisagéieren , amplaz eng Scholdbekennung an e Liewen am Prisong ouni Méiglechkeet fir fräigelooss ze ginn den Trauma vun dësen Evenementer fir jiddereen verlängere wäert " , sot de Patton . Dem Saipov säi Verdeedegungsteam hat virdru scho gefrot fir net d ' Doudesstrof ze envisagéieren . Tory Parlamentsmember seet NIGEL FARAGE sollt Brexit Verhandlungen Leeden De Nigel Farage huet haut wärend engem Protest bei enger Tory Konferenz geschwuer , datt en " d ' Volleksarméi mobiliséiere wäert " . De fréieren Ukip Leader sot d ' Politiker missten " d ' Hëtzt " vun den Euroskeptiker " spieren " - wärend ee vun dem Theresa May sengen eegenen MPs suggeréiert huet , datt hien d ' Verhandlunge mat der EU leede soll . De Konservativen Hinterbänkler Peter Bone sot dem Marsch zu Birmingham , datt d ' UK schonn " eraus wär " wann den Här Farage Brexit Sekretär wier . Mä d ' Erausfuerderung déi d ' Madamm May viru sech huet fir déi déif getrennte Räng erëm zesummen ze bréngen ass vu Pro @-@ Remain Torien soulignéiert ginn , déi sech engem separate Protest géint Brexit an der Stad ugeschloss hunn . De Premier huet Problemer fir hiren Chequers Kompromëss Plang ronderëm Attacke vu Brexiteers , Remainers an der EU op der Spuer ze halen . Alliéierter hunn insistéiert , datt hat soll weider kämpfen fir en Deal mat Bréissel ze kréien , trotz de Réckschléi - an d ' Euroskeptiker an Labour forcéiere soll fir entweder säi Package oder " Chaos " ze wielen . Den Här Bone sot der Leave Means Leave Rallye zu Solihull , datt hien d " " Chequers erausgeheie " well . Hien huet suggeréiert , datt den Här Farage hätt sollen e Peer ginn a Responsabilitéit kréien fir d ' Verhandlungen zu Bréissel . " Wann hien géing leeden , da wäre mer elo schonn eraus " , sot hien . De Wellingborough Parlamentsmember huet beigefügt : " Ech stinn op fir Brexit mä mer mussen d ' Chequers erausgeheien " . Fir seng Oppositioun zur EU kloer ze maachen , sot en : " Mer hu net a Weltkricher gekämpft fir ënnerworf ze ginn . Mer wëllen eis eege Gesetzer an eisem eegene Land maachen . Den Här Bone huet Virschléi , datt d ' ëffentlech Meenung säit der 2016 Wal sech verännert huet ofgeleent : D ' Iddi , datt t ' Britescht Vollek hir Meenung geännert hunn a wëlle bleiwen ass komplett falsch " . D ' Tory Brexiterin Andrea Jenkyns war och um Marsch , a sot de Journalisten : Ech soe just : Premier , lauschter op d ' Vollek . " Chequers ass net beléift beim Public , d ' Oppositioun wäert net dofir wielen , et ass net beléift bei eiser Partei an eisen Aktivisten déi wierklech duerch d ' Stroosse ginn an dozou féieren , datt mer iwwerhaapt gewielt ginn . Wann ech gelift loosst Chequers falen a fänkt un ze lauschteren " . An enger zougespëtzter Noriicht fir d ' Madamm May , huet et beigefügt : D ' Premieren halen hiren Job wa se hir Verspriechen anhalen " . Den Här Farage sot de Rallye , datt d ' Politiker mussen " d ' Hëtzt spieren " wa se géingen d ' Entscheedung vum 2016 Referendum hannergoen . ' Et geet elo em Vertrauen tëschent eis - dem Vollek - an eiser politescher Klass " , sot hien . ' Si probéieren Brexit ze hannergoen an mer sinn haut hei fir hinnen ze soen " mer loossen Iech net dovukommen domat " " . An engem Message fir e begeeschtert Public huet e beigefügt : Ech well datt der eis politesch Klass , déi kuerz virdrun ass Brexit ze hannergoen , d ' Hëtzt spiere loosst . " Mer mobiliséieren d ' Volleksarméi vun dësem Land déi eis d ' Victoire mam Brexit ginn hunn a wäerte nimools rouen bis mer en onofhängegt , selwer @-@ regéierend , stolzt Vereenegt Kinneksräich sinn " . Wärenddeem sinn d ' Remainers duerch Birmingham marschéiert éier se eng Rallye vun zwou Stonnen am Zentrum vun der Stad ofgehalen hunn . E klénge Grupp vun Aktivisten hunn no der Grënnung vun der Grupp dëse Weekend Tories Against Brexit Banneren ronderem geweet . De Labour Peer Lord Adonis huet de Geck mat de Konservative wéinst de Sécherheetsproblemer déi se mat enger Partei App hate wéi d ' Konferenz ugefaangen hat . ' Dat sinn d ' Leit déi eis soen , datt se kennen d ' IT Systemer an all d ' Technologie fir Kanada installéieren plus plus , fir eng reiwungslos Grenz , fir de freien Handel ouni Grenzen an Irland " , huet e beigefügt . ' Et ass eng komplett Farce . Et gëtt esou eppes wéi e gudde Brexit net " , huet e beigefügt . D ' Warren plangt et sech ' seriö unzekucken " fir Präsidentschaftskandidatin ze ginn . Déi US @-@ Amerikanesch D ' Sen. Elizabeth Warren sot , datt et sech no de November Wahlengéing " seriö ukucken fir Präsidentschaftskandidatin ze ginn " De Boston Globe beriicht , datt d ' Massachusetts Demokratin de Samsden iwwert hir Zukunft wärend enger Ried an der Stadhal am westleche Massachusetts geschwat huet . D ' Warren , e reegelméissege Kritiker vum President Donald Trump , kandidéiert am November fir erëm gewielt ze ginn géint den GOP Staat Rep. Geoff Diehl , den den Matvirsetzenden vum Trump senger 2016 Massachusetts Campagne war . Hat war den Zentrum vu Spekulatiounen , datt hat géing 2020 géint den Trump untrieden . D ' Event de Samschden Nomëtten zu Holyoke war säin 36 . Meeting mat der Wielerschaft am Stadhal @-@ Format säit den Trump säi Posten ageholl huet . E Participant huet gefrot op hat géing plangen fir Präsidentschaftskandidatin ze ginn . D ' Warren huet geäntwert , datt et Zäit wär " fir datt d ' Fraen op Washington ginn fir eise futtis Regierung ze flécken , an dat bedeit och , datt eng Fra un der Spëtz muss sinn " . Et koum zu enger Festnam no déidlecher Schéisserei vun LSU Sims D ' Police zu Baton Rouge , LA , huet e Samschden annoncéiert , datt e Verdächtegen festgeholl ginn ass a Relatioun mat der déidlecher Schéisserei géint de Basketball Spiller Wayde Sims e Freiden . D ' Baton Rouge Police Department huet d ' Festnam vum Dyteon Simpson , 20 , um 11 a.m. annoncéiert . ET Pressekonferenz . Si hunn e Freiden e Video vun der Schéisserei verëffentlecht , an hu no Hëllef gefrot fir de Mann den am Video ze gesinn ass ze identifizéieren . De Sims , 20 , ass no vum Campus vun der Southern University fréi de Freiden erschoss an ëmbruecht ginn . " De Wayde Sims huet e Schoss an de Kapp erlidden an ass doduerch gestuerwen " , huet de Police Chef Murphy J. Paul de Medien de Samschden gesot , sou 247sports . De Wayde huet agegraff fir sengem Kolleg ze hëllefen an ass vum Simpson erschoss ginn . De Simpson gouf befrot an huet zouginn , datt hien op der Plaz war , mat enger Waff , an huet zouginn , datt en de Wayde Sims erschoss huet . De Simpson gouf ouni Vierkomnisser festgholl a gouf am East Baton Rouge Parish Police Department an Haft geholl . De Sims , e 6.6ft Junior den zu Baton Rouge opgewuess ass , huet déi lescht Saison 32 Matcher mat 10 Starts gespillt an hat eng Moyenne vun 17.4 Minutten , 5.6 Punkten an 2.9 Rebounds pro Match . Russesche Grand Prix : De Lewis Hamilton kennt dem Weltmeeschtertitel méi no nodeems d ' Teamreiefolleg him d ' Victoire iwwert de Sebastian Vettel gëtt . Et ass kloer ginn , datt d ' Mercedes Teamreiefolleg eng grouss Roll an der Course wäert spillen wéi den Valtteri Bottas sech de Samschden virum Lewis Hamilton qualifizéiert huet . Vum Pole aus krut de Bottas e gudde Start an huet den Hamilton bal ausernee geholl wärend e seng Positioun an den éischten zwee Tier verdeedegt huet an de Vettel invitéiert huet säi Matspiller ze attackéieren . De Vettel ass als éischten an d ' Pits gaangen an huet den Hamilton dozou gefouert an den Trafic zum Schluss vum Pak ze fueren , wat hätt sollen ausschlaggebend sinn . De Mercedes ass en Tour duerno an d ' Pits gefuer an ass hannert dem Vettel gewiescht wéi e erauskomm ass , mä den Hamilton ass no enger Rad @-@ zu @-@ Rad Aktioun éischte ginn , well de Ferrari Fuerer ongewollt misst d ' Bannescht fräiloossen a riskéieren nach ofzewaarden fir no engem Doppelmanöver den drëtten Eck ze verdeedegen . De Max Verstappen huet an der hënneschter Rei vum Raster ugefaangen a war de Siwenten um Enn vum éischten Tour op sengem 21 . Gebuertsdag . Hien war dunn fir eng Majoritéit vun der Course den Éischten wärend e seng Pneuen gehalen huet fir e séiere Schluss unzeviséieren an fir de Kimi Raikkonen ze iwwerhuele fir Véierten ze ginn . Hien ass schlussendlech um 44 . Tour an d ' Pits gefuer mä hie war net capabel fir säi Rhythmus an de leschten aacht Tier nach ze erhéijen , wärend de Raikkonen déi véiert Plaz krut . Et ass e schwéieren Daach well de Valtteri de ganze Weekend e fantasteschen Job geleescht huet an hie war e richtegen Gentleman fir mech laanscht ze loossen . D ' Team huet sou en exzeptionellen Job geleescht fir en eent zwee ze hunn , sot den Hamilton . Dat War Ganz Schlecht Kierpersprooch De President Donald Trump huet e Samschden op enger Rallye de Geck mam Senator Dianne Feinstein gemaach well hat insistéiert huet , datt hat dem Christine Blasey Ford säi Bréif , deen den Supreme Court Nominéierten Brett Kavanaugh wéinst engem sexuellen Iwwergrëff beschëllegt , net geleakt huet . Wärend enger Ried op enger Rallye a West Virginia huet de President net direkt iwwert dem Ford seng Zeienausso virum Senate Judiciary Committee geschwat , mä en huet amplaz kommentéiert , datt dat wat am Senat virgeet weist , datt d ' Leit " béis an eekleg an onéierlech " sinn . " Dat eent wat kéint geschéien an dat schéint wat wärend de leschten Deeg am Senate am Gaang war , wann een d ' Roserei gesäit , wann een Leit gesäit déi rose a béis an eekleg an onéierlech sinn " , sot en . " Wann een kuckt wat public gemaach gëtt a geleakt gëtt an da soe se " oh , ech hunn et net gemaach . Ech hunn et net gemaach " . Erënners du dech ? Dianne Feinstein , hues du geleakt ? Erënnert Iech un seng Äntwert ... hues du d ' Dokument geleakt - 2oh , oh , wat ? Oh , no . Ech hu net geleakt . Mä , waart ee Moment . Hu mer geleakt ... Nee , mer hu net geleakt " , huet e beigefügt , wärend hien dem Senator seng Stëmm nomécht . D ' Feinstein krut de Bréif mat den Detailer iwwert de Behaaptungen géint de Kavanaugh vum Ford am Juli , an e gouf ufangs September geleakt - mä d ' Feinstein huet bestridden , datt de Leak vu sengem Büro kennt . " Ech hunn dem Dr. Ford seng Behaaptunge net verstopps , ech hu seng Geschicht net geleakt " , huet d ' Feinstein dem Comité gesot , beriicht The Hill . " Hat huet mech gefrot fir et vertraulech ze halen an ech hunn et vertraulech gehalen wéi et gefrot huet " . Mä seng Leegnung ass net gutt beim President ukomm , dee wärend der Rallye e Samschden kommentéiert huet : " Ech soen Iech , dat war ganz schlecht Kierpersprooch . Villäicht huet et net , mä dat war déi schlechtste Kierpersprooch déi ech jee gesinn hunn " . De President , dee weiderhin seng Verdeedegung vum Supreme Court Nominéierte , dee vun dräi Fraen ugeklot gouf wéinst sexuellem Feelverhalen , weiderféiert , suggeréiert , datt d ' Demokraten d ' Behaaptungen fir hir eegen Zwecker benotze géingen . " Si wëllen d ' Muecht mat alle Mëttelen déi néideg sinn zeréckkréien . Et gesäit een d ' Béisheet , d ' Eeklegkeet , et ass hinnen egal wiem se wéidoen , wie se iwwerrenne musse fir Muecht a Kontroll ze kréien " , , bericht Mediaite als dat wat de President sot . Elite League : Dundee Stars 5 @-@ 3 Belfast Giants De Patrick Dwyer huet zwee Goaler fir d ' Giants géint Dundee geschoss D ' Dundee Stars hu gebéisst fir de Verloscht an der Elite League de Freiden géint d ' Belfast Giants andeems se de Réckmatch 5 @-@ 3 zu Dundee e Samschde gewonnen hunn . D ' Giants waren fréi vir mat zwee Goaler duerch Strikes vum Patrick Dwyer an Francis Beauvillier . De Mike Sullivan an den Jordan Cownie hunn der Heemequipe den Ausgläich bruecht éier d ' Giants erëm vir ware wéinst dem Dwyer . De Francois Bouchard huet fir Dundee ausgeglach éier zwee Lukas Lundvald Nielsen Goaler d ' Victoire geséchert hunn . Et war eng drëtt Elite League Nidderlag vun der Saison fir dem Adam Keefe seng Männer , déi vun hanne komm sinn fir Dundee 2 @-@ 1 zu Belfast e Freiden Owend ze besiegen . Et war e véierte Meeting vun der Saison tëschent den zwou Säiten , an d ' Giants hunn déi dräi Matcher virdru gewonnen . Dem Dwyer seng Ouverture war an der véierter Minutt um 3 : 35 vun engem Kendall McFaull Assist , mam David Rutherford den den Assist ginn huet wärend de Beauvillier de Virsprong véier Minutte mi spéit verduebelt huet . An enger chargéierter Ufanksperiod , huet de Sullivan d ' Heemsäit um 13 : 10 zeréck an d ' Spill bruecht éier de Matt Marquardt dem Cownie ' s säin Ausgläich um 15 : 16 geleescht huet . Den Dwyer huet sécher gestallt , datt d ' Giants mat engem Virsprong an déi éischt Paus ginn wéi en den zweete Goal vum Owend zum Schluss vun der éischter Halbzeit geschoss huet . D ' Heemsäit huet sech erëm gruppéiert an de Bouchard huet se mat engem Kraaftspill Goal um 27 : 37 erëm op e gläiche Niveau bruecht . De Cownie an den Charles Corcoran hunn zesummegespillt fir dem Nielsen ze hëllefen fir Dundee de Virsprong fir d ' éischte Kéier am Match spéit an der zweeter Halbzeit ze ginn an en huet sécher gestallt , datt se gewannen mat sengem Team hirem Fënneften an der Halschent vun der leschter Halbzeit . D ' Giants , déi elo véier vun hire leschte fënnef Matcher verluer hunn , sinn doheem fir de Milton Keynes an hirem nächste match e Freiden . Fluchlots Stierft Fir Sécher Ze Stellen Dass Honnerten Am Fliger Kënnen Virun Engem Äerdbiewen Flüchten . E Fluchlots an Indonesien gëtt als Held unerkannt nodeems hie gestuerwen ass wärend e wollt sécher stellen , datt e Fliger mat Honnerte Leit dran sécher vum Buedem kënnt . Méi wéi 800 Leit si gestuerwen a vill méi gi nach vermësst nodeems e gréissert Äerdbiewen d ' Sulawesi Insel e Freiden getraff huet , an en Tsunami ausgeléist huet . Staark Nobiewen ploen d ' Géigend weiderhin a vill sinn an den Trëmmer vun der Stad Palu gefaangen . Mä obwuel seng Aarbechtskollegen geflücht si fir hiert Liewen ze retten , huet den 21 @-@ Joer @-@ Alen Anthonius Gunawan Agung refuséiert säi Posten am wëll wackelenden Kontrolltuerm um Mutiara Sis Al Jufri Airport Palu Fluchhafe ze verloossen . Hien ass bliwwen fir sécher ze stellen , datt de Batik Air Fluch 6321 , den dee Moment op der Pist war , sécher konnt fortfléien . Hien ass dunn vum Trafic Kontrolltuerm gesprongen wéi e geduecht huet e géing zesummebriechen . Hien ass duerno am Spidol gestuerwen . De Spriecher fir Air Navigation Indonesia , Yohannes Sirait , huet gesot , datt d ' Entscheedung wahrscheinlech Honnerte Liewe gerett huet , huet déi australesch ABC News gemellt . Mier hunn en Helikopter vu Balikpapan zu Kalimantan preparéiert fir en an e mi grousst Spidol an enger anerer Stad ze bréngen . Leider hu mer hien dëse Mueren verluer éier den Helikopter Palu erreecht huet . " Eis Häerzer brieche wa mer dat héieren " , sot en . Wärenddeem fäerten d ' Agencen , datt d ' Zuel vun den Doudegen kéint bis an d ' Dausende goen , wärend dem Land hir Katastrophen @-@ Entschäerfungsagence seet , datt den Accès zu de Stied vun Donggala , Sigi a Boutong limitéiert ass . " Et gëtt erwaart , datt d ' Zuel weider an d ' Luucht geet , well vill Kierperen nach ëmmer ënnert den Trëmmer leien wärend anerer net erreecht kënne ginn " , sot de Spriecher vun der Agence , de Sutop Purvo Nugroho . Wellen déi bis zu 6 Meter Héich waren hu Palu , wou e Sonnden e Massebegriefnis gehale gëtt , zerstéiert . D ' Militär a Verkéiersfligere bréngen Hëllef a Versuergung . Risa Kusuma , eng 35 @-@ Joer @-@ al Mamm sot Sky News : " All Minutt bréngt eng Ambulanz Kierperen . Proppert Waasser ass knapp . D ' Mini @-@ Mäert sinn iwwerall geplëmmt ginn " . De Jan Gelfand , Chef vum Internationale Roude Kräiz an Indonesien , sot CNN : " D ' Indonesescht Rout Kräiz mécht séier fir den Iwwerliewenden ze hëllefen , mä mer wësse net wat mer do fanne wäerten . Et ass schonn eng Tragödie , mä et kéint nach vill méi schlëmm ginn " . De President vun Indonesien , de Joko Widodo , ass e Sonnden zu Palu ukomm a sot dem Militär vum Land : " Ech bieden Iech all fir Daach a Nuecht ze schaffen fir är Aufgaben am Kader vun der Evakuatioun ofzeschléissen . Sidd der prett ? " beriicht CNN . Indonesien war ufangs dëst Joer vun Äerdbiewen zu Lombok , an dem méi wéi 550 Leit gestuerwe sinn , getraff ginn . Mikronesien Fliger Ofgestierzt : Air Niugini seet elo , datt ee Mann verschwonnen ass no Fligeraccident an Lagun D ' Fluchgesellschaft déi e Fluch duerchgeféiert hunn den an eng Pazifesch Lagun a Mikronesien ofgestierzt ass seet elo , datt ee Mann verschwonnen ass , nodeems virdru gesot gouf , datt all 47 Passagéier an d ' Crew sécher vum Fliger , den am Gaang war ze senken , evakuéiert goufen . Air Niugini sot an enger ëffentlecher Ausso , datt se säit dem Samschden Nomëtten net kënne fir ee männleche Passagéier opkommen . D ' Fluchgesellschaft sot , datt se mat lokale Agence , Spideeler an Enquêteure schaffe fir ze probéieren de Mann ze fannen . D ' Fluchgesellschaft huet net direkt op Nofroen fir méi Detailer iwwert de Passagéier , wéi säin Alter oder seng Nationalitéit , geäntwert . Lokal Booter hu gehollef aner Passagéier an d ' Crew ze retten nodeems de Fliger um Waasser opkomm ass wéi probéiert gouf um Chuuk Island Fluchhafen ze landen . D ' Agence soten e Freiden , datt siwe Leit an d ' Spidol bruecht goufen . D ' Fluchgesellschaft sot , datt sechs Passagéier e Samschde nach am Spidol bleiwe wäerten , an , datt all an engem stabillen Zoustand sinn . D ' Ursaach vum Accident an den exakten Oflaf vum Fait bleift onkloer . D ' Fluchgesellschaft an d ' U.S. Navy soten béid , datt de Fliger an der Lagun , net wäit vun der Pist , gelant ass . E puer Zeien hate geduecht , datt de Fliger iwwert d ' Pist eraus gaangen ass . Den Amerikanesche Passagéier Bill Jaynes sot , datt de Fliger ganz déif ugesat hat . " Dat ass eng extrem gutt Saach " , sot den Jaynes . Den Jaynes sot , datt hien an anerer et fäerdeg bruecht hunn , duerch d ' Waasser , dat bis bei d ' Hëfte gaangen ass , bis bei d ' Sécherheetsausgäng um Fliger , den am Gaang mat senke war , ze waten Hie sot , d ' Stewardessen hätte panikéiert a gejaut an , datt hien eng kléng Wonn um Kapp erlidden hätt . D ' U.S. Navy sot , datt Séimänner déi no bei u Verbesserunge vun enger Werft geschafft hunn , hunn och bei der Rettung gehollef andeems se opblosbar Booter benotzt hu fir Leit u Land ze bréngen éier de Fliger an ongeféier 30 Meter ( 100 Féiss ) déift Waasser ënnergaangen ass . Donnéeë vum Fluchsécherheet Netzwierk hunn uginn , datt an de leschten zwee Joerzéngten 111 Leit gestuerwe sinn an Accidenter vu PNG @-@ registréierte Fluchgesellschaften , mä keen dovu war a Relatioun mat Air Niugini . Analyst retracéiert d ' Zäitspan vun der Nuecht an deier eng Fra lieweg verbrannt gouf . D ' Strofverfolgung huet e Samschden d ' Erklärung vun hirem Fall ofgeschloss an enger zweeter Enquête vun engem Mann , den accuséiert gëtt 2014 eng Mississippi Fra lieweg verbrannt ze hunn . Den US- Den Analyst Paul Rowlett vum Department of Justice huet stonnelaang als Expertzeien am Beräich vun der Intelligenzanalys ausgesot Hien huet fir d ' Jury retracéiert wéi en Handysdonnéeë benotzt huet fir d ' Beweegung vum 29 Joer alen Ugekloten Quinton Tellis an dem 19 Joer alen Affer Jessica Chambers an der Nuecht wou et gestuerwen ass zesummenzesëtzen . De Rowlett sot , datt hien Standuertdonnéeë vu villen Handysoperateuren krut , déi gewisen hunn , datt den Tellis um Owend vu sengem Dout mam Chambers war , wat sengen Aussoe vun éinescht widdersprécht , beriicht The Clarion Ledger . Wéi d ' Donnéeë gewisen hunn , datt säin Handy mam Chambers sengem war zur Zäit wou hie sot , datt hie mat sengem Frënd Michael Sanford war , ass d ' Police mam Sandford schwätze gaangen . De Sandford huet e Samschden ausgesot , a behaapt hie wier deen Daach net an der Stad gewiescht . Wéi d ' Enquêteuren gefrot hunn ob den Tellis géing d ' Wourecht soen wann e seet , datt hien déi Nuecht am Sandford sengem Truck gewiescht wär , sot de Sandford , datt hie géing " léien , well mäin Truck war zu Nashville " . Eng aner Ongereimtheet war , datt den Tellis gesot huet , datt hien d ' Chambers säit ongeféier zwou Woche kannt hätt wéi et gestuerwen ass . Handysdonnéeë hu gewisen , datt si sech just säit enger Woch kennen . De Rowlett sot , datt den Tellis no enger Zäit nom Chambers sengem Dout SMSen , Uriff an Kontaktinformatioune vum Chambers vu sengem Handy geläscht hätt . " Hien huet hat aus sengem Liewe geläscht " , sot den Hale . Et ass geplangt , datt d ' Verdeedegung e Sonnden ufänkt hir lescht Argumenter ze ginn . De Riichter sot hien erwaart , datt de Prozess mi spéit deen Daach bei de Jury geet . The High Breed Wat ass bewossten Hip Hop ? En Hip Hop Trio wëll d ' negatiivt Bild vum Genre erausfuerderen andeems se hir Musek mat positive Message fëllen . The High Breed , vu Bristol , behaapten , datt den Hip Hop vu sengen Origine vu politesche Messagen an d ' Léise vu soziale Problemer fortgaangen ass . Si wëllen zeréck bei d ' Wuerzele goen a bewossten Hip Hop erëm beléift maachen . Kënschtler wéi The Fugees an Common si rezent nees beléift ginn an der UK wéinst Kënschtler wéi Akala a Lowkey . Nach e Schwaarzen ? ! NY Kannermeedchen verklot Koppel wéinst Entloossung no enger " rassistescher " SMS E New Yorker Kannermeedchen verklot eng Koppel fir eng diskriminéierend Entloossung nodeems et eng falsch adresséiert SMS vun der Mamm krut , déi sech beschwéiert , datt et " nach e Schwaarzt " wier . D ' Koppel bestreit , datt se rassistesch wieren , a vergläichen d ' Plainte mat " Erpressung " D ' Lynsey Plasco @-@ Flaxman , eng Mamm vun zwee , huet Entsetzen ausgedréckt wéi et erausfonnt huet , datt déi nei Kannerbetreiung , d ' Giselle Maurice , schwaarz wier wéi et fir säin éischte Schaffdag am Joer 2016 ukomm ass . " NEEEEEEEEEEE NACH E SCHWAARZT " , huet d ' Madamm Plasco @-@ Flaxman hirem Mann an enger SMS geschriwwen . Mä , amplaz et u säi Mann ze schécken , huet et se un d ' Madamm Maurice geschéckt , zwee mol . Nodeems se de Fauxpas bemierkt huet , huet eng " onwuel " Plasco @-@ Flaxman d ' Madamm Maurice entlooss , an huet erkläert , datt d ' Kannermeedchen dat grad gaangen ass , en Afrikanescht @-@ Amerikanescht , schlecht Aarbecht geleescht huet an , datt et amplaz e Filipino erwaart hätt , der New York Post no . D ' Madamm Maurice gouf fir hiren een Aarbechtsdag bezuelt a gouf da mat engem Uber heemgeschéckt . Elo verklot d ' Maurice d ' Koppel fir eng Kompensatioun vun der Entloossung ze kréien , an erwaart eng Kompensatioun vun ongeféier $ 350 pro Daach fir den Job vu 6 Méint , fir deen et am Haus gelieft hätt , fir deen et ufangs agestallt gouf , mä ouni Kontrakt . " Ech wëll hinne weisen , kuck , sou eppes mécht ee net " , sot hat e Freiden der Post , an huet beigefügt " ech weess , datt et Diskriminatioun ass " . D ' Koppel huet géint d ' Behaaptungen , datt se rassistesch wären , zeréckgeschloe , a soten , datt et déi vernënfteg Entscheedung war , dem Maurice seng Astellung ofzebriechen , mat der Angscht , datt se him net vertraue kënnen nodeems se et beleidegt hunn . " Meng Fra huet him eppes geschéckt , wat et net soe wollt . Hat ass kee Rassist . Mer si keng rassistesch Leit " , sot de Mann , Joel Plasco , der Post . Mä géing der är Kanner engem an d ' Hänn ginn , mat dem der frech waart , och wann et e Versinn war ? Äre neigebuerene Baby ? Dajee " . De Plasco sot , wärend en d ' Plainte mat " Erpressung " vergläicht , datt seng Fra eréischt virun zwee Méint e Baby kritt hätt an an enger " ganz schwéierer Situatioun " wier . Géingt der sou enger Persoun sou hannendru lafen ? Dat ass net eng léif Aart a Weis fir ze handelen " , huet den Investment Banker beigefügt . Wärend de Geriichtsfall nach ëmmer leeft , huet d ' Geriicht vun der ëffentlecher Meenung d ' Koppel séier op de soziale Medien denoncéiert , a se fir hiert Verhalen an hir Logik zerrappt . D ' Paddington Verlager hu gefaart , datt d ' Lieser net kéinten Bezuch hu mat engem Bier dee schwätzt , engem neie Bréif no . Dem Bond seng Duechter Karen Jankel , dat kuerz nodeems d ' Buch acceptéiert gouf gebuer gouf , sot vum Bréif : " Et ass schwéier fir sech an d ' Lag ze versetze vun engem deen et fiert d " Éischt liest éier et verëffentlecht gëtt . Et ass ganz amüsant fir elo ze wëssen wat mer iwwert dem Paddington säi Succès wëssen " . Et sot , datt säi Papp , deen als BBC Kameramann geschafft hat éier e vun engem klengen Teddybier inspiréiert gouf fir d ' Kannerbuch ze schreiwen , rose gewiescht wier , wa säi Wierk net acceptéiert gi wier , a sot dobäi , datt de 60 . Gebuertsdag vun de Bicher " batterséiss " wier no sengem Dout lescht Joer . Iwwert de Paddington , deen et als " ganz wichtegen Familljemember " beschreift , seet et , datt säi Papp roueg stolz op säi spéidere Succès war . " Hie war e ganz rouege mann , an hie war keng Persoun déi sech gebretzt huet " , sot et . " Mä well de Paddington sou reell fir hie war , war et e bëssen esou wéi wann een e Kannt hätt dat eppes erreecht : et ass ee wierklech stolz op se och wann et net engem säin eegent Schaffen ass . Ech mengen hien huet dem Paddington säi Succès e bëssen an déi Richtung gesinn . Och wann et seng Kreatioun a seng Imaginatioun war , huet hien ëmmer dem Paddington selwer de Verdéngscht zougeschriwwen " . Meng Duechter war am Gaang mat stierwen an ech misst iwwert den Telefon Äddi soen No der Landung ass seng Duechter an d ' Louis Pasteur 2 Spidol zu Nice bruecht ginn , wou d ' Dokteren ouni Succès probéiert hunn säi Liewen ze retten . " De Nad huet oft ugeruff fir ze soen , datt et ganz schlecht ausgesi géing , datt net géing erwaart ginn , datt et et packe wäert " , sot d ' Madamm Ednan @-@ Laperouse . " Dunn krut ech vum Nad ugeruff fir ze soen , datt et an de nächsten zwou Minutte stierwe géing an , datt ech em misst Äddi soen . An dat hunn ech gemaach . Ech sot , " Tashi , ech hunn dech esou gären , mäi Léift . Ech si gläich bei der . Ech wäert mat der sinn . D ' Medikamenter déi d ' Dokteren em ginn hunn fir säin Häerz um Schloen ze halen hu lues a lues ofgewierkt a säi System verlooss . Et war kuerz virdru gestuerwen an dat do war just de Schluss . Ech misst einfach do sëtzen a waarden , mam Wëssen , datt all dat doten grad geschitt . Ech konnt net bierelen oder jäizen oder kräischen well ech an enger Situatioun mat Familljen a Leit war . Ech misst mech wierklech zesumme rappen " . Schlussendlech huet d ' Madamm Ednan @-@ Laperouse , dee Moment um Trauere wéinst dem Verloscht vun hirer Duechter , misse mat den anere Passagéier - ouni Wëssen wat se misst duerchmaachen - an de Fliger klammen . " Kee wousst eppes " , sot se . " Ech hat mäi Kapp gesenkt , an d ' Tréine sinn andauernd gefall . Et ass schwéier fir ze erklären , mä um Fluch hunn ech eng immens grouss Sympathie fir de Nad gespuert . Dass hie meng Léift a mäi Verständnis braucht . Ech wousst wéi vill hien hat gär hat . Fraen an Trauer schécke Kaarten fir Selbstmorden op Bréck ze verhënneren Zwou Fraen déi Leit déi se gär haten wéinst Selbstmord verluer hunn schaffe fir anerer dovun ofzehalen hiert eegent Liewen ze huelen . D ' Sharon Davis an d ' Kelly Humphreys hu Kaarten mat inspiréierende Messagen an Telefonsnummeren , déi Leit kënnen uruffe fir Ënnerstëtzung ze kréien , béi eng Walisesch Bréck geschéckt . Der Madamm Davis hire Jong Tyler war 13 Joer al wéi hien ugefaangen huet un Depressiounen ze leiden an huet sech mat 18 Joer d ' Liewe geholl . Ech well net , datt iergendwellech Eltere mussen fille wat ech all Daach fillen " , sot et . D ' Madamm Davis , 45 Joer al , dat zu Lydney lieft , sot , datt hire Jong e villverspriechende Kach mat engem ustiechende Grinse war . " Jiddereen huet e wéinst sengem Grinse kannt . Si soten ëmmer säi Laache géing egal wéie Raum ustiechen " . Mä , hien huet säin Job verlooss éier e gestuerwen ass , well en " op enger däischterer Plaz " war . 2014 war et dem Tyler säi Brudder , deen 11 Joer al war zu deem Moment , dee säi Geschwësterdeel fonnt huet nodeems e sech d ' Liewe geholl huet . D ' Madamm Davis sot : " Ech maache mer andauernd suergen , datt dat Konsequenze wäert hunn " . D ' Madamm Davis huet d ' Kaarte gemaach , " fir de Leit Bescheed ze soen , datt et Leit ginn dobaussen bei déi ee ka goen a mat deenen ee ka schwätzen , och wann et e Frënd ass . Sëtz net am Rouegen - du muss schwätzen " . D ' Madamm Humphreys , déi säit Jore mat der Madamm Davies befrënnt ass , huet de Mark , hire Partner vu 15 Joer verluer , net laang nom Dout vun hirer Mamm . Hie sot net , datt e sech schlecht oder depressiv oder sou géing fillen " , sot et . " E puer Deeg viru Chrëschtdag hu mer gemierkt , datt e sech anescht géing verhalen . Chrëschtdag war hien um Enn - wéi d ' Kanner hir Kaddoen opgemaach hunn huet en hinne net an d ' Aen gekuckt oder sou " . Et sot , datt säin Dout e groussen Trauma fir se war , mä , datt se domat eens musse ginn : " Et rappt e Lach duerch d ' ganz Famill . Et rappt eis auserneen . Mä mer mussen all weider maachen a kämpfen . Falls du Schwieregkeeten hues fir eens ze ginn , da kanns du gratis d ' Samariter uruffen op 116 123 ( UK an Irland ) , eng E @-@ Mail un @ samaritans.org schécken , oder d ' Samariter Website hei besichen . Dem Brett Kavanaugh seng Zukunft hänkt an engem onstabille Gläichgewiicht wärend den FBI hir Enquête ufänkt " Ech hu geduecht , wa mer wierklech kéinte sou eppes kréie wéi dat wat e gefrot huet - eng zäitbegrenzten Enquête , mat begrenztem Ëmfang - da kéinte mer villäicht e bëssen Eenheet erreechen " , sot den Här Flake e Samschden , an huet beigefügt , datt hien Angscht hätt , datt de Comité géing " ausernee falen " an engem verschanzten Partisane Stëllstand . Firwat wollten den Här Kavanaugh an seng Republikanesch Ënnerstëtzer net , datt den FBI ermëttelt ? Hire Widderwëllen huet komplett mam Zäitpunkt ze dinn . D ' Midterm Wahlen si nëmme fënnef Woche fort , de 6 . November - falls , wéi erwaart , d ' Republikaner schlecht Resultater kréien , da wäerte se staark geschwächt sinn an hire Versich fir de Mann dee se wëllen an dat héchste Geriicht am Land gewielt ze kréien . Den George W. Bush huet den Telefon geholl an d ' Senateuren ugeruff , fir se ze lobbyen fir den hàr Kavanaugh ze ënnerstëtzen , deen am Wäissen Haus fir den Här Bush geschafft huet an duerch hien seng Fra , d ' Ashley , getraff huet , wat dem Här Bush seng perséinlech Sekretärin war . Wat geschitt nodeems den FBI hire Bericht produzéieren ? Et wäert eng Wal am Senat ginn , wou am Moment 51 Republikaner an 49 Demokraten sëtzen . Et ass nach ëmmer net kloer ob den Här Kavanaugh kann op mannst 50 Wahle am Senat kréien , wat dem Mike Pence , de Vize @-@ President , géing erlaben e Gläichstand ze iwwerkommen an en an de Supreme Court anzeschwieren . Nord Korea Iwwerleeferzuelen " falen " ënnert dem Kim D ' Zuel vun Iwwerleefer aus Nord Korea a Richtung Südkorea si gefall säit de Kim Jong @-@ un viru siwe Joer un d ' Muecht komm ass , sou seet e Südkoreanesche Gesetzgeber . De Park Byeong @-@ seug huet Donnéeë vum Vereenegungsministère am Süden zitéiert a sot , datt et lescht Joer 1,127 Iwwerleefer gouf - am Verglach zu 2,706 am Joer 2011 . Den Här Park sot , datt streng Grenzkontrollen tëschent Nordkorea a China a gréisser Käschte vu Mënscheschmuggler eng grouss Roll géinge spillen . Pyongyang huet keng ëffentlech Kommentare ginn . De Groussdeel vun den Iwwerleefer aus dem Norden kréien schlussendlech eng Südkoreanesch Staatsugehéieregkeet offréiert . Seoul seet , datt , säit dem Koreanesche Krich am Joer 1953 , méi wéi 30.000 Nordkoreaner illegal d ' Grenz iwwerschratt hunn . Déi meescht flüchten iwwer China , wat déi längste Grenz mat Nordkorea hunn an déi méi einfach ze iwwerschreiden ass wéi déi staark verdeedegt Demilitariséiert Zone ( DMZ ) tëschent den zwee Koreaen . China gesäit d ' Iwwerleefer éischter als illegal Migranten wéi als Flüchtlingen an schéckt se oft gewaltsam zeréck an hiert Land . D ' Verhältnisser tëschent Nord- a Südkorea - déi technesch gesinn nach ëmmer Krich géintenee féieren - hu sech an de leschte Méint staark verbessert . Ufangs dëse Mount hunn d ' Leadere vun den zwee Länner sech zu Pyongyang getraff fir Gespréicher iwwert déi gestoppten Denukleariséierungsverhandlungen ze féieren . Dëst ass no dem historeschen Treffen am Juni tëschent dem US President Donald Trump an dem Kim Jong @-@ un a Singapur , wou se sech generell eens gi sinn , datt se fir eng nuklearfräi Koreanesch Hallefinsel schaffe sollen . Mä de Samschden huet de Nordkoreaneschen Ausseminister Ri Yong @-@ ho den US Sanktioune fir de Mangel u Progrès säit deem d ' Schold ginn . " Ouni Vertrauen an d ' U.S.A wäert et kee Selbstvertrauen an eis national Sécherheet ginn an ënnert dësen Zoustänn wäert et onméigleg sinn , datt mer eis fir d ' éischt unilateral entwaffnen " , sot den Här Ri an enger Ried un d ' UNO Generalversammlung zu New York . D ' Nancy Pelosi nennt de Brett Kavanaugh " hysteresch " a seet , datt hien net gëeegent ass fir am Supreme Court ze déngen . D ' House Minority Leader Nancy Pelosi huet de Nominéierte fir de Supreme Court Brett Kavanaugh " hysteresch " genannt a seet , datt hien a sengem Temperament net gëeegent wier fir am Supreme Court ze déngen . D ' Pelosi huet d ' Kommentaren de Samschden an engem Interview um Texas Tribune Festival zu Austin , Texas ginn . " Ech konnt net anescht wéi ze denken , datt wann eng Fra je esou gehandelt hätt , da géinge se " hysteresch " soen " , sot d ' Pelosi iwwert seng Reaktioun zum Kavanaugh senger Ausso virum Senate Judiciary Committee en Donneschden . De Kavanaugh huet d ' Behaaptungen , datt hien d ' Dr. Christine Blasey Ford sexuell ugegraff hätt wéi se allen zwee Jugendlecher waren emotional bestridden . Wärend sengem aféieren Statement war de Kavanaugh ganz emotional , deelweis huet e gejaut oder sech verschléckt wärend e seng Famill a seng High School Jore beschwat huet . Hien huet och explizit d ' Demokraten am Comité veruerteelt an huet d ' Behaaptunge géint hien eng " grotesk a koordinéiert Rufmordcampagne " genannt , déi vun Liberalen organiséiert gouf , déi rose waren , datt d ' Hillary Clinton d ' Präsidentschaftswahlen vun 2016 verluer huet . D ' Pelosi sot , datt hat gleeft , datt dem Kavanaugh seng Aussoen bewisen hunn , datt hie net kéint am Supreme Court déngen , well et weist , datt hie géint d ' Demokrate gestëmmt ass . " Ech denken , datt hie sech mat dësen Aussoen a senger Aart a Weis wéi hien géint d ' Clintons an d ' Demokrate gehetzt huet selwer disqualifizéiert huet " , sot hat . D ' Pelosi huet Bedenke geäussert wéi et gefrot gouf ob et géing probéieren de Kavanaugh unzekloen falls e géing ageschwuer ginn , an ob d ' Demokraten d ' Majoritéit am House of Representatives géinge gewannen . " Ech soe just dat hei - falls hien dem Kongress oder dem FBI net d ' Wourecht seet , dann ass hien net nëmme net gëeegent fir am Supreme Court ze sinn , mä och fir am Geriicht ze sinn wou e grad dran ass " , sot d ' Pelosi . De Kavanaugh ass am Moment e Riichter am D.C. Circuit Court of Appeals . D ' Pelosi huet beigefügt , datt hat , als Demokratin , besuergt wär wéinst dem Kavanaugh seng potenziell Entscheedungen géint den Affordable Care Act oder Roe v. Wade , well hien als konservativ Gerechtegkeet ugesi gëtt . A senger Unhéierung ass de Kavanaugh Froen iwwert d ' Méiglechkeet , datt hie géing gewëss Supreme Court Entscheedungen stierzen , aus dem Wee gaangen . " Et ass net d ' Zäit fir eng hysteresch , parteiesch Persoun an d ' Geriicht ze huelen an dann ze erwaarden datt mer soen " ass dat net wonnerbar " , sot d ' Pelosi . An d ' Frae Mussen et Ausüben . Et ass eng gerecht Hetzried , Méint a Joren vu Roserei déi iwwerschwappt , an hat kritt et net eraus ouni ze kräischen . " Mer kräischen wa mer rose ginn " , sot mer d ' Madamm Steinem 45 Joer mi spéit . " Ech fannen dat net ongewéinlech , du net ? " Si fiert weider , " Ech krut vill vun enger Fra gehollef , déi eng Féierungskraaft war iergendwou , wou sot , datt si och géing kräischen wa se rose gëtt , mä , datt se eng Technik entwéckelt , wat bedeit , datt wa se rose gëtt an ufänkt mat kräischen , se dann zu der Persoun mat deier se schwätzt seet , " Du mengs villäicht , datt ech traue sinn well ech kräischen . Ech si rosen " . An dann huet se einfach weider gemaach . An ech hu fonnt dat wär brillant " . Tréine sinn deelweis erlaabt als Ventil fir Roserei well se grondsätzlech falsch verstane ginn . Eng vu menge schäerfsten Erënnerungen vun engem fréieren Job , an engem haaptsächlech männleche Büro , wou ech enker mat onbeschreiflecher Roserei gekrasch hunn , war , datt eng eeler Fra mech um Kolli geholl huet - e kale Manager virun dem ech ëmmer e bëssen Angscht hat - a mech an eng Trap gezunn huet . " Looss se dech ni kräische gesinn " , sot et mer . " Si wësse net , datt de rose bass . Si mengen du wiers traureg a wäerte frou sinn , datt se dech kruten " . D ' Patricia Schroeder , deemools eng Demokratesch Kongressfra aus Colorado , hat mam Gary Hart geschafft wéi e Präsidentschaftskandidat war . Am Joer 1987 , wéi den Här Hart an enger ausserehelecher Affär op engem Boot mam Numm Monkey Business erwëscht gouf an aus der Course gaangen ass , huet d ' Madamm Schroeder , mat grousser Frustratioun , geduecht , datt et net weider iwwert d ' Iddi fir selwer Presidentschaftskandidat ze ginn nodenke soll . " Et war keng gutt duerchduechten Entscheedung " , sot et mer mat engem Laachen 30 Joer duerno . " Et ware schonn siwen aner Kandidaten an der Course , an dat lescht wat se gebraucht hu war nach en aneren . Een huet et " Schneewittchen an d ' Siwen Zwerge genannt " . " Well et scho spéit an der Campagne war , war et hannendrun mam Spende @-@ Sammelen , also huet et geschwuer , datt et net géing an d ' Course aklammen , ausser et sammelt $ 2 Milliounen . Et war e Kampf dee scho verluer war . Hat huet erausfonnt , datt e puer vu sengen Ënnerstëtzer , déi Männer $ 1000 ginn hunn , him just $ 250 ginn . Menge si ech géing eng Remise kréien ? " huet et sech gefrot . Wéi et seng Ried gehalen huet an annoncéiert huet , datt et keng formell Campagne géing starten , war et sou iwwerrannt vu Gefiller - Dankbarkeet fir d ' Leit déi hat géingen ënnerstëtzen , Frustratioun mam System den et sou schwéier mécht fir Suen ze sammelen a fir Wieler a net Delegéierter unzezielen , a Roserei géint Sexismus - datt et him d ' Stëmm verschloen huet . " Et kéint ee mengen , datt ech e Nervenzesummebroch hat " , erënnert sech d ' Madamm Schroeder iwwert der Press hir Reaktioun op hat . " Et hätt ee geduecht , datt Kleenex mäi korporative Sponsor war . Ech erënnere mech drun , datt ech geduecht hunn , wat wäerte se op mäi Graf schreiwen ? Hat huet gekrasch " ? " " Wéi den US @-@ China Handelskrich gutt fir Beijing kéint sinn . Déi éischt Salven vum Handelskrich tëschent den USA a China hunn een daf gemaach , an och wann de Kampf nach laang net eriwwer ass , kéint e Broch tëschent de Länner laangfristeg virdeelhaft fir Beijing sinn , soen Experten . Den Donald Trump , den President vun den USA , huet déi éischt Warnungen ufangs dëst Joer ofgeschoss andeems e wichteg Chinesesch Exporter besteiert huet , wei z.B. Solarzellen , Stol an Aluminium . Déi bedeitendst Eskalatioun war dës Woch mat neien Tariffer déi Objeten am Wäert vun $ 200 Milliarden ( £ 150 Milliarden ) getraff hunn , sou datt am Endeffekt d ' Halschent vun de Gidder déi aus China an d ' US kommen besteiert goufen . Beijing huet all kéiers zeréckgeschloen , an huet rezent Tariffer op fënnef bis zéng Prozent op Amerikanesch Gidder am Wäert vu $ 60 Milliarde gesat . China huet geschwuer , datt se de Schoss @-@ fir @-@ Schoss vun den USA wäert matmaachen , an déi zweetgréisste Wirtschaft vun der Welt wäert net sou séier en An zoudrécken . Wa se wéilten Washington dozou kréien opzehalen , da misste se op Demanden agoen , mä sech ëffentlech kleng maache virun den USA wär eng ze grouss Blamage fir den Xi Jinping , de President vu China . Mä , d ' Experte soen , datt wa Beijing déi richteg Entscheedungen trëfft , kéint den Drock vun den USA am Handelskrich China laangfristeg positiv ënnerstëtzen well et d ' Verflechtung vun den zwou Wirtschafte méi kleng géing maachen . " De Fait , datt eng séier politesch Entscheedung entweder zu Washington oder Beijing kéint d ' Zoustänn schafen déi e wirtschaftleche Strudel an den zwee Länner kéint ausléisen ass am Endeffekt vill méi geféierlech wéi d ' Spectateure bis elo erkannt hunn " , sot d ' Abigail Grace , e wëssenschaftlech Mataarbechterin fir de Think Tank Center of New American dat sech op Asien konzentréiert . Syrien ass " prett " fir Flüchtlingen , déi zeréckkommen , seet den Ausseminister Syrien seet , datt se prett wäre fir déi Flüchtlingen déi zeréck wëllen a freet no Hëllef fir d ' Land dat vun engem méi wéi siwejärege Krich zerstéiert gouf erëm opzebauen . An enger Ried fir d ' Generalversammlung vun de Vereente Natiounen sot den Ausseminister Walid al @-@ Moualem , datt d ' Zoustänn am Land géinge besser ginn . " Haut ass d ' Situatioun um Buedem méi stabil a sécher dank dem Progrès am Kampf géint den Terrorismus " , sot en . D ' Regierung baut weiderhin d ' Géigenden déi vun Terroristen zerstéiert goufen erëm op fir erëm Normalitéit hierzestellen . All d ' Bedingung sinn elo getraff fir , datt déi Flüchtlingen déi erëm an d ' Land zeréck wëllen an déi misste flüchte wéinst Terrorismus an den unilaterale wirtschaftleche Moossnamen déi hiren Alldag an hir Liewenssituatioun beaflosst hunn , zeréckkomme kënnen . D ' UNO schätzt , datt méi wéi 5.5 Millioune Syrer aus dem Land geflücht sinn säit de Krich am Joer 2011 ugefaangen huet . Et si nach sechs Millioune Leit déi am Land liewen an déi humanitär Hëllef brauchen . Den Al @-@ Moualem sot d ' Syresch Regierung wär frou iwwer Hëllef fir dat zerstéiert Land erëm opzebauen . Mä hien huet betount , datt si keng bedéngten Hëllef oder Hëllef vu Länner déi den Opstand gesponsert hunn géingen akzeptéieren . Europa schléisst of mat Ryder Cup Victoire zu Paräis D ' Team Europa huet den 2018 Ryder Cup gewonne wéi se d ' Team USA mat engem Resultat vu 16.5 zu 10.5 zu Le Golf National ausserhalb vu Paräis , Frankreich besiegt hunn . D ' USA hunn elo sechs mol hannerteneen op Europäeschem Buedem verluer an hu kee Ryder Cup an Europa säit 1993 gewonnen . Europa huet sech d ' Kroun zeréckgeholl wéi dem Dänesche Kapitän säin Team d " 14.5 Punkten déi néideg ware fir d ' Vereenegt Staaten ze besiegen . Den US Star Phil Mickelson , deen de Groussdeel vum Turnéier Problemer hat , huet säin Tee @-@ Shot an d ' Waasser geschoss um par @-@ 3 vum 16 . Lach , a soumat säi Match géint de Francesco Molinari verluer . Den Italienesche Golfer Molinari war an all senge Ronnen exzellent , an ass 1 vun de 4 Spiller ginn déi jee e 5 @-@ 0 @-@ 0 haten säit dem Turnéier 1979 déi heite Form krut . Den Amerikaner Jordan Spieth gouf mat 5 & 4 vum schlechtste Spiller op der Ranglëscht vum Europäeschen Team , den Thorbjorn Olesen aus Dänemark , erausgeheit . De bescht placéierte Spiller vun der Welt , den Dustin Johnson , ass 2 an 1 géint den Ian Poulter aus England , dee villäicht säi leschte Ryder Cup gespillt huet , gefall . De Spuenier Sergio Garcia , e Veteran vun aacht Ryder Cups , ass mat 25.5 als Carrièrespunkt den Europäer mat de meeschte Victoiren vun allen Zäite vum Turnéier ginn . " Ech kräische normalerweis net mä haut kann ech net anescht . Et war e schwéiert Joer . Ech si sou dankbar géigeniwwer dem Thomas , datt e mech matgeholl huet an u mech gegleeft huet . Ech sinn esou frou , esou frou fir d ' Coupe nees ze hunn . Et geet em d ' Team . , an ech si frou , datt ech konnt hëllefen " , sot den emotionale Garcia no der Europäescher Victoire . Hie gëtt d ' Fakel u säi Landeskoleeg , den John Ram , deen d ' US Legend Tiger Woods 2 & 1 am Singles Spill e Sonnden besiegt huet . " Den onheemleche Stolz deen ech fillen , fir den Tiger Woods ze besiegen , ech hunn hie gekuckt wéi ech opgewuess sinn " , sot den 23 Joer ale Rahm . De Woods huet alle véier vu senge Matcher zu Frankräich verluer an huet elo e Carrièresrekord vun 13 @-@ 21 @-@ 3 am Ryder Cup . Eng komesch Statistik fir ee vun de beschte Spiller vun allen Zäiten , deen 14 gréisser Titelen als zweeten nom Jack Nicklaus gewonnen huet . D ' Team USA hat de ganze Weekend Problemer fir Fairways ze fannen , mat der Ausnam vum Patrick Reed , Justin Thomas an Tony Finau , déi d ' ganzt Turnéier iwwer Golf op engem héije Niveau gespillt hunn . Den US Kapitän Jim Furyk huet no der enttäuschender Leeschtung fir säi Squad geschwat , " Ech si stolz op déi Jongen , si hu gekämpft . Et gouf Momenter de Mueren wou mer Europa eist Feier gewisen hunn . Mer hu gekämpft . Chapeau fir den Thomas . Hien ass e ganz gudde Kapitän . Allen 12 vu senge Spiller hu ganz gutt gespillt . Mer wäerten eis erëm gruppéieren , ech wäert mam PGA vun Amerika an eisem Ryder Cup Comité schwätzen a mer wäerte weidermaachen . Ech hunn déi 12 Jonge gären an ech si stolz hire Kapitän ze sinn . Et muss een seng Mutz ausdoen . Mer goufen iwwertraff " . Red Tide Update : Konzentratioune verréngere sech a Pinellas , Manatee a Sarasota De neiste Bericht vun der Florida Fish and Wildlife Commission wéisst , datt an der Tampa Bay Géigend d ' Red Tide Konzentratioune sech allgemeng verréngeren . Dem FWC no gëtt bericht , datt et méi lückenhaft Bléibedéngungen an der Géigend vun de Bezirker Pinellas , Manatee , Sarasota , Charlotte an Collier gëtt - wat op Konzentratiounen hiweist , déi sech verréngeren . Eng Bléi vun der Red Tide zitt sech ongeféier 130 Meilen laanscht d ' Küst vum nërdleche Pinellas bis bei d ' südlech Lee Bezirker . Patche kënnen ongeféier 10 Meilen vun der Küst vum Hillsborough Bezirk fonnt ginn , mä op manner Plazen am Verglach zu der leschter Woch . D ' Red Tide ass och am Pasco Bezirk gesi ginn . Mëttelméisseg Konzentratiounen op oder fort vun der Küst vum Pinellas Bezirk sinn an der leschter Woch bericht ginn , déif bis héich Konzentratiounen fort vun der Küst vum Hillsborough Bezirk , déif bis héich Konzentratiounen am Manatee Bezirk , déif bis héich Konzentratiounen op oder fort vun der Küst vum Sarasota Bezirk , déif oder mëttelméisseg Konzentratiounen am Charlotte Bezirk , déif oder héich Konzentratiounen op der fort vun der Küst vum Lee Bezirk an déif Konzentratiounen am Collier Bezirk . Otemproblemer gi nach ëmmer an de Bezirker Pinellas , Manatee , Sarasota , Lee a Collier bericht . Et goufen an der leschter Woch keng Otemproblemer am Nordweste vu Florida bericht .